Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Chile muss Klimasommet ofginn
International Neiegkeeten

Chile muss Klimasommet ofginn

Wéinst den unhalenden Onrouen am Land huet den chilenesche President

De japanesche Premier trëtt zeréck (Analys)
International Neiegkeeten

De japanesche Premier trëtt zeréck (Analys)

Gutt ee Joer virum offiziellen Enn vu sengem Mandat, huet

Schlechte Beholl méi zolidd bestrofen
International Neiegkeeten

Schlechte Beholl méi zolidd bestrofen

D‘Gaffer déi bei Accidenter och emol gären den Handy an

Ass den Assange a Liewensgefor?

Iwwer 60 Doktere fuerderen d‘Iwwerweisung an e Spidol fir den inhaftéierte Wikileaks-Grënner

Ass den Assange a Liewensgefor?

An engem haut verëffentlechte Bréif un déi britesch Inneministesch, hunn iwwer 60 Dokteren sech fir de Julian Assange agesat. Si fuerderen eng Iwwerweisung vum Héichsécherheetsprisong an eng Universitéitsklinik, wann dem Wikileaks-Grënner säin Dout am Prisong soll verhënnert ginn.

Dem Julian Assange säi Gesondheetszoustand wier extreemst beonrouegend an et géif keng Zäit ze verléieren, esou de Konsortium vun Dokteren aus aacht Länner. Wann de Mann net géif zäitno an e Spidol iwwerfouert ginn, kéint hien am Prisong stierwen. Bei hirem „Avis“ hunn sech d‘Dokteren – eegenen Aussoen no – op Aenzeieberichter vum Geriichtstermin den 21. Oktober, esou wéi op de Rapport vun UN-Berichterstatter Nils Melzer gestëtzt.

Fir d‘Signataire vum Bréif, bestinn erhieflech Zweiwel dorunner, datt de Julien Assange physesch wéi psychesch fit ass, fir d‘Unhéierungen zu der vu Washington gefuerderter Ausliwwerung ze bestoen. Ob déi amtéierend Inneministesch sech op d‘Fuerderunge vun den Dokteren aloosse wëll oder kann ass zur Stonn nach net gewosst. Geséchert ass just, datt sech déi britesch Regierung net mat den Amerikaner wëll uleeën a frou wier dem Julien Assange lass ze ginn.

Dee sëtzt säit Abrëll am Prisong well hie géint Kautiounsoplage verstouss huet. Iert et esou wäit komm war, hat de Julien Assange siwe Joer „Asyl“ an der ecuadorianescher Ambassade kritt, fir enger Ausliwwerung u Schweden ze entgoen, wou hie sech viru Geriicht dem Virworf vu Vergewaltegung ze stellen hätt. Déi schwedesch Justiz huet awer leschten Dënschdeg d‘Poursuitte wéinst maassgeeblecher Vergewaltegung agestallt. An den USA misst sech den Assange wéinst Spionage a Verëffentlechung vu Geheimdokumenter veräntwerten.

Aus dësem einfache Grond verlaangen d‘Amerikaner vun de Briten d‘Ausliwwerung vum Julian Assange. Déi wieren net méi wéi Frou dem Wikileaks-Grënner lass ze ginn, dreet dësen dach Afloss op déi ugestrieften „Handelsbezéiungen“ mat den USA ze huelen. D‘Briten awer brauchen nom Brexit d‘Sécherheet, hir Wirtschaftsleeschtung oprecht erhalen ze kënnen, firwat et gutt Bezéiunge mat Washington braucht. De Ball läit elo bei der britescher Justiz.

mat indymedia/lon

Foto: (Archiv)

Ähnlech Sujeten Ausliwwerung, Gesondheet, Julian Assange, Prisong, Spionage, WikiLeaks
Nächsten Artikel Virrechten Artikel