Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Och den Eeschtfall muss trainéiert ginn
International Neiegkeeten

Och den Eeschtfall muss trainéiert ginn

Wat fir vill Automobilisten tëscht dem Freideg 21:00 an dem

Ryanair hëlt seng Aktivitéiten nees op
International Neiegkeeten

Ryanair hëlt seng Aktivitéiten nees op

Nodeems d‘Luxair längst nees um fléien ass, zitt elo och

Phantasialand Brühl: Lëtzebuerger Gäscht sinn aktuell onerwënscht
International Neiegkeeten

Phantasialand Brühl: Lëtzebuerger Gäscht sinn aktuell onerwënscht

Fir d’Sécherheet vun hire Gäscht ze garantéieren, bieden d’Bedreiwer vum

Attentäter vu Christchurch wäert am Prisong al ginn

De Riichter huet den 29 järege Rietsextremist Brendon Tarrant zu Liewenslänglech verurteelt, ouni Méiglechkeet op virzäiteg Entloossung

Attentäter vu Christchurch wäert am Prisong al ginn

No enger véierdeegeger Unhéierung ass gutt annerhalleft Joer no den Uschléi op zwou Moscheeën, bei deenen 51 Mënschen zu Dout komm sinn, de juristesche Volet ofgeschloss. Fir déi Betraffen ass et awer nëmmen ee klengen Trouscht, si wäerten hiert ganz Liewe mat der Erënnerung un dës Dot musse verbréngen. Et war ee Massaker, dat den Täter Live an d‘sozial Netzwierker iwwerdroen hat.

Wéi de Riichter d‘Uerteel geschwat huet, sot dësen dem Ugekloten: „Dir waart motivéiert vun engem grondsätzlechen Haass op Mënschen, vun deen dir gleeft, datt si anescht sinn wéi dir selwer (…) dir stellt ee grousst Risiko fir déi ëffentlech Sécherheet duer“. De Brendon Tarrant huet de Wierder vum Riichter Cameron Mander, ouni siichtbar Emotioun oder Interessi entgéintgeholl.

De Procureur Mark Zarifeh hat Liewenslänglech ouni Bewährung gefuerdert an et ass schonn interessant, well esou ee Strofmooss huet et an de neier jéngster Geschicht vun Neiséiland nach net ginn. De Procureur huet a sengem Plaidoyer ervirgehuewen, wéi hannerhälteg den Täter agéiert, datt hie sengen affer beim Gebiet an de Réck geschoss huet an et him un Empathie feelt.

Et dierf ee begréissen, datt de Brendon Tarrant drop verzicht huet, sech nach emol viru geriicht ze äusseren. Eng Selbstduerstellung huet et also net ginn, wat jo besonnesch fir d‘Familljen an d‘Frënn vun den Affer eng onméiglech Qual bedeit hätt. Säi Flichtverdeedeger huet eng kuerz Erklärung verlies an den elo veruerteelte Mäerder huet sech dësem Urteel dann och net widdersat.

mat indymedia/chc

Illustratioun: Pixabay

Ähnlech Sujeten Attentat, Brendon Tarrant, Christchurch, Liewenslänglech, Mord, Neiséiland, Rietsextremismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel