Schuedsoftware „Wanna Cry“ gräift ëm sech
Um Freidegowend a Samschdegmueren huet et dausende Windows-User op der
Um Freidegowend a Samschdegmueren huet et dausende Windows-User op der
Am Dezember ass et sou wäit: Star Wars Episode VIII:
D’Stad Lëtzebuerg deelt mat, datt am Kader vum Luxtram-Chantier dat
D‘ADR ass entsat iwwert déi nei Entgleisungen, déi den Här Jean Asselborn sech gëschter Owend op der ARD an der Emissioun „Maischberger – die Woche“ geleescht huet. Et ass schwéier, wann net onméiglech deen Niveau nach ze ënnerbidden, op deem hien zanter laange Joren, an dat och nach am Numm vun eisem Land, enger Internationaler Perséinlechkeet no där anerer Frechheete mécht.
Gëschter Owend huet hien dunn esouguer och nach dat ganzt éisträichescht Vollek ugegraff, dat, senger Meenung no „an der Géigend géif jodelen“ amplaz de Migranten ze hëllefen.
Wéinst dem Här Asselborn senge rezenten Aussoen zu de Friddensustrengungen am Noen Osten a senge primitive Bemierkungen iwwert den éisträichesche Bundeskanzler, den Här Sebastian Kurz, hat d‘ADR schon eng Aktualitéitsstonn an der Chamber ugefrot. Si soll, der ADR hirer Iwwerzeegung no, esou séier wéi méiglech, also schonn den 22. September op d‘Dagesuerdnung vun der Chamber kommen.
Leider sinn déi rezent Aussoe vum Här Asselborn, mat deenen hien net nëmmen sech selwer, mee d‘Lëtzebuerger alleguerte blaméiert, nach laang net seng éischt oder eenzeg Aussoen an deem Stil. Seng Optrëtter schueden eisem Land op eng ëmmer méi onerdréiglech Manéier. Amplaz op internationalem Plang fir Lëtzebuerg Sympathie an international Kooperatioun ze erreechen, esou wéi et seng Aufgab wär, kréi mir nëmmen nach Isolatioun, Spott an Animositéit.
D‘ADR ass der Meenung, datt den Här Asselborn net méi als Minister kann akzeptéiert ginn an huet sech dowéinst decidéiert, säi Récktrëtt ze froen. D‘ADR fuerdert den Här Staatsminister Bettel op, sech am Numm vu senger Regierung beim éisträichesche Vollek ze entschëllegen.
Matgedeelt vun der ADR – D‘Meenung vun de Parteie sinn hir eegen