Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

enovos setzt op erneierbar Energien
International Neiegkeeten

enovos setzt op erneierbar Energien

Bis Enn 2019, esou de Communiqué vun enovos, solle Solaranlage

6. MakerFest – Digital Kreativitéit fir jiddwereen!
International Neiegkeeten

6. MakerFest – Digital Kreativitéit fir jiddwereen!

Et ass ewell déi 6. Editioun vum MakerFest, déi um

Italienesch Justiz saiséiert d‘Schëff vu spuenescher ONG
International Neiegkeeten

Italienesch Justiz saiséiert d‘Schëff vu spuenescher ONG

En italienesche Riichter huet en Dënschdeg d‘Saisie vun engem Schëff,

Atomofkommes mam Iran gescheitert

Den Iran verstéisst géint en Ofkommes dat et esou net méi gëtt an den US-President warnt

Atomofkommes mam Iran gescheitert

Mat der Annonce vun Teheran, datt den Iran sech net méi dem Atomofkommes verflicht fillt an den Uran nees méi héich „uräichere“ wäert, huet den Donald Trump en éischt Zil erreecht an déi aner Vertragspartner hir „Schwächt“ ënner beweis gestallt. Washington warnt d‘Ajatollahen a réit dësen: „Dir sollt besser virsiichteg sinn!“

Datt sech Teheran net méi un d‘Ofkommes gebonne fillt huet zwar an éischter Linn domadder ze dinn, datt den Donald Trump den Accord zerrappt huet, mee muss och deenen anere „Vertragspartner“ zougeschriwwe ginn. Zum engen hunn déi hir Versprieche vun enger wirtschaftlecher Kooperatioun net agehalen, an zum Ophiewe vun de Sanktiounen ass et erwisenermoossen och ni komm.

Atomofkommes

Fir de Milliardär a seng „Bussaren“ eng wëllkomm Geleeënheet ze behaapten, datt hie Recht huet an et den Iran ass dee sech net un d‘Ofkommes hält. Datt an dësem Kontext och déi aner Länner (mat Ausnam vu Russland) mat der iranescher Entscheedung an d‘Schleidere geroden, firwat och den Emmanuel Teheran e Sonndeg „gewarnt“ huet, bestätegt d‘Strategie déi d‘USA verfollegt hunn.

D‘Eise schloen esoulaang et gliddeg ass

Dem US-President säin „Haussender“ Fox-News huet dann och en héije pensionéierten Zaldot fonnt, fir d‘Ukënnegung aus Teheran den Amerikaner verständlech ze maachen. Den Iran géif sech mat dëser Entscheedung selwer schueden, an d‘Europäer missten elo erkennen, datt d‘Ajatollahe zu kengem Ament vum Atomprogramm an dem Wonsch no enger Atombomm ofgelooss hunn.

Atomofkommes

Et wier den Iran deen d‘Atomofkommes, un deem d‘Europäer an d‘Russe festgehalen hunn, gebrach hätt, genee esou wéi den US-President et virausgesot huet. Elo sollten sech d‘Europäer séier besënnen an sech nees der US-Politik uschléissen, fir mat alle Mëttel ze verhënneren, datt Teheran nees säin Atomprogramm, an domadder de Bau vun Atomwaffen, nees ophëlt.

Wat wien wéini dierf, entscheeden d‘USA

Vum US-President koum dann och prompt d‘Warnung un d‘Ajatollahen. De Milliardär, dee sech zu Morristown an engem vu senge Clibb vun den Ustrengunge vum G20Sommet an dem Kuerztrip op déi koreanesch Demarkatiounslinn zum „Handshake“ mam Kim erholl huet, sot géintiwwer den ausgewielte Journalisten: „Si sollte besser virsiichteg sinn. (…) Den Iran mécht vill béis Saachen“.

Atomofkommes

Wat et elo u Konsequenze mat sech bréngt, dat huet den Donald Trump net weider kommentéiert, mee mengt, datt „esou wéi si (d‘Iraner) et gären hätten, géif et bedeiten datt si automatesch e Recht op de Besëtz vun Atomwaffen hätten. Den Iran awer wäert ni Atomwaffe besëtzen“. Interessant, well bis ewell d‘USA déi eenzeg Natioun sinn déi d‘Atomwaff agesat hunn a weiderentwéckelen.

Duerchaus gewëllt et op e Krich ukommen ze loossen

Fir de pensionéierte „Militärexpert“ deen dem Trump seng Wieler direkt ugeschwat huet, war et wichteg ze betounen an ze widderhuelen: „De President Trump mécht genee dat wat hie maache soll: den Drock oprecht erhale fir d‘Iraner zu engem neien an op amerikanesch Interessen ausgeriichten, Vertrag ze zwéngen“. Woubäi eng Uwennung vu Waffegewalt net ausgeschloss gëtt.

Atomofkommes

An de Colonel Chris Gibson – fir de Krichsdreiwer och mam Numm ze nennen – huet och eng genee Virstellung wéi dat mam „bessere Vertrag“ soll ausgesinn. Esou soll deen neie vu Washington diktéierte Vertrag net zäitlech begrenzt ginn, Teheran muss op ëmmer an éiweg op Atomwaffe verzichten an zudeem effektiv Kontrollen (och duerch US-Inspekter) zouloossen.

Wat den Donald Trump tatsächlech wëll

Vun do aus Teheran opzefuerderen och mam Terror opzehalen, war dann nëmme méi e butzege Schratt. Elo dierf ee sech näischt virmaache loossen. Washington wëll de Regimm vun Teheran stierzen a eng Regierung asetzen, déi „d‘Wënsch vun den USA versteet, d‘Interesse vun der US-Wirtschaft matdréit, Israel als Natioun unerkennt an ophält mat Russland ze kooperéieren“.

Atomofkommes

Wéinst de Sanktiounen ass den Iran natierlech wirtschaftlech ugeschloen. Déi wäert 2019 tëscht 7% bis 10% ofhuelen an d‘Inflatioun am Land sollt sech iergendwou tëscht 35% an 45% apendelen. Ob dat duergeet fir de Regimm ze stierzen ass ongewëss. An et deet gutt ze wëssen, datt d‘Iraner weder domm nach liicht anzeschüchtere sinn. An am Géigesaz zu den USA hu si nach keen „ugegraff“.

mat indymedia/tlv/was

Ähnlech Sujeten Atomofkommes, IAEA, Iran, JCPOA, Uranuräicherung, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel