Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Handelskummer informéiert (Update)
International Neiegkeeten

D‘Handelskummer informéiert (Update)

Am Zesummenhalt mat den Richtlinne vum Regierungsrot bei der Aféierung

Weltdag vun den Ozeaner – Et gëtt villes ze verléieren, awer och ze gewannen
International Neiegkeeten

Weltdag vun den Ozeaner – Et gëtt villes ze verléieren, awer och ze gewannen

Iwwer zwee Drëttel vun der Äerd si vu Waasser bedeckt

Battin Triple: E fruuchtege Minettsdapp
International Neiegkeeten

Battin Triple: E fruuchtege Minettsdapp

De Battin „Triple“, e sougenannten Trappist-Béier, ass en uewergäregen a

Venezuela: Attentat op den Nicolas Maduro, eng Iwwersiicht

Venezuela: Attentat op den Nicolas Maduro, eng Iwwersiicht

Zwou Explosiounen, siwe Verletzter, sechs Verhaftungen: dat sinn déi Elementer déi den Attentat op de Nicolas Maduro resuméieren. De venezuelanesche President, war um Samschdeg d‘Zil vun engem hannerlëschtegen Ugrëff, dee mat Dronen ausgefouert ginn ass. Hei d‘Detailer zu deem wat bis ewell sécher gewosst ass.

C4-Sprengstoff

E Sonndeg huet de Justiz- an Inneminister Nestor Reverol bestätegt, datt de presuméierten Attentat géint de Staatschef, mat zwou Dronen ausgefouert ginn ass. Déi wiere jeeweils mat enger Charge vun 1 Kilo C4-Sprengstoff ausstafféiert gewiescht. Den C4 ass ee staarke militäresche Sprengstoff, deen, jee no Asaz, schwéiere Schued an engem Ëmkrees vu 50 Meter uriichte kann.

De Minister bericht, datt eng vun den Dronen iwwert d‘Tribün vum President geflunn ass, hei awer duerch en Ofwiersystem „gestéiert“ gouf, an esou ausserhalb dem Perimeter dee virgesi war, explodéiert ass. D‘Kontroll vun der zweeter Drone muss „verluer“ gaange sinn, well déi riicht an e Gebai geflunn ass, onwäit vun där Plaz ewech, wou d‘Militärparade stattfonnt huet.

Op de Fotoe vun der AFP kann een e Gebai erkennen, deem seng Façade duerch d‘Explosioun geschwäerzt gouf. De Procureur, Tarek William Saab, huet e Samschdeg op CNN dem Inneminister widdersprach. „Ech konnt observéiere wéi déi Drone déi d‘Zeremonie gefilmt huet explodéiert ass“. Hie schléisst sech net der Ausso un, datt béid Drone vun Terroriste gesteiert gi sinn.

Revendicatiounen

Den Uschlag gëtt vun enger mysteriéiser Rebelle-Grupp, déi aus Zivilisten an Zaldote soll bestoen, revendiquéiert. Eng Ausso déi op engem Communiqué berout, deen an de sozialen Netzwierker ronderëm d‘Welt gaangen ass.

„Mir kënnen et net zouloossen, datt d‘Bevëlkerung erhéngert, datt déi krank keng Medikamenter erhalen, datt d‘Geld näischt méi wäert ass, de Bildungssystem de Leit näischt méi bäibréngt, an nach eenzeg d‘Doktrinn vum Kommunismus verfollegt gëtt“, heescht et an dësem Text, dee vum „Nationale Mouvement vun den Zaldoten a Flanellhiemer“ ënnerschriwwen ass. Eng Grupp déi bis heihinner onbekannt war, a vun där net mat Sécherheet ka behaapt ginn, datt et se wierklech gëtt.

Sechs Verhaftungen

Den Inneminister bestätegt d‘Verhaftungen am Zesummenhang mam Attentat: „Mir hu bis ewell 6 Terroristen a Profikiller verhaft an eng Rei Gefierer saiséiert. Et huet zudeem an verschiddenen Hoteller vun der Haaptstad Perquisitioune ginn, bei deene belaaschtend Beweiser fonnt gi sinn (…) Déi Leit am In- an Ausland, déi den Uschlag geplangt an ausgefouert hunn, konnten identifizéiert ginn. Weider Verhaftunge ginn net ausgeschloss“.

Laut dem Nestor Reverol, war eng vun der Persounen déi konnte festgeholl ginn, mat engem Haftbefehl gesicht ginn. Dat wéinst engem terroristeschen Uschlag géint eng Militärbasis zu Valencia (westlech vu Caracas) de 7. August 2017.

Maduro

Géint dëst Gebai, onwäit vum Defilé, soll eng vun den Dronen déi ausser Kontroll geroden ass, geflunn an explodéiert sinn. © Juan Barreto/AFP

D‘Identitéite vun alle Leit déi festgeholl goufe sinn nach net ëffentlech gemaach ginn. Heizou soll et um Méindeg zousätzlech Informatioune ginn. Aus engem Police-Rapport, deen d‘AFP konnt agesinn, ass e gewësse César Saavedra, am Zesummenhang mat der Drone déi géint d‘Gebai geflunn ass, festgeholl ginn.

Wien derhannert stécht

Fir de venezuelanesche President Nicolas Maduro besteet keen Zweiwel, datt hannert dësem Attentat de kolumbianesche President Juan Manuel Santos stécht. D‘Operatioun selwer wier vun den USA, oder zumindest amerikaneschen Hannermänner finanzéiert ginn. Eng Ausso déi direkt vu Bogota als „Absurd“ bezeechent ginn ass.

Och Washington huet (ganz) séier reagéiert. Den John Bolton, dem Donald Trump säi Beroder fir déi national Sécherheet: „Ech ka kategoresch behaapten datt et bei dësem Virfall keng Bedeelegung vun der US-Regierung gëtt“. Et ass allerdéngs och gewosst, datt Washington sech dem President Nicolas Maduro entleedege wëll, an de Milliardär en zolidd Motiv hätt.

Siwe blesséiert Zaldoten

Beim Attentat si siwe Membere vun der Arméi deels schwéier blesséiert ginn. De Jorge Rodriguez, Kommunikatiounsminister bestätegt, datt se alleguerten am Spidol behandelt ginn, a keent vun den Affer a Liewensgefor ass.

mam Alex Vasquez/AFP

Foto: D‘Attentat op de venezuelanesche President Nicolas Maduro huet bei der Zeremonie zum 81. Anniversaire vun der Nationalgard zu Caracas stattfonnt. © Juan Barreto/AFP

Ähnlech Sujeten Attentat, Kolumbien, Nicolas Maduro, USA, Venezuela
Nächsten Artikel Virrechten Artikel