Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Stäreschnäizen um Himmel, d’Perseiden erkläert
International Neiegkeeten

Stäreschnäizen um Himmel, d’Perseiden erkläert

Si goufe scho virun 2.000 Joer am ostasiatesche Raum beuecht,

Halen d‘Japaner un den olympesche Spiller fest?
International Neiegkeeten

Halen d‘Japaner un den olympesche Spiller fest?

Wärend zu Tokio déi lescht Handgrëffer op de Chantiere gemaach

EU: Polen blockéiert en Text zu de fundamentale Rechter
International Neiegkeeten

EU: Polen blockéiert en Text zu de fundamentale Rechter

Polen huet en Donneschdeg, bei der Sëtzung vun den EU-Justizminister

Atomkraaft: zu Berlin hunn se et wierklech nach net bekäppt

Säit dem Joreswiessel gehéiert den Atomoffall dem Staat

Atomkraaft: zu Berlin hunn se et wierklech nach net bekäppt

D‘Bedreiwer vun den Atomkraaftwierker (AKW) hunn sech „Fräikaf“. 15 Tëschelager mat 1.254 sougenannte Castor-Behälter sinn elo a staatlecher Hand. Wat déi däitsch Regierung laangfristeg domatter virhuet, ass bis ewell net gekläert.

Mam Joreswiessel si grouss Deeler vum héichradioaktiven Atommüll an Däitschland un de Staat iwwergaangen. Vu Landeswäit 16 Tëschelager sinn zanter dem 1. Januar alleguerten – bis op eent – vum Staat iwwerholl ginn. Do lagere bis op Weideres 1.254 Castor-Behälter, an do kommen der an de nächste Joren nach eng Rei derbäi. D‘Besëtzverhältnis erfollegt am Kader vun der gesetzlecher Regelung iwwert d‘Folgekäschte vun der Atomnotzung.

Dozou erkläert de Jochen Stay, Spriecher vun der Anti-Atom Organisatioun „.ausgestrahlt“: „Mat enger eemoleger Abezuelung vu 24 Milliarden Euro an e staatleche Fong, hunn sech d‘Bedreiwer vun AKWen vun der Verantwortung fir déi radioaktiv Hannerloossenschaft fräikaf. Domatter sinn si den Atommüll-Problem fir ëmmer lass, an et ass un der Allgemengheet sech dem Problem a senge Folgen unzehuelen“.

De Jochen Stay stellt nach fest:„Et ass elo scho gewosst, datt dat Geld aus dem Fong net kann duergoen, fir d‘Käschte vun de laangfristeger Lagerung ze decken. Um Enn muss de Steierzueler nees asprangen, obwuel Eon, RWE & Co. Joerzéngtelaang e sate Gewënn mat hiren AKWe erziilt hunn“. An dat ganzt kascht net nëmmen en Heede Geld, bréngt och eng hell Wull u Risike mat sech, déi esou wuel erkannt, net awer ofzeschätze sinn.

Kee weess wouhinner mam Dreck

„Keng vun de Lagerhale wou den Atommüll gelagert gëtt, ass géint den Ofstuerz vun engem Verkéiersfliger geséchert. Zudeem lafen d‘Genehmegunge vun den Halen an de Castor-Behälter tëscht 2034 an 2047 aus, wëll déi nëmmen op maximal 40 Joer ausgeluecht sinn. Bis dohinner wäert et keen ënnerierdescht geologesch séchert Lager fir de stralenden Offall ginn. Dofir brauch et eng gesellschaftlech Verstännegung, wéi den Atommüll méiglechst sécher gelagert ka ginn“.

Bis Enn 2018 waren nëmme 4 Tëschelager an ëffentlecher Hand. Dat waren déi vum fréieren DDR-Komplex Lubmin (Mecklenburg-Vorpommern) an dem Fuerschungszenter Jülich (NRW). Si gehéiere scho méi laang der Staatsentreprise „Entsuergungswierk fir Nuklearanlagen“ (EWN) Déi zwee zentral Tëschelager zu Gorleben (Niedersachsen) an Ahaus (NRW) waren den 1. August 2017 un déi staatlech „Gesellschaft fir Tëschelagerung“ (BGZ) iwwergaangen.

Hei kommen elo 11 Tëschelager derbäi, déi vun de Bedreiwer Eon, RWE, Vattenfall an EnBw un d‘BGZ iwwerdroe goufen. Et geet ëm d‘Anlage vu Biblis (Hessen), Philippsburg a Neckarwestheim (BaWü), Grafenrheinfeld, Gundremmingen an Isar (Bayern), Lingen, Grohnde an Esenshamm (Niedersachsen), Krümmel und Brokdorf (Schlesesch-Holstein). Eenzeg d‘Anlag vum AKW Brunsbüttel bleift am Besëtz vu Vattenfall, an déi huet säit Januar 2015 keng Betribserlaabnes méi.

matgedeelt vun „.ausgestrahlt“, aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten Atom, Atomausstig, Atomkraaft, Däitschland, EnBw, Eon, RWE, Vattenfall
Nächsten Artikel Virrechten Artikel