Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Holland experimentéiert de legale Cannabis-Ubau
10 signs you're dating a loser

Holland experimentéiert de legale Cannabis-Ubau

E Freideg huet déi hollännesch Regierung engem Experiment op groussem

iasip dating site
10 signs you're dating a loser

https://moien.lu/dating-tls-forum/

E Mëttwoch war de britesche Premierminister Boris Johnson zu Berlin,

Poetry Slam De Lux’10: D’Meral Ziegler begeeschtert zu Wolz!
10 signs you're dating a loser

Poetry Slam De Lux’10: D’Meral Ziegler begeeschtert zu Wolz!

Um vergaangene Freideg a Samschdeg stoung alles am Zeeche vun

ASTA: E vill ze waarme Wanter!

Mat 21,6°C um 27. Februar ass en neien Temperaturrekord opgestallt ginn

ASTA: E vill ze waarme Wanter!

De Mënsch ass renitent wa vum Klimawandel rieds ass, a besonnesch gewësse Politiker sinn net iwwerzeegt. Wann e sech dann awer d‘Analys vum meteorologesche Wanter – 1. Dezember bis 28. Februar – vum meteorologeschen Déngscht vun der Administratioun vun den technesche Servicer vun der Landwirtschaft (ASTA) ukuckt, sollt ee seng Iwwerzeegung vläicht iwwerdenken…

Wien déi lescht Deeg vum Februar an der Mëttegstonn op der Terrass vum Restaurant oder doheem d‘Sonn genoss huet, deem war et wuel net wierklech duerno iwwert de Klimawandel nozedenken, an dat kann ee verstoen. Si huet gutt gedoen, zumindest subjektiv, well villes an der Natur huet esou Kapriolen guer net gären. Fir e bessert Verständnes geheie mir e Bléck op d‘Analys vun der ASTA.

Hir Analys stäipt sech op d‘Donnéeë vun 32 Miessstatiounen déi uechtert d‘Land opgestallt sinn, an alleguerte mat rekordverdächtegen Zuelen. Donieft muss festgestallt ginn, datt am Éislek net genuch Néierschlag ginn huet, während et am Rescht vum Land ze vill gereent huet. Bei der ASTA hu se sech dann d‘Méi gemaach, d‘Donnéeë mat der Referenzperiod (1981-2010) ze vergläichen.

Bal 24°C zu Réimech?

Wann d‘Donnéeë vun alle Statioune wichteg sinn, esou huet d‘ASTA de 4 „Referenz-Statiounen“ (Aasselbur, Kënzeg, Réimech a Gréiwemaacher) eng besonnesch Opmierksamkeet geschenkt. Aus dësen Daten ass ze enthuelen, datt d‘Moyenne mat +1,3°C am Dezember a Februar zolidd iwwert de Wäerter aus der Referenzperiod léien. Beim Schlusssprint huet de Wanter sech net lappe gelooss.

Esou huet sech d‘Wieder zu Lëtzebuerg e neien Temperaturrekord gegënnt. Zanter 1838 gëtt et déi meteorologesch Opzeechnungen, an dee neien offizielle Rekord (21,6°C de 27. Februar) iwwertrëfft deen ale vun 1960 ëm 4,4°C, woubäi zu Réimech mat 23,9°C den absoluten Héchstwäert gemooss ginn ass. Bis dohinner huet sech Réimech mam Rekord vun 1990 (17,9°C) miss zefridde ginn.

Wann een dat ganzt resuméiert, da war de Wanter 2018/19 mat +1,6°C an der Moyenne, vill ze waarm wat weder den Déieren nach der Natur entgéint kënnt. An och hei sinn et nees besonnesch d‘Beien déi zolidd eng bei d‘Läffele kréien. Si fänken ab 8°C bis 10°C u mat fléien. Fir d‘Beien awer sinn esou „wanterlech“ Aktivitéiten eng zousätzlech Belaaschtung a liewensverkierzend…

Ähnlech Sujeten ASTA, Klimawandel, Temperaturrekord
Nächsten Artikel Virrechten Artikel