Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Weltdag vum Semikolon (fir d’Suizid-Preventioun)
Fail International Meenung

What the Fakt – Weltdag vum Semikolon (fir d’Suizid-Preventioun)

Och wann ee beim Numm vum haitegen Aktiounsdag éischter un

Den Hugo Gernsback, erkläert
Fail International Meenung

Den Hugo Gernsback, erkläert

Op am Kino, dem Bicherbuttek oder a Comichefter: Science-Fiction ass

Ech si verzweiwelt (Lieserbréif)
Fail International Meenung

Ech si verzweiwelt (Lieserbréif)

Et steet schlëmm ëm eis Geschäftsleit. Nach ëmmer ginn et

dislike

Attentater op Politiker weisen, wéi gewaltbereet Rietsextremer sinn

E Kommentar

Attentater op Politiker weisen, wéi gewaltbereet Rietsextremer sinn

Et si schlëmm Noriichten, déi een al Dag erreechen. Zënter déi sougenannte Flüchtlingskris ugefaangen huet, ass d’Unzuel vun rietsextremen Terroruschléi massiv an d’Luucht gaangen. Dëst virun allem och bei eisem däitschen Noper. Déi gréisste Noriicht vun dësen Deeg ass d’Attentat op de Buergermeeschter vun Altena, den Andreas Hollstein.

De Grond firwat en ugegraff ginn ass: Seng liberal Flüchtlingspolitik. Nëmmen dank der Hëllef vun anere konnt hien d’Attentat iwwerliewen, awer et ass e weidere Beweis dofir, datt hei net bei Wieder opgehale gëtt, mee och eng enorm Gewaltbereetschaft existéiert. Mi fréi am Joer gouf den Attentäter op di haideger Buergermeeschterin vu Köln zu 14 Joer Haft veruerteelt.

A béide Fäll ass schnell offensichtlech, wat zu dësen Dote gefouert huet. Esou gouf et och zu Altena Branduschléi op Flüchtlingsheemer, vu Leit déi Angscht virun „Abréch, Déifställ, Gewaltdoten an och sexuellen Iwwergrëff“ (Quell: Spiegel) vu Flüchtlingen haten. Donieft gëtt bal all Dag e Flüchtlingsheem Opfer vun engem Uschlag.

Et gesäit also esou aus, wéi wann en Deel vun den „dat wäert ee jo mol soen dierfen“- an „ech si kee Rassist, mee…“- Leit net bei de blousse Wierder bleiwen. An dowéinst ass et och logesch, fir Hassrieden konsequent unzeprangeren an direkt Opriff zu Gewalt – wéi se och hei am Land ëmmer erëm virkommen – viru Geriicht ze bréngen. Dat ass keng Ënnerdréckung vu Meenungsfräiheet, mee d‘Oprechterhale vun der gesellschaftlecher Uerdnung.

A wie mengt, Lëtzebuerg wier géint esou Saache gefeilt, läit schlicht falsch. Wou den Diskurs verbreet gëtt, sinn d‘Dote seele wäit. Sou waren och d‘Wunncontainer zu Wäisswampech schonn attackéiert a mat xenophobe Spréch beschmiert ginn. Zum Gléck si weider Aktiounen bis elo ausbliwwen, an dach muss een sech bei de Kommentaren, déi een sou liest, ëmmer erëm froen: wéi laang nach?

Foto: Oliver Berg / dpa / AFP

Update (30. November): Feeler goufe korrigéiert

Ähnlech Sujeten Altena, Andreas Hollstein, Rietsextrem, Terrorismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel