Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den ACL verdeedegt eng Politik vun der globaler Mobilitéit
we've been dating for a week Neiegkeeten

https://moien.lu/history-of-radioactive-dating/

Am Kontext vun de Chamberwahlen am Oktober, huet sech den

https://moien.lu/triple-dating-ideas/
we've been dating for a week Neiegkeeten

Frankräich ass net bereet fir en Europa vun de Populisten ze finanzéieren

Frankräich ass „net bereet Geld an de Grapp ze huele

ArcelorMittal: Den Duo Schneider-Biancalana wëll de Standuert Diddeleng net opginn
we've been dating for a week Neiegkeeten

ArcelorMittal: Den Duo Schneider-Biancalana wëll de Standuert Diddeleng net opginn

Den 13. Abrëll hat de Stolgigant ArcelorMittal bekannt ginn, datt

Sachsen-Anhalt: Attentat op Synagog!

Zwee Doudeger, zwee blesséierter a vill Froen. Vun deem wat gewosst ass…

Sachsen-Anhalt: Attentat op Synagog!

Bei Uschléi a Sachsen-Anhalt si virun enger Synagog an engem Döner-Restaurant zwee Mënschen erschoss ginn. D‘Läich vun enger Fra huet bei de Synagog geleeën, e weidere Mann gouf am Imbiss ëmbruecht. Zwou weider Persoune goufe blesséiert, si wieren awer net an akuter Liewensgefor.

Éischten Informatiounen no handelt et sech beim Täter, dee vun der Police konnt verhaft ginn, ëm de 27 järege Stefan B. aus Halle. Den däitschen Inneminister Horst Seehofer (CSU) huet nach um Owend confirméiert, datt et sech bei dëser hannerlëschteger Dot ëm en „Eenzeltäter“ handelt. De Stefan B. – deem seng Dot mam Uschlag vu Christchurch gläichzesetzen ass – huet seng Operatioun mat der Helmkamera gefilmt, firwat seng Attack live am Netz ze gesi war.

SynagogDat ganzt ass iwwert d‘Plattform „twitch.tv“ ausgestraalt ginn. Laut dem Bedreiwer vun der Plattform hätte bis zu 2.200 Persounen de Stream verfollegt an et hätt eng 30 Minutte gebraucht fir d‘Opnamen ze läschen. De Stefan B. konnt vun der Police festgeholl ginn. Déi war bis spéit an den Owend net dovunner iwwerzeegt, datt hie soll eleng gehandelt hunn. Si hunn dann awer bestätegt, datt si net méi vun enger weiderer Gefor ausginn.

Hätt et kënne verhënnert ginn?

An der Synagog vun Halle, wou gëschter wéi eigentlech iwwerall op der Welt, déi jiddesch Communautéit Yom Kippour (יוֹם כִּפּוּר) gefeiert gouf, haten se iwwert d‘Kamerae gesinn, datt ee bewaffenten Täter mat Stolhelm a Gewier versicht huet d‘Dieren opzeschéissen. Déi hunn allerdéngs standgehalen. Dorops hin huet de Stefan B. eegen zesummegeschoustert Sprengsätz virun den Dieren deponéiert, iert hie „weidergezunn“ ass.

SynagogFir de Virsëtzende vum jiddeschen Zentralrot, Josef Schuster, géif déi ugewannte Brutalitéit alles iwwerbidde wat sech an de leschte Joren an Däitschland zougedroen huet. Hien huet och absolut kee Versteesdemech dofir, datt d‘Synagog op dësem – ee vun de wichtegsten – jiddesche Feierdag net vun der Police geséchert ginn ass. (Dat war zu Lëtzebuerg, wou eng Gefor net imminent ass, beispillsweis de Fall, zu an der Stad an zu Esch)

Solidaritéit a Matgefill

D‘Bundeskanzlerin Angela Merkel hat sech direkt iwwert de Virfall informéiert an huet de Familljen a Frënn an vun den Affer hiert Bäileed ausgedréckt. Si huet sech um Owend zu Berlin an der Synagog an der Oranienstrasse zu Berlin un d‘Säit vun der Communautéit gestallt.

SynagogOch den US-Ambassadeur Richard Grenell, dee matgedeelt huet, datt och senger Landsleit an der Synagog waren, huet der Communautéit seng voll Ënnerstëtzung zougesot. Am Europaparlament hu se eng Gedenkminutt ageluecht, an och den UN-Generalsekretär Antonio Guterres huet den Uschlag als eng weider „tragesch Demonstratioun vun Antisemitismus“ veruerteelt.

Nach gëtt ermëttelt…

Während d‘Police beméit ass d‘Hannergrënn ze beliichten an den Täter verhéiert, kann ee sech op eng vum Täter eegens virbereeten Dokumentatioun (dës Dokumenter verbreeden sech am Netz a veschiddene vun Neonazie besichte Foren) stäipen. Laut den doranner enthalenen Informatiounen, hätt hien esouvill Judde wéi iergend méiglech ëmbrénge wëllen. Well d‘Waffen an d‘Ausrëschtung zimlech ëmfaassend beschriwwe goufen, déi den Nazi bei sech hat, läit et no, datt d‘Dokumenter dem Täter zouzeschreiwe sinn.

SynagogA senger „Video-Message“ huet de Stefan B. sech och drop behaapt, datt et den Holocaust net ginn huet. Bosseg: säin Uschlag begrënnt den Täter mam Feminismus, deen zu manner gebuerte géif féieren, firwat et Massenawanderung gëtt. An dohannert stécht „de Judd“. Méi muss en dozou dann och net méi soen. Wéi Däitschland gedenkt dëse Virfall politesch ze bewältegen, muss een elo ofwaarden.

mat indymedia/ber

Foto: (Video grab)

Ähnlech Sujeten Antisemitismus, Faschist, Halle, Stefan B., Synagog
Nächsten Artikel Virrechten Artikel