Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Alternatives: en neie Berodungszenter fir Kanner a Jugendlecher
Neiegkeeten

Alternatives: en neie Berodungszenter fir Kanner a Jugendlecher

Um Méindeg gouf zu Diddeleng de neie Berodungszenter vun der

Bei der Klinick ze parke ka richteg deier ginn – mee elo gëtt reagéiert!
Neiegkeeten

Bei der Klinick ze parke ka richteg deier ginn – mee elo gëtt reagéiert!

E Familljemember oder Frënd an der Klinick leien ze hunn,

Vun der Weltcommunautéit vergiess: déi humanitär Kris an Nigeria
Neiegkeeten

Vun der Weltcommunautéit vergiess: déi humanitär Kris an Nigeria

Fir déi ronn 2 Millioune Mënschen am Nordoste vu Nigeria,

ASTA: Ee waarme, reenerege Wanter 2019-2020 mat e puer Rekorden

ASTA: Ee waarme, reenerege Wanter 2019-2020 mat e puer Rekorden

Zum Ofschloss vum meteorologesche Wanter 2019-2020 huet de staatleche Wiederdéngscht ASTA (Administration des Services Techniques de l’Agriculture) vum Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung seng national Wiederanalys vum 1. Dezember 2019 bis den 29. Februar 2020 verëffentlecht. De waarme reenerege Wanter ass duerch Rekordtemperaturen, Rekordnidderschléi, Stuerm an opgeweecht Biedem ervirgestach.

Mat enger Anomalie vu +2,6°C, war dëst den drëttwäermste Wanter, zënter dem Ufank vun de Miessungen am Joer 1838 zu Lëtzebuerg. Am ganze Land gouf et signifikant méi Reen. Zu Käerch konnt esou fir de ganze Wanter een neie Rekord festgehale ginn. Zu Biereng, Furen, Gréiwemaacher, Käerch, Réimech, wéi och an der Stad Lëtzebuerg hunn d’Nidderschlagszommen am Februar een neie Pic erreecht.

Wanter 2019-2020

D’Wiederdate kommen aus engem Moossnetz vun 32 automatesche Statiounen aus alle Regioune vum Land. Dobäi sinn déi dësjäreg Wäerter vun de véier representative Statiounen Aasselbur (Norden), Käerjeng (Süd-Westen), Réimech (Museldall) a Gréiwemaacher (Museldall) mat den Duerchschnëttswäerter vun der Referenzperiod 1981-2010 verglach ginn.

Wanter 2019-2020

Konsequenze fir d’Landwirtschaft

De verreenten Hierscht 2019 an de Wanter 2019-2020 hunn déi iewescht Buedemschichten nees mat masseg Waassergesiedegt a bidden de landwirtschaftleche Kulture Waasserreserve fir déi nächst Méint. Déi grouss Zommen u Reen hunn awer och zum Opweeche vun de Biedem gesuergt, wat hir Beschafenheet immens beanträchtegt. De Risiko besteet, datt sech déi zukünfteg Aarbechten um Feld (beispillsweis düngen a séinen) am Fréijoer als schwiereg erweise wäerten. Verschidde Kulturen hunn souguer ënnert undauernder Staunässe ze leiden a si momentan a kengem gudden Zoustand.

 

Ähnlech Sujeten ASTA, Landwirtschaftsministère, meteorologesche Wanter 2019-2020, Reen, Temperaturrekord, Wand
Nächsten Artikel Virrechten Artikel