Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vereedegung vun zwee Beruffsoffizéier bei der Arméi
Neiegkeeten

Vereedegung vun zwee Beruffsoffizéier bei der Arméi

Gëschter huet de Verdeedegungsminister François Bausch nees zwee Beruffsoffizéier vun

Frankräich: vun 90 op 80Km/H fir manner Doudeger op de Stroossen
Neiegkeeten

Frankräich: vun 90 op 80Km/H fir manner Doudeger op de Stroossen

Onpopulär awer néideg… haut annoncéiert déi franséisch Regierung d‘Erofsetze vun

Weess du, wéi een dës Wierder schreift? – 6
Neiegkeeten

Weess du, wéi een dës Wierder schreift? – 6

Wéi all Woch hu mer och dës Kéier erëm e

D‘ASTI net vun der neier Verfassung begeeschtert

D‘ASTI net vun der neier Verfassung begeeschtert

Am Juni 2018 hu Regierung a Volleksvertrieder déi „endgülteg Fassung“ vun der neier Verfassung fir Gutt befonnt, mee d‘Vereenegung zur Ënnerstëtzung vun den immigréierten Aarbechter (ASTI) ka sech net vum Text begeeschtere loossen. Dës Verfassung géif dem reelle Kontext net gerecht…

13 Joer hu se un der Verfassungsreform gedoktert, fir se der gesellschaftlecher Realitéit vum 21. Joerhonnert unzepassen. Déi „Al“ staamt nach vun 1868, an och wann et tëscht „deemools“ an „haut“ punktuell Upassunge ginn huet, et ass un der Zäit dem Verfassungstext eng Verjéngungskur ze verpassen. Elo ergëtt et sech, datt se bei der ASTI mat e puer Propose net averstane sinn.

Et ass villméi „Onverständnis“ datt d‘ASTI zum Ausdrock bréngt. Esou beim Artikel: 16.1.1. wou et heescht „D‘Lëtzebuerger si virum Gesetz all gläich“. Dat léisst de Schluss zou, datt, wien net „Lëtzebuerger“ ass, anescht vum Gesetz géif behandelt ginn. Säitens der ASTI, déi nach emol drop hiweist dat gutt d‘Hallschent vun der Residenten „net Lëtzebuerger“ sinn, stellt dat et Problem duer.

Mat dëser „onglécklecher“ Formuléierung, géif een den hei zu Lëtzebuerg residéierenden Auslänner d‘Gefill ginn, se géifen net „derzou“ gehéieren. Mat dësem grenzwäertege Saz, géif d‘Verfassung net zur sozialer Kohäsioun am Land bäidroen, an et wier sécherlech ubruecht, néierzeschreiwen datt jiddereen am Land vum Gesetz gläichgestallt ass. Esou huet et den Androck et gëllt net fir „eis“ all.

Wëlle mir bleiwe wat mir sinn?

Interessant mee net iwwerraschend: d‘ASTI huet och e Problem mam Artikel 4. An dësem steet, datt d‘Sprooch vun de Lëtzebuerger, dat lëtzebuergescht ass. An engem Land wou eng Minoritéit déi originell Sprooch benotzt, sollt d‘Méisproochegkeet an der Verfassung verankert ginn, esou de Wonsch vun der ASTI. Mee wéi schonn e Minister sot: „D‘Zukunft schwätzt lëtzebuergesch“…

Et sollt een awer och bedenken, datt eng Verfassung d‘Grondlag fir e friddlecht Zesummeliewe vun enger Gesellschaft duerstellt. Dat mécht et noutwenneg, datt si méiglechst Equitabel géintiwwer alle Mënschen ass, déi am Land liewen, an duerch hirer Hänn Aarbecht derzou bäidroen, datt d‘Land sech wirtschaftlech, kulturell an eben och sproochlech weiderentwéckele kann.

Fir d‘ASTI hätt déi aktuell Fassung eppes „Populistesches“ a géif den Androck hannerloossen, datt hei bewosst versicht gëtt, de „Lëtzebuerger“ ze berouegen, oder dësem zumindest déi nei Verfassung „schmackhaft“ ze maachen. Dat ass wuel eng gewoten Ausso, woubäi et jo awer och esou ass, datt nëmmen de Lëtzebuerger, sech fir oder géint déi nei Verfassung ausschwätzen dierf.

Illustratioun: Pete Linforth / Pixabay

Ähnlech Sujeten ASTI, Méisproochegkeet, sozial Kohäsioun, Verfassung, Verfassungsreform
Nächsten Artikel Virrechten Artikel