Robert Plant mat neiem Album am Oktober
„Carry Fire“ ass no dräi Joer, zanter dem leschten Album,
„Carry Fire“ ass no dräi Joer, zanter dem leschten Album,
De President vun der tierkescher Branche vun Amnesty International ass
Zum 10te Gebuertsdag vun der Cité Bibliothéik huet de Schäfferot
Bei der Explosioun vun enger Autosbomm, déi an enger Ambulanz verstoppt war, sinn e Samschdeg zu Kabul 95 Mënsche verstuerwen an 158 blesséiert ginn. D‘Dot, déi an engem vun den animéiertste Quartiere vun der afghanescher Haaptstad Terror a Verzweiwlung ausgeléist huet, ass vun den Taliban revendiquéiert ginn.
De Bilan vum „Massaker“ huet d‘AFP vum Spriecher vum Gesondheetsminister Waheed Majroh iwwermëttelt ginn. Déi afghanesch Presidence huet an engem Communiqué den Attentat als „Verbrieche géint d‘Mënschheet“ bezeechent. Och vun der internationaler Communautéit ass dës onbeschreiflech Dot op dat schäerfst veruerteelt ginn.
Washington huet zu enger „entscheedender Aktioun“ géint d‘Taliban opgeruff. An engem Communiqué vum Donald Trump heescht et: „Elo mussen all d‘Länner eng entscheedend Aktioun géint Taliban an d‘Infrastrukturen déi se ënnerstëtzen aleeden. D‘USA hu sech fir e séchert Afghanistan agesat, dat fräi vun Terroristen ass, déi Amerikaner, Alliéiert a jiddereen als Zil huelen, deen hir eekeleg Ideologie net deelt“.
D‘USA hunn zwar elo net preziséiert wéi eng „Infrastrukture“ gemengt sinn, mee si weise reegelméisseg mam Fanger op de Pakistan. Hei sollen d‘Taliban sech ëmmer nees zréckzéien an nei opstellen, fir hir Doten an Afghanistan ze begoen.
De Coordinateur vun der italienescher ONG „Emergency“, Dejan Panic huet op Twitter reagéiert: „Et ass ee Massaker“.
Laut dem afghaneschen Inneministère si „véier Verdächteger am Verlaf vun der Enquête zum Attentat verhaft ginn“. Et ass datt déidlechst Attentat zanter der Explosioun vun engem Camion an der „diplomatescher Zon“ den 31. Mee 2017. Hei waren 150 Mënsche Verstuerwen an der iwwer 400 blesséiert ginn.
Iwwerlaascht, hunn d‘Spidäler déi blesséiert Victime, vun engem Etablissement un dat anert weidergereecht. Am Spidol vun „Emergency“, wou no eegener Ausso 163 Mënsche behandelt ginn – déi am offizielle Bilan comptabiliséiert sinn – war ee gezwongen, déi Verletzt op um Buedem ausgeluechte Matrassen ze behandelen.

Awunner a Fräiwëlleger si beméit op der Plaz vum Attentat, wou e Selbstmäerder sech mat enger Ambulanz an d‘Luucht gejot huet, déi Blesséiert esou gutt a séier wéi nëmme méi méiglech ze evakuéieren. © Wakil Koshar/AFP
D‘Attentat selwer, ass vum Taliban-Spriecher Zabihullah Mujahid via „Whats App“ revendiquéiert ginn: „e Märtyrer huet säi mam enger Bomm ausstafféiert Gefier beim Inneministère, wou sech vill Polizisten opgehalen hunn, gesprengt“.
„De Selbstmäerder huet eng Ambulanz benotzt fir duerch d‘Spären ze gelaangen“, erkläert de Nasrat Rahimi, Spriecher vum Inneministère. „D‘Ambulanz war um Parking vum Spidol Jamuriate ofgestallt. Se wollt uschléissend duerch d‘Ofspärung, fir bei den Inneministère an de Friddensrot zu gelaangen. De Selbstmäerder ass dann awer der Police opgefall an huet säi Gefier gesprengt iert hie säin Zil erreecht hat“.
Laut dem Nasrat Rahimi, verdächtegt d‘Regierung den terroristesche Reseau „Haqqani“, deen den Taliban nosteet a sech an engem Territoire am pakistanesche Grenzgebitt néiergelooss huet.
Déi enorm Explosioun, huet am Ëmkrees vun e puer honnert Meter schued ugeriicht. D‘Fënstere vun de Gebaier an der „Chicken Street“, der Strooss vun den Antiquairen, si grad ewéi déi an den ëmleiende Quartiere gebascht.
E Fotograf vun der AFP deen sech op d‘Plaz beginn huet, konnt eng Abberzuel un Affer, déi reegelrecht am eegene Blutt „geschwomme“ sinn, gesinn. Doud oder verletzt hätten se an der Strooss, op den Trottoire geleeën. Wie konnt huet ëm Hëllef geruff, an d‘Awunner ware beméit déi Verletzt, esou gutt et nëmme gaangen ass, ze evakuéieren.
Vill vun den Affer, Männer, Fraen a Kanner, déi an d‘Spidol Jamuriate gefouert gi sinn, hu missen an de Gäng behandelt ginn. „Ech hunn nëmmen nach Blutt gesinn“, esou en Zeien, dee vun der Explosioun den „erschloe“ ginn ass, a matten an den Trëmmer op der Strooss nees zou sech komm ass.
D‘ONG „Emergency“ déi op Krichschirurgie spezialiséiert ass, huet misse bekannt ginn, datt et hinnen net méiglech wier weider Blesséierter opzehuelen.
„Am Spidol Jamuriate huet een eis gesot, datt et voller Doudeger a Blesséierte wier, an mir et bei Emergency sollte versichen. Mee hei sinn se och iwwerlaascht an hu keng Plaz méi. Si bieden all déi Leit, déi net onmëttelbar a Liewensgefor sinn, en anert Spidol opzesichen“, erzielt e Mann der Televisiounschaîne „Ariana News“, dee säi verletzte Brudder matbruecht hat.
No der Explosioun ass Panik ausgebrach. E Nopeschgebai vum Spidol Jamuriate, ee puer Stäck héich a schwéier beschiedegt, dréit anzefalen, beschreift de Fotograf d‘Situatioun op der Plaz. D‘Gefor wier am direkten Ëmkrees net eriwwer, an d‘Dokteren hätten d‘Zivilisten opgefuerdert déi Blesséiert ze evakuéieren, well gefaart muss ginn, datt d‘Haiser a sech zesummebriechen.
D‘Attentat huet direkt virun enger Ofspärung vun der Police stattfonnt, mat där den Zougang zu enger Avenue geschützt gëtt, déi zu wichtegen Institutioune féiert: den Inneministère, de Friddensrot, de Sëtz vun der Police, de Büro vun der europäescher Delegatioun an de Meedercherslycée Malalai.

Am Spidol Jamuriate zu Kabul, wou een nom Attentat schlicht an ergräifend net méi wousst wouhinner mat de sëlleche Blesséierten, sinn d‘Affer gläich dem Buedem behandelt ginn. © Wakil Koshar/AFP
De Friddensrot, beoptraagt mat de – blockéierte – Verhandlunge mat den Taliban, geet dovunner aus, dat privilegiéiert Zil vum Uschlag gewiescht ze sinn. „Si hunn eis Ofspärung viséiert. Et ass onbegräiflech, all eis Fënsteren si reegelrecht bei der Däiwel gefuer“, esou d‘Hasina Safi géintiwwer der AFP. D‘Leit vun der europäescher Delegatioun konnte séier am „séchere Raum“ Schutz fannen.
Den Zeenario mat der Ambulanz ass ee vun de gefaartsten. E Journalist vun der AFP konnt awer nach eng Stonn virum Attentat feststellen, datt d‘Ambulanzen, déi a Richtung Spidol Jamuriate ënnerwee waren, systematesch bei den Ofspärungen ugehalen an eng no der aner kontrolléiert goufen.
Zur Zäit ass de Niveau d‘Alerte zu Kabul extrem. Besonnesch am Zentrum an am diplomatesche Quartier, wou déi meescht Ambassaden an auslännesch Institutiounen an de „Lock Down“ (Ausgang Verbueden) gesat gi sinn.
D‘Attentat vun e Samschdeg, ass schonn dat deen drëtten Uschlag an enger Woch, deen Afghanistan am Häerz getraff huet. Um Samschdeg 20. Januar haten d‘Taliban den Hotel Interkontinental zu Kabul ugegraff, a 19 Mënschen, dorënner 14 Auslänner, ermuert. Um Mëttwoch de 24. Januar waren d‘Raimlechkeete vu „Save the Children“ zu Jalalabad vun den Taliban iwwerfall ginn.
Zu Paräis, als Zeeche vu Solidaritéit, huet d‘Buergermeeschtesch Anne Hidalgo d‘Entscheedung getraff, d‘Beliichtung vun Eiffeltuerm um Mëtternuecht auszeschalten. „D‘Stad Paräis, a seng Awunner stinn un der Säit vum afghanesche Vollek, dat op e neits sech der terroristescher Barbarei stelle muss“, esou d‘Anne Hidalgo via Twitter.
mam Emal Haidary an dem Mushtaq Mojaddidi/AFP
Foto: Afghanescht Sécherheetspersonal huet de ganze Beräich ronderëm d‘Spidol Jamuriate no engem Attentat ofgespaart. En Taliban-Selbstmäerder hat sech hei bei enger Ofspärung mat enger Ambulanz an d‘Luucht gesprengt. © Wakil Koshar/AFP