Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mam Tram op déi 678. Editioun vun der Schueberfouer
retired military online dating

Mam Tram op déi 678. Editioun vun der Schueberfouer

De Summer näipt sech sengem Enn zou, a vill Vakanz

difference between dating and bf gf
https://moien.lu/00-free-dating-sites/
retired military online dating

conservative christian online dating

Dëse Méindeg 13. November wäert Venezuela senge Creanciere mussen agestoen,

UNO: Budgetsrestriktioun fir d’Friddensmissiounen
retired military online dating

UNO: Budgetsrestriktioun fir d’Friddensmissiounen

Déi véier wichtegst Friddensmissioune vun der UNO „mussen de Rimm

Attentat zu Manchester: 22 Doudeger a 50 Blesséierter

Attentat zu Manchester: 22 Doudeger a 50 Blesséierter

Bei engem hannerlëschtegen Attentat zu Manchester bekloen d’Autoritéiten 69 Affer. De gräisslechen Uschlag war ee Méindegowend nom Concert vun Ariana Grande am Sall „Arena“ duerchgefouert ginn. Verschidden Zeien hu bestätegt eng gréisser Explosioun gehéiert ze hunn, déi fir Panik am Sall a vrun der Dier, wou Elteren op hir Kanner gewaart hunn, gesuergt huet.

Mier waren am gaangen de Sall nom Concert, géint hallwer eelef, ze verloosse, wéi mer en heftege Knall, eppes wéi eng Explosioun, héieren hunn an alles a Panik versat huet an d’Leit hu probéiert ze flüchten“, erzielt den 22Joer jonke Majid Khan de britescher Agence Press Association. „All déi Leit déi sech op der anerer Säit vum Sall befonnt hunn wéi de Knall ze héiere war, sinn op eemol op eis zougelaf an hu versicht erauszekommen – dat huet dunn alles blockéiert. Et war Panik“, huet de Majid weider gesot.

D’Police war schnell op der Plaz an huet alles ofgespaart. Och Ambulanze sinn zimlech schnell derzou komm, bericht ee Fotograf vun der AFP. Kuerz Zäit duerno huet d’Police dann och de Bilan misse virleeën a schwätzt vun engen terroristeschen Attentat. „Mier schaffen drun all d’Detailer zesummen ze kréien, vun deem wat vun der Police als gräisslechen Uschlag bezeechent gëtt“, reagéiert d’Premier Ministesch Theresa May an dréckt de Familljen hir Sympathie aus.

Schrecklech Biller

Mier hu grad dat lescht Lidd gelauschtert a plëtzlech huet et ee Blëtz mat engem Knall ginn an dunn den Damp“, erzielt den Gary Walker vu Leeds der BBC, dee mat senger Fra komm war fir hir Meedercher vum Concert ofzehuelen. De Walker ass um Fouss blesséiert ginn, wuel duerch ee Stéck Metall, seng Fra ass um Bauch getraff ginn. Och d’Elena Semino, déi op hiert d’Meedche beim Guichet gewaart huet ass vun der Explosioun blesséiert ginn an erzielt dem Guardian: „Ech hunn eng grouss Hetzt am Hals gespiert a wéi ech de Kapp gehuewen hunn waren iwwerall Kierper.

Laut der Police vu Manchester huet d’Explosioun am Foyer vum Stadion, wou de Concertssall ënnerbruecht ass, stattfonnt. Dat bestätegt och d’Emma Johnson der BBC „Mier waren uewen an den Trape mat mengem Mann an hunn op eis Meedercher gewaart wéi d’Vitrine explodéiert ass. Dat war direkt bei der Plaz wou se d’Souvenire verkafen. Dat ganzt Gebai huet gewackelt.

Am Sall selwer „huet alles panikéiert an am Trapenhaus war schlëmmt Gedrécks“, erzielt d’Isabel Hdgons Sky News „De Gang war voller Leit, ee Geroch no verbrannt houng an der Luucht an iwwerall war Damp wéi mer gekuckt erauszekommen.“ Den 22 Joer jonke Robert Tempkin sot der BBC: „Leit hu gejaut se hätte Blutt gesinn, anerer awer soten et wiere just Ballone gewiescht oder ee Lautsprecher dee geplatzt wier.

