Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – d’Fanta Véier an hiren éischte Spillschoul-Concert
speed dating london 35 45 Neiegkeeten

https://moien.lu/dating-issues-advice/

Den däitschsproochegen Hip Hop Grupp ëm den Thomas D., Michi

https://moien.lu/dating-site-in-africa/
speed dating london 35 45 Neiegkeeten

Eng flott sportlech Rentrée fir d‘Damme vum SC Beetebuerg

De Summer ass elo „Geschicht“ a wa vu „Rentrée“ rieds

Editorial: wann der de Schnéi Angscht mécht bleif vun der Strooss!
speed dating london 35 45 Neiegkeeten

Editorial: wann der de Schnéi Angscht mécht bleif vun der Strooss!

Et gëtt Mënschen, deenen een och mam allergréisste Versteesdemech net

Ass Teheran géintiwwer Verhandlunge mat Washington opgeschloss?

Ass Teheran géintiwwer Verhandlunge mat Washington opgeschloss?

Dat d‘Iraner zu Gespréicher mat den USA – ënner bestëmmte Konditiounen – bereet wieren, déi Rumeur ass net nei. Vertraue géintiwwer der Trump-Administratioun, ass zanter dem eesäitege Réckzuch aus dem Atomofkommes zolidd gestéiert. Kënnt et elo awer zu engem Sommet tëscht dem Iran an den USA?

Et ass den iranesche President Hassan Rohani deen den éischte Schratt gemaach huet. Hien huet gëschter verkënnt, datt hie bereet ass Verhandlunge mat Washington opzehuelen. Wann néideg elo direkt. „Fir Verhandlungen si mir ëmmer bereet, och zu dëser Stonn, esouguer elo direkt“, esou den iranesche President. Wat sech no „Entspanung“ unhéiert muss dann allerdéngs relativiséiert ginn.

Esou huet Teheran vill gutt Grënn den Amerikaner ze Mësstrauen, firwat den Hassan Rohani esou Gespréicher mat Konditioune verknäppt. Sollt et Washington eescht gemengt sinn, Verhandlunge mam iranesche Regimm opzehuelen, da missten d‘USA zur Vernonft kommen, hiert aggressiivt Verhalen astellen an d‘Sanktiounen ophiewen. Fuerderungen op déi Washington net wäert agoen.

Gutt gewielten Zäitpunkt

Et ass net fir d‘Éischt, datt d‘Iraner sech fir Gespréicher staark maachen, och wann d‘Konditiounen déi selwecht bliwwe sinn. Am präsente Fall ass et den Zäitpunkt deen den Ënnerscheet mécht. Zum selwechten Ament nämlech, ass den iraneschen Ausseminister Dschawad Sarif zu New York gelant, wou hien e Mëttwoch eng Ried virum UN-Wirtschafts- a -Sozialrot hale soll.

D‘Ausso vum iranesche President an d‘Presenz vum iraneschen Ausseminister zu New York féieren zu Spekulatiounen. „Experten“ – déi sech eigentlech net sollten op Rumeure stëtzen – vermudden, datt den Dschawad Sarif seng Visite notze kéint, fir en Treffe mat den USA ze arrangéieren. Dëse „Sommet“ kéint schonn am September stattfannen. Si maachen dat un der Ausso vum Rohani fest…

Net wierklech en Dementi

Op d‘Rumeuren ugeschwat, huet den iraneschen Ausseminister zu New York d‘Rumeuren entkräft. Et wieren nëmmen Entrevuen am Kontext vun de Vereenten Natioune geplangt. Vu Verhandlungen an engem Sommet am Hiecht wier him näischt bekannt. Ob een ënner bestëmmte Viraussetzungen zu Verhandlunge bereet wier? Déi Fro konnt oder wollt den Dschawad Sarif leider net beäntwerten.

Et ass den Ament och net wierklech einfach. An de leschte Méint huet den Dissens tëscht béiden Natiounen un Intensitéit zougeluecht. D‘Iraner hu rezent eng Spionage-Dron ofgeschoss, an d‘USA beschëllegen d‘Revolutiounsgardisten, am persesche Golf Handelsschëffer „ze behënneren“ firwat Washington seng Präsenz verstäerkt huet an eng international Allianz zu Schutz opstelle wëll.

Den Donald Trump, deen am Fall vu Verhandlungen och d‘Interesse vu Saudiarabien an Israel ze vertrieden hätt – schliisslech sinn dat seng aktuell Alliéiert an der Regioun – wëll d‘Ajatollahe vun der Muecht ewech hunn. Ënner „Verhandlung“ versteet den US-President, datt d‘Teheran ee vun den USA virbereeten Accord bedéngungslos unhuelen an all nuklear Aktivitéiten astelle sollen.

mat indymedia/tlv/nyc

Foto: Iert et zu Gespréicher tëscht dem iranesche President Hassan Rohani an dem Donald Trump komme kann, muss sech d‘Situatioun däitlech entspanen. Mat Sanktiounen eleng kann ee keng Verhandlungen erzwéngen. © Iran Presidential Office

Ähnlech Sujeten Dschawad Sarif, Hassan Rohani, Iran, Teheran, USA, Washington
Nächsten Artikel Virrechten Artikel