Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Treffen tëscht Bettel a Merkel zu Berlin
Neiegkeeten

Treffen tëscht Bettel a Merkel zu Berlin

Eise Premierminister Xavier Bettel war gëschter op Besuch zu Berlin

D‘Regierung vu Katalounien steet viru Geriicht
Neiegkeeten

D‘Regierung vu Katalounien steet viru Geriicht

Déi duerch d‘Bestriewe vun Onofhängegkeet ausgeléiste politesch Kris, deplacéiert sech

Oppene Bréif: Zesummeliewen a menger Gemeng
Neiegkeeten

Oppene Bréif: Zesummeliewen a menger Gemeng

A ville Gemengen ass d’Awunnerzuel an de leschte Jore staark

ASTI: Ee wéineg ambitiéise Koalitiounsaccord fir d’Zesummeliewen

ASTI: Ee wéineg ambitiéise Koalitiounsaccord fir d’Zesummeliewen

Virun de legislative Wahlen hat ASTI seng Iwwerleeungen a Propositiounen zum nohaltegen Zesummenhalt vum Lëtzebuerger Land geäussert. Am Koalitiounsaccord si verschidde Virschléi vun der Associatioun ze fannen. Leider mussen si feststellen, datt d’Froen zur Integratioun, wou den Iddi vun engem besseren Zesummeliewen an dem Deelhuele vun Net-Lëtzebuerger u wichtegen Decisiounen, net wierklech behandelt ginn.

Och wann de Koalitiounsaccord een demokrateschen Defizit constatéiert, gëtt soss weider näischt virgesinn. D’Regierung proposéiert eng global Revisioun vum Wahlgesetz a gëtt un d’Méiglechkeeten zu enger Verbesserung un der Participatioun vun de Wahle vun auslännesche Bierger ze analyséieren.

Et ass ee wierklech klenge Schrëtt an déi richteg Richtungen, wann ee bedenkt, datt d’Derogatiounen, déi Lëtzebuerg bei de Verhandlunge vum Maastrichter Ofkommes kritt huet, grouss Fessele bei dëser Participatioun sinn. Just wéineg, vun den ambitiéise Verspriechunge sinn vun der Politik respektéiert ginn. Wat elo wierklech hir Ambitioune géif beweise wier, wann si kloer ukënnegen, datt d’Derogatiounen opgehuewe sinn.

An dësem Kontext wier et och nëmme gerecht, wa jiddwereen – egal op Lëtzebuerger oder Auslänner – déi selwecht Konditioune fir déi lokal Walen hätt. Een nohaltege Schrëtt wier et dann, wann och jiddwereen sech op d’Wielerlëschten androe kéint.

ASTI hat der neier Regierung eng ganz Rei u Propositiounen agereecht, déi awer vun der Politik ouni ee Wuert ignoréiert gi sinn. Trotz de villen Ukënnegunge vun der Regierung Reformen ze maachen, weisen si sech nach manner ambitiéis, wéi déi lescht Regierung, déi 2011 Staatsbierger vun Drëttlänner d’Méiglechkeet huet, zum Schäffen oder Buergermeeschter gewielt ze ginn. Bei enger Reunioun huet ASTI gemierkt, datt d’CSV de Problem verstanen huet mat folgender Äusserung: „Wann d’Auslänner e Sonndeg hätten wielen dierfen, hätte mir gewonnen!“

Och zum Thema Diskriminatioun, Rassismus a Xenophobie ass am Accord net vill ugeschwat ginn, ausser, datt d’Kompetenzen a Saachen Anti-Diskriminatioun nach emol iwwerpréift ginn. Dat stellt ee grousse Problem duer an engem Land, wou d’Halschent vun der Populatioun keng Lëtzebuerger Nationalitéit huet, dovu sinn 48 % vun de Salariéë Grenzgänger, a wou wärend de Wahlcampagnë rassistesch Dote Vis-à-vis vu verschiddenen „anere“ Kandidaten ausgeüübt gi sinn. Wien hei net handelt, went éisträichesch Politik un.

Hautdesdaags zielt Lëtzebuerg eng Populatioun vun iwwert 600.000 Leit (dovun 313,771 Lëtzebuerger an 288.234 Net-Lëtzebuerger um 1. Januar 2018). Am Ganze sinn et awer 786.605 Mënschen, déi hei schaffen, akafen, an de Restaurant ginn a mat eis am Stau stinn. 40 % Lëtzebuerger an 60 % Net-Lëtzebuerger: op Basis vun dësen Zuele muss een nodenken an handelen.