An D’Arena selwer passe bis zu 21.000 Leit. Laut dem Cheryl McDonald, déi mat senger 9 joer jonker Duechter komm ass, war de Sall voll mat Kanner. „Mäi Meedchen ass ganz, ganz schockéiert“, sot d’Cheryl Sky

Um Buedem zerstéiert

Déi amerikanesch Pop-Sängerin Ariana Grande seet sech um „Buedem zerstéiert“ duerch den Uschlag. „… aus déifstem Häerz. Ech sinn schrecklech traureg. Ech hu keng Wieder“, huet d’Sängerin, déi aktuell op enger Tournée duerch Groussbritannien ass, via Twitter matgedeelt. „London ass un der Säit vu Manchester, eis Gedanke ginn un déi Verstuerwen a Blesséiert“, huet de Buergermeeschter vu London, Sadiq Khan, getweet. Seng Stad war op den Dag virun zwee Méint och vun engem Uschlag, bei deem fënnef Mënschen hiert d’Liewe verluer hunn, getraff ginn.

Och emg sëllech bekannte Frëndinne vum Ariana hu sech schnell an de sozialen Netzwierker zu Wuert gemellt. Esou d’Räpsängerin Nicki Minaj, datt d’Ariana a verschidde Lidder, dorënner „Bang Bang“, huet geschriwwen: „Mäin Häerz ass verletzt fir meng Schwëster Ariana an all déi betraffe Familljen déi vun dësem tragesche Virfall. Onschëlleger hunn hiert Liewe verluer. Ech sinn traureg esou eppes ze héieren.“ Eng Noriicht déi vum iwwer 39.000 Leit weidergeleet ginn ass.

Nach emol ronn 55.000 Leit hunn dem Taylor Swift, der Pop-Kinnigin aus Amerika, säi Message gedeelt. „Meng Gedanken, meng Gebieder a meng Tréine fir all déi wou haut den Owend vun dëser Tragedie zu Manchester getraff sinn.“ D’Katy Perry sengersäits erwähnt: „Ee gebrachent Häerz fir d’Ari, ee gebrachent Häerz fir den Zoustand vun dëser Welt“, a sengem Message mat engem Emotikon deen een trauregt a besuergt Gesiicht weist.

Messagen aus der ganzer Welt

Paräis ass dës Nuecht op der Säit vu Manchester“, esou den Tweet vun der Buergermeeschtesch vu Paräis, Anne Hidalgo. De Buergermeeschter vu Nice, Christian Estrosi, huet och a sengem Tweet „Solidaritéit mat den Awunner vu #Manchester“, ausgedréckt a „Meng Gedanke ginn un déi Blesséiert, un d’Familljen an d Frënn vun den Affer.

„Et ass mat Schrecken a Betraffenheet wou den Emmanuel Macron, President vu Frankräich, d’Nouvelle vum mäerdereschen Attentat dee gëschter Owend während engem Concert zu Manchester opgeholl huet. Hien adresséiert dem Vollek vu Groussbritannien d’Matgefill an Undeelnam vu Frankräich dat sech am Trauer u seng Säit stellt mat engem besonnesche Gedanke fir d’Affer an hir Familljen“ esou dee Communiqué aus dem Elysée.

Och den Donald Tusk, President vum EU-Conseil, deelt mat: „Mäin Häerz ass dës Nuecht zu Manchester.“ Zu New York huet de Gouverneur Andrew Cuomo matgedeelt zousätzlech Patrullen ugeuerdent ze hunn, besonnesch sensibel Plaze, wéi Metro a Fluchhafe sollte méi staark kontrolléiert ginn. Den amerikanesche Sécherheetsdepartement huet verstäerkte Kontrollen op a ronderëm ëffentlech Evenementer ugekënnegt. De kanadesche Premier Justin Trudeau huet a sengem Tweet matgedeelt „d’Kanadier hunn mat Erschrecken den Attentat zu Manchester erfueren.

D’Theresa May an de Jeremy Corbyn hunn hir Wahlcampagne ënnerbrach.

Paul Ellis/Florence Biedermann (AFP)

Fotoquell: AFP PHOTO / Paul ELLIS

Ähnlech Sujeten England, Manchester, Terrorismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel