Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dat progressiivst Déiereschutzgesetz op der Welt
International Neiegkeeten

Dat progressiivst Déiereschutzgesetz op der Welt

Leschte Mëttwoch ass um Krautmaart, wann een dem Landwirtschaftsminister Fernand

Luxembourg Art Week 2019
International Neiegkeeten

Luxembourg Art Week 2019

Fir déi fënneft Editioun vun der Luxembourg Art Week, déi

G7-Sommet: En klenge Club, grouss Spannungen
International Neiegkeeten

G7-Sommet: En klenge Club, grouss Spannungen

Vum Handel zum Retour vu Russland an de Club, den

Nee zur Endlagerung vun Atomoffäll un der Lëtzebuerger Grenz!

Nee zur Endlagerung vun Atomoffäll un der Lëtzebuerger Grenz!

Op internationalem Niveau gouf der Belsch virgeschriwwen, datt eng politesch Decisioun zur Endlagerung vum Atomoffall getraff muss ginn. Déi héich radioaktiv a laanglieweg Offäll mussen dobäi iwwert eng extrem laang Zäitspan vum Mënsch an der Ëmwelt isoléiert ginn. Majo, wisou also net de Knascht un der Grenz zum Nopeschland stockéieren?

Klammheemlech ass op belscher Säit een Avant-Projet ausgeschafft ginn, deen d’Atommüllendlagerung op 7 Plazen un der Lëtzebuerger Grenz, respektiv a Proximitéit zum Groussherzogtum virgesäit. Nieft dem problemateschen Zäitpunkt, deen ee vir d’Ausschaffung vun dësem Projet gewielt huet, herrscht aktuell eng komplett Intransparenz an Inkohärenz. Déi 7 gewielte Plaze sinn:

  • Namur (80 km vun der Lëtzebuerger Grenz)
  • Dinant (70 km vun der Lëtzebuerger Grenz)
  • Plateau de Herve (à 55 km vun der Lëtzebuerger Grenz)
  • Gaume (Dës geologesch Schicht fänkt 5 km vun der Lëtzebuerger Grenz un)
  • Synclinal de Neufchâteau (Dës Couche geet duerch Lëtzebuerg)
  • Massifs de Rocroi (88 km vun der Lëtzebuerger Grenz)
  • Massifs de Stavelot (15 km vun der Lëtzebuerger Grenz)

Déi belsch Federal-Regierung hätt de Plang vun hannen eropgerullt, esou d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg. Et hätt een als éischt no der geographescher Plaz fir de finale Stock gesicht. Dobäi sollt den éischte Schrëtt eigentlech an enger strategescher Ëmweltpréifung bestoen, duerch déi d’Risiken an d’Folge fir d’Liewewiesen an d’Ëmwelt festgestallt ginn.

Schliisslech kéint eng liichtfäerteg Entscheedung ënnert anerem mat uergen Impakter op eist Drénkwaasser verbonne sinn. Verschidde geologesch Schichten reechen bis op Lëtzebuerger Säit eriwwer.

Atomoffäll

© SIP / Emmanuel Claude

Zäit Responsabilitéit ze iwwerhuelen

Bis zum 13. Juni 2020 ass et méiglech mat engem Avis op d’Pläng vun der belscher Regierung ze reagéieren. Aus dësem Grond fuerdert d’Ministesch Carole Dieschbourg dozou op, der nationaler Ariichtung fir radioaktiv Offäll an ugeräichert spaltbaart Material (NIRAS) Observatiounen a problematesch Punkten a schrëftlecher Form zouzeschécken.

De Lëtzebuerger Ëmweltministère ass a Kontakt mat de wallounesche Ministeren. D’Roserei iwwert dës Approche tëscht den Nopeschlänner suergt fir Roserei.

Schonn am Joer 2010 hat déi belsch Regierung een nationale Plang zur Endlagerung vun den Atomoffäll lancéiert, deen 2018 schliisslech ofgeschoss ginn ass. D’Méiglechkeet ze handelen a sech ze wieren besteet.

Atomoffäll

© SIP / Emmanuel Claude

Onkontrolléierbar Risiken

Bis ewell ass an der Belsch nach keng definitiv Decisioun getraff ginn, wou hir héichradioaktiv a laanglieweg Offäll, déi duerch d’Stroumproduktioun duerch Atomenergie entstinn, sollen endgelagert ginn. D’Gesetz vum 13. Februar 2006 gesäit dobäi vir, datt fir d’Prozedur vun der Bestëmmung vun enger gëeegenter Plaz fir d’Endlagerung eng strategesch Ëmweltpréifung an eng ëffentlech Consultatioun duerchlafe muss ginn.

Et geet nämlech dorëm méiglech d’Konsequenze fir d’Ëmwelt ze analyséieren, déi duerch verschidden Agrëff an Aktivitéite resultéiere kéinten. Dës Etapp iwwerhëlt d’NIRAS. Eréischt nodeems den nationale politesche Virschlag ënnert d’Lupp geholl an ugepasst ginn ass, dierf déi jeeweileg Federal-Regierung eng Decisioun treffen.

Gëtt eng Alternativ zur geologescher Endlagerung?

D’Äntwert ass kuerz: Nee. Iwwert Joerzéngten hu Fuerscher déi verschidde Optiounen zur laangfristeger Entsuergung vu radioaktivem Offall gepréift. Bis op d’Endlagerung „ënnert der Äerd“ entspriechen all aner Méiglechkeeten net den international festgeluechte Kritären zur Sécherheet, Ethik oder Machbarkeet. Alternativen, déi berécksiichteg goufe, waren ënnert anerem d’Entsuergung um Mieresgrond, am Äis oder am Weltraum.

Atomoffäll

De Problem besteet dodran, datt de Mënsch mat enger Situatioun konfrontéiert ass, ëm déi en sech nach ni richteg këmmere misst a wou intelligent an d’Zukunft geplangt muss ginn. D’Konstruktioune fir d’Deponie mussen all 100 bis 300 Joer ersat ginn, woubäi d’Atomoffäll an Tëschelager bruecht musse ginn. Dobäi kënnt, datt d’Quantitéit weiderhi wäert klammen.

Opmaacherbild: © SIP / Emmanuel Claude

Ähnlech Sujeten Atomoffall, Belsch Federal-Regierung, Drénkwaasser, Ëmwelt, Endlagerung, Finale Stockage, Geologesch Schichten, NIRAS, ONDRAF
Nächsten Artikel Virrechten Artikel