ASTI erwaart sech eng Politik, déi ambitiéis, gerecht an nohalteg agéiert, wann et ëm d’Integratioun geet. Et soll eng Regierung sinn, wou angeblech d’Integratioun an déi sozio-kulturell Inclusioun Haaptthema solle sinn. Dobäi hunn si am Programm vun 235 Säite just eng Säit geopfert, fir dëser „Häerzensugeleeënheet“ nozegoen.

Sollt et hinnen un Iddie maangelen, wisou ginn dann net alleguerten d’Acteuren um Terrain mobiliséiert, esou datt jiddwereen un der Diskussioun ëm d’Reform vum Integratiounsgesetz vun 2008 deel huele kéint? Wisou gëtt hei keen „Zesummeliewensdësch“ organiséiert, sou wéi et och an der Educatioun proposéiert ginn ass?

Am Kapitel Bildung gesäit d’Regierung sougenannte Staddeeleltere fir, déi auslännesch Famillen, wou d’Kanner nach net an der Crèche oder Precoce sinn, informéiere sollen, fir. Dës Iddi ass un sech net schlecht, an awer kritt een, een Nogoût vu Bemomperen. Ass dat net och eppes, wat fir Lëtzebuerger Famillen nëtzlech wier oder bleift den nationale Schoulsystem een Thema, wat och just Lëtzebuerger verstoe sollen? Am Joer 1996 ware just 6,1 % u Kanner vu portugisesche Famillen am Lycée fir 7ième Classique ageschriwwen. 2016 ass dës Zuel op 6,9 % geklommen – wat ee Fortschrëtt!

Och bei der Lëtzebuerger Sprooch schéngt et just wéineg bis guer keng Virschléi ze ginn. Weder eng Verstäerkung Sproochecourse fir Lëtzebuergesch ze léieren, nach Aktivitéite fir eis Sprooch ze üben si virgesinn.

A Saachen Immigratioun an Asyl huet ASTI beim Koalitiounsaccord awer eppes Positives fonnt. Fir déi national ekonomesch Interessen oprecht ze erhale, muss d’Immigratioun viru bestoen. Et ass eng kloer Ausso, wann och zimlech reduzéiert.

Och datt déi legal Weeër zur Immigratioun, beispillsweis duerch familiär Regruppementer vu Flüchtlingsfamillen, ausgedeent gi sollen, begréisst d’Associatioun. Beim Asyl gräift den Accord vill Propositioune vum Collectif Réfugiés op. Beispiller heivir sinn den Accès op den Aarbechtsmaart, d’Betreiung vu Mannerjäregen, déi net a Begleedung komm sinn oder Alternativen zur Retentioun. Als Member vun dëser Plattform freet ASTI sech immens iwwert dës Entscheedungen.

D’Regierung hat hei virgesinn d’Rolle bei de Ministèren nei ze verdeelen. Den Immigratiounsministère, den scho fir d’Behandlung an d’Exame vun den Demanden zoustänneg ass, hätt zukünfteg och d’Responsabilitéit vum Accueil an Betreiung vun den internationale Schutzfroenden. Prinzipiell ass dës nei Rolleverdeelung ee gudden Iddi. Trotzdeem braucht een nach Garantien, datt d’Evolutioun vun den Opnamekonditiounen net an d’Prozedur vun der internationaler Demande zum Schutz agräift.

Wien ass beim Koalitiounsaccord vergiess ginn? D’Grenzgänger, déi bei eis schaffen! Zur Mobilitéit an dem Aarbechtsrecht huet d’Regierung de Grenzgänger näischt proposéiert, obwuel si 48 % vun eiser nationaler Aarbechtskraaft ausmaachen. ASTI ass der Meenung, datt et wichteg ass, datt och si an d’Lëtzebuerger Gesellschaft agebonne ginn an iwwert d’Zukunft vum Land matbestëmmen dierfen.

ASTI geet schliisslech op de leschte Paragraph vum Accord an den beseet, datt d’Associatiounen a Projeten, déi an de vergaangene Joren d’Integratioun vu Flüchtlinge gefërdert hunn an esou ee wichtegen Deel zu eiser Zivilgesellschaft bäigedroen hunn, onbedéngt ënnerstëtzt musse ginn. An Zukunft sollen si méi genau bewäert ginn, fir esou déi bescht Projeten ze veréiwegen. Kuckt een déi lescht Regierung gouf hei vill versprach, an awer näischt gemaach.

D’Associatioun ass weiderhi bereet, sech fir oppen a konstruktiv Echangen anzesetzen an opmierksam, géigeniwwer der Regierung, ze bleiwen. Spéitstens wann de Budget fir 2019 feststeet wäert ee gesi, wéi déi nei Regierung den Accord ambitionéiert, gerecht an nohalteg ëmsetze well.

Ähnlech Sujeten ASTI, Asyl, Flüchtlingen, Grenzgänger, Koalitiounsaccord, Regierung, Zesummeliewen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel