Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Däitschland scheitert u sech selwer
International Neiegkeeten

Däitschland scheitert u sech selwer

Däitschland huet, esou wéi ech mer et erwaart hunn, eng

What the Fakt – 150 Joer franséische Wahnsinn mat de Folies Bergère!
International Neiegkeeten

What the Fakt – 150 Joer franséische Wahnsinn mat de Folies Bergère!

Dës 13 Buschtawe brénge säit genau 150 Joer dat ganzt

D‘Missioune vum Geheimdéngscht besser verstoen
International Neiegkeeten

D‘Missioune vum Geheimdéngscht besser verstoen

De staatleche Geheimdéngscht (SRE), dee mam Gesetz vum 5 Juli

De Jean Asselborn fuerdert Verständnis vun däitscher Säit

De Jean Asselborn fuerdert Verständnis vun däitscher Säit

Den Aussen- an Europaminister Jean Asselborn huet haut den däitschen Ambassadeur fir e Gespréich empfaangen, fir z’erklären, wéi d’Lëtzebuerger Infektiounszuelen ze interpretéiere sinn. Nodeems de Robert-Koch-Institut de Groussherzogtum zum Risikogebitt ernannt huet gesäit Däitschland nämlech d’Aféierung vun enger Testflicht fir d’Arees vir.

Am Kader vum groussflächegen Testen sinn zu Lëtzebuerg vill asymptomatesch Fäll detektéiert ginn, déi ouni dëse System wuel net fonnt gi wieren. Och déi 200.000 Grenzgänger gi systematesch zum Test invitéiert, wouduerch mir am europäeschen a weltwäite Vergläich d’Spëtzereider mat 12.000 Tester pro 100.000 Awunner an engem Zäitraum vu 7 Deeg sinn.

Et setzt een op eng grëndlech a systematesch Strategie, fir méiglechst vill positiv Fäll fréi ze erfaassen, an duerch den uschléissenden analoge Contact-Tracing d’Infektiounsketten ze verfollegen an ze duerchbriechen. An dësem Kader huet de Minister Asselborn déi virbildlech Zesummenaarbecht mat den Autoritéiten bei der grenziwwerschreidender Kontaktverfolgung ervirgehuewen.

Vum Treffen huet de Lëtzebuerger Minister sech erhofft, datt déi däitsch Bundesregierung déi besonnesch Situatioun zu Lëtzebuerg bei senger Aschätzung berécksiichtege géif. „Mir mussen d’Kris zesumme meeschteren an eng weider Beanträchtegung vun der grenziwwerschreidender Beweegungsfräiheet an der Grenzregioun vermeiden“, sou de Jean Asselborn.

Jo, et huet ee Versteesdemech fir d’Beméiunge vun den Däitsche bei der Pandemiebekämpfung. Trotzdeem soll een d’Errongenschafte vum Schengeraum an de Geescht vun der Groussregioun net onnéideg schiedegen. Schliisslech hat de Minister Asselborn, zesumme mam Bundesausseminister Heiko Maas um 16. Mee d’Grenzaschränkunge feierlech opgehuewen.

Opmaacherfoto © European Union

Ähnlech Sujeten Asymptomatesch Persoune, Däitschland, Erklärung, Grenzgänger, Infektiounsketten, Jean Asselborn, Large Scale Testing, Risikogebitt, Robert Koch Institut, Spëtzereider
Nächsten Artikel Virrechten Artikel