Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Wanter huet déi däitsch-éisträichesch Alpen am Grëff
Neiegkeeten

De Wanter huet déi däitsch-éisträichesch Alpen am Grëff

Well d‘Situatioun duerch déi onmoosseg Schnéimassen an den däitsch-éisträichesch Alpen

dislike
Editorial: Grad den DSK huet et néideg…
Neiegkeeten

Editorial: Grad den DSK huet et néideg…

De franséische Sozialist a fréiere Generaldirekter vum Weltwährungsfong (IMF), Dominique

Marvel’s The Defenders, erkläert
Neiegkeeten

Marvel’s The Defenders, erkläert

Den 18. August geet Marvel’s The Defenders op Netflix online.

ASTA: Wéi war de meteorologesche Fréijoersufank?

ASTA: Wéi war de meteorologesche Fréijoersufank?

Pünktlech zum Ofschloss vum meteorologesche Fréijoer 2019 huet de staatleche Wiederdéngscht ASTA (Administration des Services Techniques de l’Agriculture – Ministère de l’Agriculture, Viticulture et du Développement rural) seng regional Wiederanalys vum 1. Mäerz bis den 31. Mee 2019 verëffentlecht. Landeswäit ass een iwwerduerchschnëttlech waarme Mäerz an Abrëll ze vermierken. De Mee war dogéint kill an et sinn Fraschtschiet un der Musel, Reendefiziter am Éislek an ee liichte Reeniwwerschoss am Süde vu Lëtzebuerg ze konstatéieren.

Ervir ze hiewen ass, datt d’Fréijoer 2019 am Duerchschnëtt zwar bal mat de laangjärege Wäerter iwwereneestëmmt, allerdéngs war de Mäerz mat bis +1,7°C ze waarm an de Mee mat bis zu -2,3°C däitlech ze kill. An der Nuecht vum 4. op de 5. Mee sinn d’Temperature bis zu -2,5°C laanscht d’Musel gefall, wat zu erhiefleche Fraschtschiet un de Riewe gefouert huet. D’Éislek verzeechent ee Reendefizit (bis zu -60 mm zu Wëntger), wärend et am Süden éischter ze vill gereent huet (bis zu +45 mm zu Réimech).

ASTA

Ofbildung 1: D’Dagestemperaturen vum Fréijoer 2019 zu Kënzeg (rout) am Verglach zur Referenzperiod 1981-2010 (blo). D’Spanbreet ass definéiert duerch de gemëttelte Minima a Maxima vun der Dagesmëtteltemperatur (gro).

D’Wiederdaten komme vum Miessnetz vun 32 automatesche Wiederstatiounen aus alle Regioune vum Land. Dobäi sinn déi momentan Wäerter vun de véier representative Statiounen Aasselburer (Norden), Kënzeg (Süd-Westen), Réimech (Museldall) a Gréiwemaacher (Museldall) mat den Duerchschnëttswäerter vun der Referenzperiod vun 1981 bis 2010 verglach ginn.

Déi mëttel Temperature ware bei de véier Statioune bal identesch mat de Mëttelwäerter. D’Tabell 1 (*) weist, datt d’Temperature souwuel am Mäerz, wéi och am Abrëll am Schnëtt méi héich waren, wéi d’Referenzperiod. Just de Mee huet sech bei alle Statiounen als däitlech méi kill erausgestallt, wéi an der Referenzperiod. No dem aussergewéinlech mëllen Enn vum Februar huet d’Fréijoer 2019 zimlech wiesselhaft a stiermesch ugefaangen.

ASTA

*Tabell 1: Mëtteltemperaturen vu Mäerz bis Mee, sou wéi dem Fréijoer 2019 zu Aasselbur, Gréiwemaacher, Kënzeg a Réimech

Een Op an Of

Verschidden Déifdrockgebidder hu sech schnell vum Atlantik a Richtung Europa weider beweegt. D’Stuermdéif „Eberhard“ ass um 10. Mee mat Wandspëtzten iwwer 90 km/h iwwer Lëtzebuerg gezunn. Am Abrëll huet laang de Skandinavien-Héich „Katharina“ dominéiert: Zur Mëtt vum Mount sinn esou d’Dagesmëtteltemperaturen bis ënner 5°C gefall, ier se pünktlech zum Ouschterweekend op fréisummerlech Wäerter nees geklomme sinn. Déi déif Temperaturen um 13. a 14 Abrëll hu lokal esouguer zu Schiet un de Bongerte gefouert. De Mee huet nees méi frësch ugefaangen a mat Wäerter déif ënnert der Referenzperiod ugefaangen. An der Nuecht vum 4. op de 5. Mee ass et dofir zu immense Schiet un de Riewe komm.

Kuckt een elo d’Zomm vum Reen, dann huet dëse Fréijoer d’Land an zwee gedeelt. Bei der Ofbildung 3 geet ervir, datt et am Éislek ee Reendefizit ginn ass, wärend am Rescht vum Land ee liichten Iwwerschoss, am Verglach zum laangjärege Mëttel, festzestelle war. Bei der Ofbildung 3, sou wéi och bei der Tabell 2 (**) gesäit ee kloer, datt et zu Aasselbur vu Mäerz bis Mee net esou vill gereent huet, wéi an der Referenzperiod (68 mm).

ASTA

(**) Tabell 2: Zommen vum Nidderschlag vu Mäerz bis Mee an de Fréijoer, zu Aasselbur, Gréiwemaacher, Kënzeg a Réimech, fir d’Referenzperiod 1981-2010, d’Fréijoer 2019, sou wéi Anomalien.

Zu Kënzeg huet de Mäerz dogéint mat 110 mm een däitlechen Iwwerschoss u Reen bewisen, wann een esou d’Referenzperiod kuckt (73 mm). Och zu Réimech hunn d’Miessungen an allen dräi Méint iwwert de Wäerter vun der Referenzperiod geleeën, wouduerch hei déi héchst positiv Anomalie zu Lëtzebuerg am Fréijoer 2019 gemiess ginn ass (+ 47 mm). Säit dem 1. Januar 2019 leien d’Zommen un Nidderschlag bei bal alle Statiounen ënnert dem laangjärege Mëttel, wat déi niddreg Niveaue vum Grondwaasserspiggel erkläert.

ASTA

Ofbildung 3: Differenz vun den Nidderschlagszommen vum Fréijoer 2019 an der Referenzperiod 1981-2010, sou wéi Anomalien (blo) bei den ASTA Statiounen, bei deenen eng Referenzperiod 1981-2010 ermëttelt konnt ginn.

Wien sech d’Date méi genau ukucke wëll, dee fënnt d’Wäerter vun allen 32 ASTA Wiederstatiounen ënnert www.agrimeteo.lu.

Ähnlech Sujeten ASTA, Fréijoer, Meteo, Nidderschlag, Temperaturen, Wieder
Nächsten Artikel Virrechten Artikel