Den Attentäter vu Stroossbuerg nach ëmmer op der Flucht
E Mëttwoch huet déi franséisch „Police Nationale“ en Zeienopruff gemaach, fir de presuméierten Täter vum Attentat op de Stroossbuerger Chrëschtmaart erëmzefannen. Gesicht gëtt nom Cherif Chekatt, deem virgeworf gëtt 3 Mënschen ëmbruecht, an 12 Persoune schwéier blesséiert ze hunn.
„Opgepasst, geféierlech Persoun, nëmmen net selwer agräifen“ heescht um Twitter-Account vun der Police Nationale, déi e Personnage vun 1,80 Meter, bleech Haut, normal Statur an engem Mol op der Stir beschreift. Hei gëtt all Mënsch opgeruff, deen iwwer Informatioune verfüügt mat deenen de flüchtegen Täter ka lokaliséiert ginn, sech ënnert dem Telefon 197, bei der Police ze mellen.
Gebierteg vu Stroossbuerg a „fiché S“ wéinst senger islamescher Radikaliséierung, kann sech den 29 järege Cherif Chekatt op eng „schwéier kriminell Vergaangenheet“ beruffen. De presuméierten Attentäter ass net manner wéi 27 mol wéinst ënnerschiddleche Verbriechen – wou ëmmer Gewalt mat eng Roll gespillt huet – vu Geriichter an dräi Länner veruerteelt ginn. An elo Terror?
E Réckbléck
De Cherif Chekatt gëtt beschëllegt en Dënschdeg, kuerz virun 20 Auer an de Geschäftsstroosse vum historesche Stadzentrum vu Stroossbuerg, nëmmen e puer Meter vum Chrëschtbam ewech, d‘Feier op Mënschen erëffent ze hunn. Zwou Persoune sinn nach op der Plaz verstuerwen, eng drëtt läit am Spidol, an de Gehirdoud gouf festgestallt. Zudeem sinn nach 12 weider Mënsche blesséiert ginn.
Ausstafféiert mat enger Handfeierwaff an engem Messer, huet de Cherif Chekatt sech uschléissend e Schosswiessel mat de Sécherheetskräfte geliwwert. Heibäi soll de presuméierten Täter um Aarm verletzt gi sinn, wat zu senger Flucht gefouert huet. Wéi et säitens den Autoritéite matgedeelt ginn ass, sinn aktuell 720 Leit op der Sich nom Täter. Dee gëtt als „determinéiert“ beschriwwen.
De franséischen Inneminister huet drop higewisen, datt Bierger versicht hunn de Mann opzehalen, woubäi den Täter eng Persoun mam Messer blesséiert huet. Am Gewulls ass et dem Cherif Chekatt gelongen sech engem Taxi ze ermächtegen, mat deem hien an de Quartier Neudorf gelaangt, a wou et op e neits e Schosswiessel mat de Sécherheetskräfte ginn huet, iert en da ganz verschwonnen ass.
Allah o Akbar?
Vun den Autoritéiten ass en Ament laang ugeholl ginn, datt de Cherif Chekatt et méiglecherweis iwwert d‘Grenz gepackt huet, a sech zu Kehl – direkt déi aner Säit vum Rhäin – verstoppt. Den Asaz vun esouwuel der franséischer, wéi och der däitscher Police, huet et net erméiglecht, dem presuméierten Täter seng Spur ze verfollegen. Et ass den Ament net gewosst, wou hie sech ophält.
„Bei Berécksiichtegung vun der gewielter Plaz an dem Operatiounsmodus vum Ugräifer, mee och de Profil vun dësem, wéi och d‘Zeienaussoen, déi de Cherif Chekatt héieren hunn „Allah o Akbar“ blären, ass d‘Antiterror-Sektioun vum Paräisser Parquet mat der Enquête befaasst ginn“, esou de Procureur vun der Republik, Rémy Heitz, bei der Pressekonferenz zu Stroossbuerg.
„Hien ass widderholl agespaart ginn, an et war der Administratioun vum Prisong bekannt, datt hien sech schonn 2015 radikaliséiert huet“. De Rémy Heitz huet och bestätegt, datt de presuméierten Täter vu Stroossbuerg am Fichier vun de Signalementer, fir d‘Preventioun an d‘Radikalisatioun mat terroristeschem Charakter (FSPRT) gefouert gëtt, an och vun der DGSI iwwerwaacht ginn ass.
Domm gaangen?
Schwéier novollzéibar, mee Fakt: eigentlech sollt de Gesichten am Kader vun enger zivilrechtlecher Enquête vun de Gendaarmen um Dënschdegmuere festgeholl ginn. Elo huet de Parquet vu Paräis eng Enquête fir „Mord, versichte Mord a Relatioun mat enger terroristescher Entreprise, a Kontakt mat enger terroristescher Organisatioun“ ugeuerdent. D‘Elteren an zwee Bridder vum presuméierte Mäerder sëtzen derzäit an Untersuchungshaft.
Aus (evidenten) Sécherheetsgrënn bleift de Chrëschtmaart – deen all Joer bis zu zwou Milliounen Touristen ulackelt – zu Stroossbuerg och dësen Donneschdeg zou. De Präfekt ass der Usiicht, datt et nach net Sécher ass. Dogéint dierfen déi kulturell a sportlech Infrastrukturen hir Betrib nees ophuelen. Fir haut den Owend 18 Auer ass zudeem e Gottesdéngscht virgesi ginn.
De Poopst Francis huet fir dës Occasioun, dem Äerzbëschof vu Stroossbuerg, iwwert de Kardinol Pietro Parolin e Message zoukomme gelooss. „De Poopst Francis dréckt op e neits seng schäerfste Veruerteelung vun esou Akten aus. Hie manifestéiert säi Matgefill un déi betraffe Familljen an all déi wou vun dësem Attentat betraff sinn. Si ginn alleguerte a sengem Gebiet berécksiichtegt“. Och déi grouss Moschee vu Stroossbuerg huet dës Dot (offiziell) veruerteelt.
Elo ass jidderee Stroossbuerg
Laut dem Professer Pascal Bilbault, Chef vum SAMU an den Urgencen zu Stroossbuerg, sinn d‘Affer tëscht 20 a 65 Joer al. D‘Gesondheetsministesch, Agnès Buzyn, déi sech perséinlech an d‘Spidol vun Hautepierre deplacéiert, an der „gudder Aarbecht vun de Gesondheetsdéngschter“ en Hommage gebueden huet, bedauert a condamnéiert de Virfall, esou kuerz virun de Festdeeg.
Op der „Place Kleber“, eng vun den zentrale Plaze vu Stroossbuerg, hunn d‘Passanten ugefaangen den Affer hir Wäertschätzung ze weisen. Et gëtt Plakater mat „Ech si Stroossbuerg“, mee och vill Käerzen, Blummen a Rousebléien op der Plaz ofgeluecht. D‘Regierung huet de Plang „Vigipirate“ op den héchsten Niveau ugehuewen, wat d‘Mobiliséierung vu besonnesche Moyenen erlaabt.
mam Antoine Baudoux/AFP
Foto: De Procureur Rémy Heitz huet um Dag nom Attentat op de Stroossbuerger Chrëschtmaart de Medie misse Ried an Äntwert stoen. Well de presuméierten Täter, Cherif Chekatt, nach um Muere virun der Dot sollt vun de Gendaarme festgeholl ginn, gëtt et vill Verschwörungstheorien déi an de sozialen Netzwierker fir Gespréich suergen. © Patrick Hertzog/AFP