Search

You may also like

moneysurprise
D‘Konsumente gi net zouversiichtlech an dat neit Joer
Neiegkeeten

D‘Konsumente gi net zouversiichtlech an dat neit Joer

Déi Lëtzebuerger Zentralbank (BCL) huet eng Enquête lancéiert, an aus

Geschwënn ass nees „Black Friday“ an den Handel wëll nëmmen äert Bescht
Neiegkeeten

Geschwënn ass nees „Black Friday“ an den Handel wëll nëmmen äert Bescht

E gëtt ëmmer nees als dee „Verkafsevent“ vum Joer verkläert

Säit 2004 op der Flucht: De Jean Marc Kiesch gouf a Spuenien festgeholl!
Neiegkeeten

Säit 2004 op der Flucht: De Jean Marc Kiesch gouf a Spuenien festgeholl!

Duerch déi virbildlech Zesummenaarbecht vun de Fugitive Active Search Teams

Treffen tëscht Asselborn a Goffin: Komplett Beweegungsfräiheet ass d’Zil

Treffen tëscht Asselborn a Goffin: Komplett Beweegungsfräiheet ass d’Zil

Gëschter huet de Lëtzebuerger Aussen- an Europaminister Jean Asselborn de belsche Verdeedegungs- an Ausseminister Philippe Goffin fir eng Entrevue bei engem Mëttegiessen getraff. Thema waren d’Relatioun tëscht der Belsch a Lëtzebuerg, europäesch an international Neiegkeeten, mee virun allem d’Koordinatioun vun de Moossnamen zum gereegelten Deconfinement.

De Minister Asselborn ass houfreg, datt eis belsch Noperen e Freideg decidéiert hunn, datt d’Grenzen zu Lëtzebuerg wéinst familiäre Visitten oder Akeef nees op sinn. Gutt 50.000 belsch Frontalieren kréien esou ee Stéck Beweegungsfräiheet zeréck. „Dës Ëffnung äntwert zum Deel op d’Reklamatiounen, déi mir vun de Bierger kritt hunn. Ech si frou, datt eis Bierger nees e Stéck Normalitéit an hirem Liewen zeréckkréien“, ënnersträich de Lëtzebuerger Aussen- an Europaminister.

Elo geet et dorëm, fir déi nach existent Restriktiounen progressiv ze lockeren. Dobäi steiert een op d’Zil duer, fir all Hindernisser, déi eng fräi Zirkulatioun tëscht béide Länner hënneren, opzehiewen. An dësem Kader gouf decidéiert ee Comité opzestellen, deen déi wichtegst Froen zur Grënzëffnung analyséiert.

Et ass gewosst, datt déi epidemiologesch Situatioun vu Land zu Land ännert, an awer muss ee beim Deconfinement koordinéiert zesummeschaffen. Absolut Prioritéit hu fir de Minister Asselborn d’Grenzëffnungen am Schengenraum. Trotzdeem muss ee sech och iwwert d’Ouverture vun de Grenzen ausserhalb vun dësem Beräich, këmmeren. Nach bis de 15. Juni sollen d’Grenzen nämlech zou sinn.

Goffin

(v.l.n.r.) Philippe Goffin, belsche Verdeedegungs- an Ausseminister; Jean Asselborn, Lëtzebuerger Aussen- an Europaminister © MAEE

Wat gouf et nach ze beschwätzen?

Ënnert anerem ass et bei der bilateraler Entrevue ëm déi Belsch-Lëtzebuergesch Wirtschaftsunioun gaangen. De Vertrag zur wirtschaftlecher Zesummenaarbecht tëscht béide Länner ass 1921 vu Lëtzebuerg an der Belsch ënnerschriwwe ginn. E Joer méi spéit, um 22 Dezember ass en dunn a Kraaft getrueden. Soumat feiert d’UEBL (Union économique belgo-luxembourgeoise) am nächste Joer säin 100. Gebuertsdag.

Ma, och iwwert d’Situatioun am Sahel war riets. De Jean Asselborn freet sech iwwert déi exzellent Kooperatioun tëscht der Belsch a Lëtzebuerg, woubäi de Groussherzogtum seng Presenz bei der Missioun vun der EU am Mali (EUTM) a bei der Missioun vun de Vereenten Natiounen am Mali (MINUSMA) verstäerkt huet. Eis Zaldote sinn dobäi am belsche Contingent integréiert.

„Dës Kollaboratioun symboliséiert déi exzellent Verbindung tëscht eisen zwee Länner, genau wéi déi rezent Decisioun mat der belscher Entwécklungsagentur ENABEL de Burkina Faso an den Niger ze ënnerstëtzten duerch d’Kooperatioun am Gesondheetsberäich“, erkläert de Lëtzebuerger Minister.

Zu gudder Lescht huet een sech zur Relatioun mat China ausgetosch. No der Diskussioun am Rot vun der EU um 29. Mee 2020 wollten d’Ministeren hei nach emol puer Punkten opgräifen.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Jean Asselborn, Lëtzebuerger Aussen- an Europaminister; Philippe Goffin, belsche Verdeedegungs- an Ausseminister © MAEE

Related topics Ausseminister, Belsch Lëtzebuerg, Deconfinement, Jean Asselborn, Oppe Grenzen, Pandemie, Philippe Goffin, Sahel, UEBL, Wirtschaftsunioun
Next post Previous post