Fussball: An nach e weidere Skandal fir de Katar
An der Club-Weltmeeschterschaftsfinall tëscht Bayern München an de Monterrey Tigers,
An der Club-Weltmeeschterschaftsfinall tëscht Bayern München an de Monterrey Tigers,
D’Stad Lëtzebuerg informéiert seng Bierger, wéi och d’Notzer vum ëffentlechen
Den Deconfinement ass voll am gaangen, et kéiert e bëssen
De Brendon Tarrant war schwéier bewaffent an zwou Moscheeën zu Christchurch agedrongen, huet dobäi 51 Mënsche kalbliddeg erschoss an huet seng Dot mëttels Helmkamera gefilmt. Eigentlech ass de Fall kloer, mee den Extremist huet dräi Méint no senger Dot op „Net Schëlleg“ plaidéiert.
Et war de 15. Mäerz wéi sech den Extremist Mueres zu Christchurch (Neiséiland) mat Waffen am Gepäck op de Wee gemaach hat. Säin Zil: zwou Moscheeën. Hei huet den 28 järege ronderëm sech geschoss an 51 Persounen déidlech blesséiert. Elo kritt hien de Prozess gemaach. Vum Prisong aus, huet hien sech per Videokonferenz zu den 92 Uklopunkten op „Net Schëlleg“ plaidéiert.
Hie soll laut Medieberichter en „zefriddent Gesiicht“ gemaach hunn, wéi säin Affekot a sengem Numm dem Geriicht de Plaidoyer virgedroen huet. Familljemembere vun Affer, déi am Sall waren hunn den Otem ugehalen, et ass dach alles esou onwahrscheinlech reell an d‘Dot vum Täter selwer „dokumentéiert“ ginn. Ass alles nëmme Provokatioun? Wat bezweckt dëse Mann domatter?
Déi neiséilännesch Justiz huet net wëlles dem Brendon Tarrant de Prozess zur Selbstdarstellung ze iwwerloossen. Näischt soll et dem 28 järegen Extremist erméiglechen, rietsextrem oder soss rassistesch Usiichten an der Ëffentlechkeet ze vertrieden. Dat erkläert dann och firwat den Täter, deen a Prisongsgezei an ëmgi vu Polizisten nëmmen ze „gesi“ war, den Toun war ausgeschalt.
Elo war dëse Geriichtstermin nëmmen e Virspill. An de leschte Wochen hunn sech Doktere mam geeschtegen Zoustand vum Beschëllegte beschäftegt. Seng Scholdfäegkeet ass bestätegt ginn an de Riichter, Cameron Mander, huet de Brendon Tarrant als Prozessfäeg erkläert. Zudeem huet de Riichter erlaabt datt Opname vum Ugeklote verëffentlecht dierfe ginn.
Den Ugekloten, deen am eenzegen Héichsécherheetsprisong vum Land ënnerbruecht ass, muss sech viru Geriicht fir 51fache Mord, 40 Mordversich an Terrorismus veräntwerten. A Justizkreesser ass een dann och iwwerzeegt, datt den 28 järegen sech op eng liewenslaang Haft muss astellen.
mat indymedia/chc/akl