D’COP23 vum Trump-Effekt ausgebremst
Déi 23. Sëtzung vun der UN-Klimakonferenz (COP23) ass zu Bonn
Déi 23. Sëtzung vun der UN-Klimakonferenz (COP23) ass zu Bonn
Säit dem Ufank vum neie Schouljoer mussen d’Schüler vun de
Haut de Moien, kuerz no 9 Auer, ass et an
Héije Besuch an der Philharmonie © Laurent Blum
Zesumme gesat gëtt déi lescht genannte Grupp aus international renomméierte Weltraum-Experten, deenen hir Missioun et ass, Lëtzebuerg op d’Positioun vun engem European Hub fir d’Exploratioun an d’Notzung vu Weltraumressourcen ze bréngen.
Am Joer 1969 war et de Buzz Aldrin, deen d’Apollo gesteiert huet an och den zweete Mënsch, deen de Mound betriede konnt. Um vergaangene Mëttwoch huet de fréieren Astronaut mat de Membere vum Luxembourg Space Agency Team an dem Space Resources iwwert déi momentan an zukünfteg Erausfuerderungen an dësem Feld vun der Exploratioun an der Notzung vun de Ressourcen diskutéiert. Dozou gehéiere beispillsweis de Rakéitekraaftstoff, planetaresch Uewerflächekonstruktiounen oder och In-Space Manufacturing.
De Premierminister Xavier Bettel beim Treffen mam Buzz Aldrin © Laurent Blum
Am Februar 2016 ass d’Initiative vun der Luxembourg Space Agency komm, fir mat SpaceResources.lu d’Exploratioun an déi kommerziell Notzung vu Ressourcë vun Himmelskierper, beispillsweis vum Mound oder och Asteroiden, ze fërderen an ze ënnerstëtzen.
Dës fortschrëttlech Initiative liwwert een ideaalt Aarbechtsëmfeld fir déi Lëtzebuerger Visioun vun der neier Weltraum-Industrie. Heibäi geet et virun allem ëm erweidert Recherchen an technologesch Kapassitéiten. Déi scho virhanden Kenntnisser ginn am Secteur vum Weltraum an de Satellitte weider ausgebaut. Donieft stëmmt sech d’Initiative perfekt mat der ekonomescher Strategie vun der Diversifikatioun fir Zukunftsorientéiert High-Tech Industrien iwwereneen.
Opmaacherfoto: Den Astronaut Buzz Aldrin salutéiert beim Erkléngen vun der US-amerikanescher Nationalhymn © Laurent Blum