Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ShadoWhisperS – Musikalesch d’Däischtert liewen, spieren a spillen
International Neiegkeeten

ShadoWhisperS – Musikalesch d’Däischtert liewen, spieren a spillen

Wien mengt datt symphonesche Metal ausgestuerwen ass, dee sollt elo

Grouss Onsécherheete fir d’Zukunft vun der Stolindustrie zu Diddeleng
International Neiegkeeten

Grouss Onsécherheete fir d’Zukunft vun der Stolindustrie zu Diddeleng

Fir de Site zu Diddeleng wäert eng beonrouegend Episod ufänken.

Qualitative Wuesstem dank engem staarke Secteur vun de Gesondheetstechnologien
International Neiegkeeten

Qualitative Wuesstem dank engem staarke Secteur vun de Gesondheetstechnologien

Bei der Konferenz „Health Technologies @ Luxembourg – Shaping the

Mann stierft bei Attack op Passanten am Süde vu London

Mann stierft bei Attack op Passanten am Süde vu London

An enger beliefter Akafsstrooss am Londoner Süden huet ee Mann dräi Persounen op oppener Strooss ofgestach, eng Persoun schwieft zur Stonn nach a Liewensgefor. Den Täter ass op der Plaz vun der Police erschoss. Scotland Yard geet vun engem terroristeschen Hannergrond aus.

LondonLondonNieft deem schwéierblesséierten Affer, ass eng weider Persoun mat Schnëttwonnen an d‘Spidol iwwerstallt ginn. Déi drëtt Persoun konnt op der Plaz versuergt ginn. Aenzeien hunn der BBC erzielt, datt den Täter e Géigestand u sengem Uewerkierper gedroen hätt, dat wéi ee Sprengsaz ausgesinn huet. Entspriechend Biller sinn dann och an de sozialen Netzwierker ze fannen.

LondonVun der Downing Street aus huet de Premierminister Boris Johnson de Rettungsdéngschter an der Police vir hiren Asaz Merci gesot. De Buergermeeschter vu London, Sadiq Khan, huet via Twitter betount, datt Terroristen zwar versiche géifen d‘Land a seng Bierger ze splécken, wéi och d‘Aart a Weis ze Liewen zerstéiere wëllen, si domadder awer zu London ni wäerten erfollegräich sinn.

LondonBekannt ass dann elo och, datt et sech beim als méigleche Sprengsaz erkannte „Rimm“ ëm eng Attrapp gehandelt huet, wouduerch eng gréisser onmëttelbar Gefor konnt ausgeschloss ginn. Zum Täter huet d‘Police matgedeelt, datt dëse virbestrooft ass an eréischt am Dezember 2019 aus dem Prisong entlooss gouf. Hie war wéinst Verbreedung vun islamistescher Propaganda veruerteelt ginn.

London

D‘Beamte vun der Metro Police hunn den Täter, Sudesh Amman, virun der Apdikt neutraliséiert © Amichai Stein (via Twitter)

Déi lescht memorabel Attack vun engem Terrorist hat et am November 2019 ginn, wou zwee Mënschen onwäit vun der London Bridge duerch Messerstéch ëm d‘Liewe komm sinn. Am Juni 2017 waren et aacht Mënschen, déi nodeems Terroristen der dräi op der London Bridge iwwerrannt an du fënnef Persounen um Borough Market erstach haten. Si goufe vun der Police erschoss…

mat indymedia/lon

Illustratioun: Dat sinn „d‘Headlines“ déi d‘Britten de Moien am Kiosk erwaarden.

Ähnlech Sujeten London, Metro Police, Scotland Yard, Streatham, Sudesh Amman, Terror
Nächsten Artikel Virrechten Artikel