Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Méi sécher Vëlosweeër elo!
International Neiegkeeten

Méi sécher Vëlosweeër elo!

Et ass och zu Lëtzebuerg net ze iwwersinn: vill Mënschen

Ouni Pass kee Besuch vu Groussbritannien
International Neiegkeeten

Ouni Pass kee Besuch vu Groussbritannien

Um Donneschdeg huet déi brittesch Regierung seng Virstellungen zum europäesche

850 Beem sinn an de leschten zwee Joer zur Kompensatioun frësch ugeplanzt ginn
International Neiegkeeten

850 Beem sinn an de leschten zwee Joer zur Kompensatioun frësch ugeplanzt ginn

Kompensatiounsmoossnamen, wann e Bam, dee laanscht enger Strooss steet, gefält

Attack op d’UNO am Mali: néng Doudeger

Attack op d’UNO am Mali: néng Doudeger

E Méindeg sinn bei zwou geziilten Attacken op d’UNO-Missioun MINUSMA néng Mënschen ëm d’Liewe komm. Heirënner ee Blohelm aus dem Togo an fënnef Sécherheetsbeamten aus dem Mali.

Dës Attacken, zu deenen een de bluddegen Attentat am Burkina Faso ziele muss, fanne grad zu engem Zäitpunkt statt, wou den UN-Sécherheetsrot sech dem schwaarze Kontinent unhëlt. Um Dënschdeg soll zu New York, iwwer d’Erstelle vun enger internationaler anti-dschihadistescher Eenheet am Sahel, berode ginn.

Den éischten Akt

Eng éischt Attack huet Lager vun der MINUSMA zu Douentza, am Zentrum vum Land getraff. D’UNO deelt mat, datt hei de Blohelm aus dem Togo an en Zaldot aus dem Mali gestuerwe sinn. E weidere Blohelm gouf beim Ugrëff blesséiert.

„En éischte Gruppe vun Ugräifer huet op de Camp vun der MINUSMA, vun engem Hiwwel aus geschoss. Eenheete vun der malescher Arméi, déi an der Géigend waren hunn zeréckgeschoss“, erkläert d’MINUSMA. „Op en zweete Grupp, dee sech ze Fouss a Richtung engem anere MINUSMA-Camp gemaach hat an och direkt mat schéissen ugefaangen huet, ass an d’Feier vun de Blohelmer geroden. Zwee Ugräifer sinn heibäi erschoss ginn“ esou d’MINUSMA weider, déi dës terroristesch Attack veruerteelt.

Direkt duerno

Am Nomëtteg bei engem zweeten Ugrëff bewaffent Männer den Haaptquartéier vun der MINUSMA zu Timbuktu an d’Viséier geholl. Hei sinn fënnef malesch Sécherheetsbeamte, ee Gendaarm an en ziville Mataarbechter vun der MINUSMA gestuerwen. E Gardien an sechs Blohelmer, sinn deels schwéier blesséiert ginn.

„Sechs Ugräifer si bei der Ofwier erschoss ginn“, preziséiert d’UNO. Eng schnell Interventiounsgrupp a Helikopter sinn agesat gi fir den Haaptquartéier ze sécheren an eventuell Ugräifer opzespieren. Wéi ee Responsabel vum Timbuktu-Gouvernorat matgedeelt huet, waren d’Ugräifer mat Granaten a Kalaschnikowwen ausstafféiert.

Hannerhälteg a schänterlech

De Chef vun der MINUSMA, Mahamat Saleh Annadif huet dës Akten als „hannerhälteg a schänterlech“ veruerteelt. Den UN-Generalsekretär Antonio Guterres huet zu New York matgedeelt, datt dës Attacke géint Blohelmer zu Douentza an Timbuktu „als Krichsverbriechen, entspriechend dem internationale Recht, unzegesi sinn“.

An engem Communiqué hunn déi 15 Membere vum Sécherheetsrot och d’Attacke condamnéiert. Si ruffen de Mali op „schnell“ eng Enquête anzeleeden an d’Auteure viru Geriicht ze bréngen.

mat AFP

Foto: © Souleymane Ag Anara/AFP

Ähnlech Sujeten Mali, MINUSMA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel