Search

You may also like

D‘Éisträicher si Misär gewinnt
International Neiegkeeten Stories

D‘Éisträicher si Misär gewinnt

Keng zwee Joer nom Ibiza-Video, huet d‘Alpeland a virun allem

Wunnen zu Esch: Wéi „legal“ ass deen neie PAG?
International Neiegkeeten Stories

Wunnen zu Esch: Wéi „legal“ ass deen neie PAG?

Jonk Mënschen si rosen an demonstréieren, wëll den Escher Schäfferot

Weltwäite Klimaprotest: An Australien leeft et schonn
International Neiegkeeten Stories

Weltwäite Klimaprotest: An Australien leeft et schonn

Am Kontext vun der globaler Beweegung „Fridays for Future“ sinn

Asselborn fuerdert Fräiloossung vum Nawalny

Um haitege Méindeg wëll sech de Jean Asselborn mat sengen EU-Kollege fir Sanktioune géint Russland asetzen

Asselborn fuerdert Fräiloossung vum Nawalny

De Lëtzebuerger Jean Asselborn (LSAP) ass den déngschteelsten Ausseminister bannent der EU, an der Meenung, datt d‘Unioun zanter der Krim-Annexioun am Joer 2004, an enger grousser Kris mat Russland stécht. Géintiwwer de Kolleege vum Redaktiounsnetzwierk Däitschland (RND) huet den Ausseminister awer ënnerstrach, datt een den „Déifpunkt“ nach net erreecht hätt.

Interessant allerdéngs och d‘Remark vum Minister, datt Russland an „eisen demokratescher Wäerter eng Bedreeung gesäit“. Hien huet och erwäänt, datt säi russeschen Homolog, de Sergej Lavrov säit 2017 net méi zu Bréissel war, an dësen och elo net méi ausschléisst, d‘Bezéiungen zu Europa ganz ofzebriechen. U wéi enge Fakte mécht de Jean Asselborn dat fest, a wourop begrënnt et sech?

Fir de Sozialist ass jiddefalls kloer, datt déi russesch Regierung sech un d‘Avise vum Europäesche Mënscherechtsgeriichtshaff (ECHR) hale muss. Dësen hat jo de leschte Mëttwoch, och vu Moskau gefuerdert, de Kremlkritiker Alexej Nawalny Direkt fräizeloossen. Um ECHR géife jo och russesch Riichter siegéiere, firwat d‘Behaaptung et géif sech an intern Ugeleeënheeten agemëscht, falsch ass.

Sech elo awer generell vun de Russen Distanzéieren – och wann haut iwwer Sanktioune geschwat gëtt – ass allerdéngs net esou einfach. Och de Jean Asselborn gesäit an, datt alles zesummenhänkt, an d‘Allianz EU – USA op d‘Kooperatioun mat de Russen ugewisen ass, fir d‘Krisen am Noen Osten an och den Atomsträit mam Iran an de Grëff ze kréien. A Russland huet och Vaccinen…

Beim Goss hält de Spaass op

Op der aner Säit awer brauchen och d‘Russen, d‘Zesummenaarbecht mat Europäescher Unioun. Dat well d‘EU hire gréissten Handelspartner ass. Vun dësem Handel profitéieren net zu gudder Lescht och europäesch Entreprisen a Konzerner, firwat de Jean Asselborn nach festhält, datt Sanktioune keng „Politik“ sinn an d‘EU-Ausseministerkonferenz och kee „Sanktiounscomité“ ass.

Laut dem Jean Asselborn, wäerten d‘EU-Ausseminister sech haut op persounebezunne Sanktioune verstännegen. Déi solle géint Verantwortlecher aus dem „Muechtapparat“ verhaange ginn. Et ass dann um auswäertegen Déngscht vun der Unioun, eng Lëscht mat Nimm ze erstellen, déi da vun dëse Sanktioune betraff sinn. Dat wëll gutt iwwerluecht sinn, net datt den EuGH Awänn huet.

De Minister geet och net dovunner aus, datt sougenannt russesch Oligarche vu Sanktioune sollte betraff sinn. Et kéint een nëmme géint politesch Amtsträger virgoen, an dat och nëmmen dann, wann entspriechend Beweiser virleien. Wat allerdéngs wéini a fir wien ee „Beweis“ ass, a wéi oppen dës „Beweiser“ dann der Ëffentlechkeet virgeluecht ginn, sot de Minister net.

Et war emol… eng Pipeline

Datt Europa och eppes op de Gas aus Russland ugewisen ass – firwat d‘Pipeline NordStream2 jo sollt längst fäerdeggestallt sinn – awer eis amerikanesch Partner drop bestinn, datt mir hire Gas, dee per Schëff ugeliwwert muss ginn, kafen an allen um Bau vun der Pipeline bedeelegten Entreprise Sanktioune versprach huet, dierft haut och eng Roll spillen. Et ass ee gliddegt Eisen…

Fir de Jean Asselborn, ass de Projet NordStream2 kee politesche, mee ee wirtschaftleche Projet. Hie mengt och datt sech de Problem séier géif léise loossen, wann sech d‘Russen drop verstännege kéinten och weiderhi Gas duerch d‘Pipeline, déi d‘Ukrain passéiert, fléisst. Leider huet et tëscht Russland an der Ukrain ee „Mëssel“. D‘Ukrain wëll net fir de russesche Gas bezuelen.

Laut dem Jean Asselborn, muss hei déi däitsch Regierung Standhaftegkeet beweisen. Berlin muss Moskau also verständlech maachen, datt NordStream2 nëmme ka realiséiert ginn, wann sech Russland verflicht, den Ukrainer net de Gaskrunn zouzedréinen? Wéi dat ugesiichts de Gewalt an der Grenzregioun an der scho genannter Annexioun vun der Krim soll méiglech sinn?

Dat mam gudde Beispill

Wann sech haut also d‘EU-Ausseminister zesummesetzen, fir Sanktioune géint Russland ze huelen, well sech d‘Russen net u „Rechtsstaatlechkeet“ halen, ass dat schonn och ee bëssen en Trappewitz vun der Geschicht. Ungarn a Polen – mëttlerweil och Slowenien – stelle ganz oppen d‘Meenungs- an d‘Pressefräiheet a Fro. Dat och net zanter gëschter, mee dofir schéi kontinuéierlech.

Dat weess den Ausseminister Jean Asselborn nëmmen all ze gutt, a mengt nach „wa mir eis selwer net un d‘Rechtsstaatlechkeet halen, da sollte mir och net méi mam Fanger op aner Länner weisen“. Dat trëfft bedauerlecherweis net nëmmen och d‘Rechtsstaatlechkeet zou, hei spillen och Asylpolitik a Zesummenhalt bei der Pandemiebekämpfung eng ëmmer gréisser Roll. An et gesäit net gutt aus.

Fir eise Minister awer ass d‘EU d‘Wiechterin vun de Verträg, an et géif villes gemaach, fir géint déi Mëssstänn virzegoen. Et misst wuel nach méi kommen, datt weess och de Jean Asselborn, mee et mussen nach ëmmer all Decisiounen eestëmmeg geholl ginn, firwat Polen an Ungarn och Mëttel hunn (Vetorecht) sech iwwer méiglech „Bestrofungen“ oder „Urteeler“ ewechzesetzen.

Illustratioun: De Jean Asselborn (r) hei mam däitschen Ausseminister Heiko Maas am Gespréich (25. Januar). Bis ewell ass net gelongen, esou eppes wéi ee minimale Konsens am Kontext vun der Asyl- a Migratiounspolitik ze fannen. Bei de Sanktioune géint russesch Amtsträger dierft dat awer zimmlech zügeg iwwert den Dësch goen. © European Union

Related topics Alexej Nawalny, EU-Ausseministerkonferenz, Jean Asselborn, Nordstream2, Sanktiounen
Next post Previous post