Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Weste muss beim Thema Toleranz mat guddem Beispill vir goen
Neiegkeeten

De Weste muss beim Thema Toleranz mat guddem Beispill vir goen

Datt et op der Welt nach vill Plaze ginn –

Paräis: Explosioun an enger Bäckerei – dräi Doudeger
Neiegkeeten

Paräis: Explosioun an enger Bäckerei – dräi Doudeger

Um Samschdegmuere géint 9 Auer, ass et an enger Bäckerei

Editorial: 20.000 Leit op engem Koup – ass dat net gewot?
Neiegkeeten

Editorial: 20.000 Leit op engem Koup – ass dat net gewot?

Bis wéinstens Enn Juli 2020 sinn zu Lëtzebuerg grouss Evenementer

ASTI fuerdert däitlech Mesure fir d‘Integratioun

ASTI fuerdert däitlech Mesure fir d‘Integratioun

An engem oppene Bréif huet sech d‘ASTI (Vereenegung zur Ënnerstëtzung agewanderten Aarbechter) d‘Regierung drun erënnert, datt se sech hirer Verantwortung net nëmme bewosst musse ginn, mee déi och iwwerhuele missten.

En Appell deen net zoufälleg ass, mee an de Kader vum internationale Migratiounsdag gemaach ginn ass. Erënneren deet d‘ASTI dann och op déi 1990 vun der UN erstallte Konventioun iwwert de Schutz vun de Rechter vun allen agewanderten Aarbechter an hire Familljen.

Eng Konventioun déi bis haut kaum Gehéier fonnt hätt, vu datt kaum eent vun de Länner, datt vun der Migratioun betraff ass, dës Konventioun ënnerschriwwen huet. Hei leet d‘ASTI verständlecherweis den Akzent op Lëtzebuerg, datt dës Konventioun och net zur Kenntnis geholl hätt.

Datt d‘Länner vun der EU sech mam Argument verdeedegen, hir national Gesetzer géif méi Schutz bidde wéi d‘Konventioun, ass fir d‘ASTI „e schlechte Witz“. Laut dem oppene Bréif vun der ASTI, hätten déi lescht Joer gewisen, datt d‘EU-Memberlänner séier hir historesch Ambitioune vergiess hunn. Dorënner d‘Fërderung vun de Mënscherechter an de fundamentale Fräiheeten.

Et wier esou, wéi een ugesicht dem EU-Sommet vu leschter Woch huet misse feststellen, datt ee sech zu Bréissel beschtefalls op den absolute Minimum „arrangéiert“. Dobäi sollt grad de Staatscheffen net entgaange sinn, datt et kohärent Efforte brauch vir am Dossier virunzekommen.

Et muss sech ugestrengt ginn

D‘Entwécklung zu Lëtzebuerg gesäit d‘ASTI wuel positiv, dat well ee besonnesch a punkto Gesetzer gutt opgestallt ass. Dat heescht awer elo net, datt alles roseg zu Lëtzebuerg wier. Immigratioun kann een eben net nëmmen un engem legale Kader festmaachen.

Fir d‘ASTI sinn d‘Erausfuerderungen dann och net am legislative Beräich verankert. Villméi misst sech Lëtzebuerg dem Thema „Integratioun“ unhuelen. Et wier dat de Beräich op deen et ukënnt, dee bestëmmend ass fir den Alldag.

Laut der ASTI huet d‘Regierung mat sengem Integratiounsorgan OLAI d‘Integratioun vernoléissegt, besonnesch am Bezuch op d‘Wirtschaftsmigranten. Dat geet esouwäit, datt ee sech bei der Organisatioun d‘Fro stellt, op et hei net en Zesummenhang mam Referendum vun 2015 gëtt. Zanterhier, esou d‘ASTI, wiere vill Integratiounsmesuren net méi gefërdert ginn.

Bedauert gëtt och de Fait, datt et zanter 2013 keen Integratiounsplang méi gëtt. Et wier dann och nëmmen op Drock aus der Zivilgesellschaft, datt ee sech bei der Regierung géif beméien e neie Plang auszeschaffen. E Feeler, ugesicht der Tatsaach, datt Lëtzebuerg 48% net Lëtzebuerger ënnert der Bevëlkerung zielt.

Esou ass d‘ASTI dann och gespaant wéi eng Positiounen déi verschidde Parteie wäerte bekleeden, wann et 2018 an d‘Chamberwahle geet. Wéi wichteg wäert am Wahlkampf d‘Immigratioun sinn? An esou muss och gewarnt ginn: „De Mangel u Visioune wier e schlecht Zeeche fir e Land, deem seng Ekonomie, de soziale Fridde vum Kohäsiounsgefill ofhänkt“.

Ähnlech Sujeten ASTI, Integratioun, Migratioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel