Et ass net ëmmer esou einfach mat eiser Sprooch, mee deen heite Quiz packs de bestëmmt
[onionbuzz quiz-id=200][/onionbuzz] Op en Neits hu mer e puer Spréchwierder
[onionbuzz quiz-id=200][/onionbuzz] Op en Neits hu mer e puer Spréchwierder
Bei engem Militärmanöver an de Gewässer vun Dschask an Tschabahar
D’Matdeelung vun der VDL, datt vum 1. Dezember 2020 bis
Fänke mer awer emol mat der Versammlung vun der EU un. Als éischt stoungen nämlech d’Aktualitéit an déi neist international Entwécklungen un. Dobäi huet ee sech virun allem op Georgien a Venezuela konzentréiert. A béide Länner si viru kuerzem legislativ Walen organiséiert ginn. Mat Deklaratioun, déi vum Josep Borell am Numm vun der EU erstallt ginn ass, huet een matgedeelt, datt d’Resultater vun de Walen a Venezuela vum 6. Dezember net dem Wëlle vum Vollek entspriechen.
Weider goung et mat de Mënscherechter. Um 10. Dezember gëtt heizou en Aktiounsdag gefeiert, mee wéi engagéiert d’EU sech eigentlech? Vun der hollännescher Säit koum d’Iddi en neie Regimm vun de Sanktiounen opzestellen, fir uerg Mënscherechtsverletzungen méi strikt bestrofen ze kënnen. Dës Initiative huet vill Zousproch fonnt, an esou gouf dësen neie Regimm beim Treffen schnell ugeholl.
„D’Mënscherechter sinn Deel vun de Prinzipien, déi déi baussecht Aktioun vun der Europäescher Unioun leede sollen an dësen neie Regimm erweidert eis Ausrëschtung am Kader vun eise gemeinsame baussechten Aktiounen, andeems mir iwwerall op der Welt handele kënnen, Verstéiss uviséieren an déi schlëmmst Schiedegungen“, sou de Minister Asselborn.
Ma, dësen Outil soll ënnert anerem och als Warnung gëlle fir déi Länner – et gëtt d’Beispill vun der Tierkei genannt – wou d’Verdeedeger vun de Mënscherechter am Bing landen.
Am Bezuch op d’Relatioun tëscht der EU an den USA hunn d’Ministeren d’Prioritéite vun enger transatlantescher Partnerschaft mat der neier amerikanescher Verwaltung beschwat. Genee wéi seng Amtskollegen hofft och de Minister Asselborn, datt ee scho geschwënn nees mat den USA diskutéiere an esou de Multilateralismus stäerke kann.
Dës weideren hoffen d’Ministeren, datt d’Verwaltung vum Joe Biden schnell den Dekret vum 2. September zeréckzitt, duerch deen Sanktioune géint d’Fatou Bensouda, Procureure vum internationale Strofgeriichtshaff an ee vun de Membere aus sengem Büro, zeréckgezu ginn.
Schlussendlech koum et zum Echange zur strategescher Autonomie an zu de Mëttel, wéi d’EU seng Resilienz stäerke kann, och am Bezuch op d’Pandemie. War een da schonns beieneen, huet d’Geleeënheet sech ugebueden fir en Accord zur bilateraler Sécherheet mat sengem litaueschen Homolog, dem Linas Linkevičius, ze ënnerschreiwen.
Ma, nieft dësem Termäin stoung och direkt nach en Treffen vum Comité vun de Ministere vun der Benelux-Kooperatioun un. Mat dobäi waren de Stef Blok, hollännesche Bausseminister, sou wéi den David Clarinwal, belsche Minister fir Mëttelklass, Independanten, KMUen, der Landwirtschaft, den institutionelle Reformen an dem demokrateschen Opbroch.
Bei der Versammlung goufen zum engen d’Resultater vum Joer 2020 gekuckt an de Plang fir dat nächst Joer ënnert d’Lupp geholl. Doduerch gëtt et erméiglecht déi strukturell Kooperatioun mat diverse Projeten ze konkretiséieren.
Dës weideren hunn déi dräi Ministeren de gemeinsamen Aarbechtsprogramm fir d’Period 2021-2024 bestätegt. Esou ginn all 4 Joer d’Ziler vun der Kooperatioun definéiert. De Programm, dee schonn zënter 2008 opgestallt gëtt a 4 Joer gëllt, bezitt sech virun allem op Wirtschaft, nohalteg Entwécklung, Justiz a bannenzeg Ugeleeënheeten.
Haut steet dann eng Videokonferenz vum Rot vun de generellen Ugeleeënheete vun der EU un.
Opmaacherbild: © MAEE