Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

AMMD: Grouss Opreegung wéinst dem Spidolsgesetz
Money Neiegkeeten

breadcrumbing dating trend

Beim Verband vun den Dokteren an Zänndokteren (AMMD) ass d‘Opreegung

https://moien.lu/russian-dating-sites-buzzfeed/
amway dating
Money Neiegkeeten

Death Note ass e Remake, dee kee braucht

Wat gouf net schonn alles iwwert des Netflix Ëmsetzung vun

Dem bulgareschen Tubak geet d’Loft aus
Money Neiegkeeten

Dem bulgareschen Tubak geet d’Loft aus

Wéi d’Fatmagul Ali seng éischt Tubaksblieder gepléckt huet, war et

money

Auchan gëtt 23 Chômeuren eng onbefrist Aarbechtsplaz

Auchan gëtt 23 Chômeuren eng onbefrist Aarbechtsplaz

Gutt Nouvelle soll een net zréckhalen, an esou eng huet et leschten Donneschdeg ginn. Den Aarbechtsminister Nicolas Schmit an d‘Direktesch vun der ADEM, Isabelle Schlesser, haten do de grousse Pleséier 23 „Demandeuren“ zu hirer neier Schaff ze gratuléieren.

Déi Leit sinn alleguerte vum Auchan iwwerholl ginn. Si ginn an der Metzlerei, de Keesen oder am Rayon agesat. Dës Operatioun konnt duerch eng Formatioun vun der ADEM realiséiert ginn. Huet d‘Formatioun an der Theorie a Praxis vun de Leit, déi an de Rayonen oder de Keesen agesat ginn, véier Méint gedauert, esou waren et fir d‘Metzlerei sechs Méint.

Fir d‘Formatioun an der Theorie war zu Esch de CNFPC (Nationalen Zenter fir Berufflech Fortbildung) zoustänneg. Déi praktesch Formatioun huet Auchan iwwerholl. Domatter dierf e behaapten, datt d‘Zesummenaarbecht tëscht der ADEM an dem Auchan seng Friichten dréit.

Eng Zesummenaarbecht déi esou nei net ass, well scho säit 2016 konnt déi verstäerkt ginn. Sënn an Zweck vun der Kooperatioun war et, eng ënnerstëtzend Sich no Kandidaten ze erméiglechen, deenen hire Profil mat der Erëffnung vum neie Geschäftszenter zu Déifferdeng an Aklang steet.

Et kann een déi gesaten Ziller erreechen, wann d’Motivatioun bis do ass

„Mir hunn d‘Flicht d‘Konditiounen ze schafen, déi et eise Mataarbechter erlaabt erfollegräich ze sinn, an si och motivéiert hiert Bescht ze ginn. Si sollen sech grad wéi de Client an eisem Betrib wuelfillen“, esou den Personalchef vun Auchan Retail Luxembourg Philippe Oger.

D‘Initiativ, déi een duerchaus kann an de Kader vum Partenariatsprogramm tëscht der ADEM an der UEL aschreiwen, beweist awer och, datt ee mat de richtegen, virum allem motivéierte Kandidaten déi gesaten Ziler erreeche kann.

Elo wier et vermoossen ze behaapten, déi Mesurë géifen zur Vollbeschäftegung féieren, mee all Mënsch deen iwwert dëse Wee eng Schaff fënnt, gewënnt u Liewensqualitéit. Datt sech d‘ADEM dofir a ville Beräicher mat den ënnerschiddleste Offeren a Formatiounen asetzt, dierft vum Aarbechtsminister begréisst ginn. Zudeem wierkt et sech positiv op de Chômagetaux aus.

mam SIP/ADEM

Ähnlech Sujeten Aarbechtsministère, ADEM, Auchan, Isabelle Schlesser, Nicolas Schmit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel