Anti-Coronavirus Protester: Et fänkt un Handgräiflech ze ginn
An enger Rei Länner ass et Samschdeg op en neits
An enger Rei Länner ass et Samschdeg op en neits
Fir d’Erkenntnis ze kréien, datt all Liewewiesen e respektvollen Ëmgang
Gëschter huet Kanada d‘Fräihandelsofkommes „Comprehensive and Progressive Agreement for Trans-Pacific
An den USA sinn nach 28 vu 50 Bundesstaaten fir d‘Ëmsetze vun der Doudesstrof, woubäi ee vun den „déidlechsten“ US-Bundesstaaten elo domadder wëll ophalen. Heibäi handelt et sech ëm den am amerikanesche Süde berühmt berüchtegte Bundesstaat Virginia. A kengem anere Staat – jo net emol Texas ka mathalen, an déi hu sech wierklech ëmmer immens beméit – sinn esouvill Leit op déi oder aner wëssenschaftlech gutt fundéiert Aart a Weis ermuerkst ginn.
Well Amerika net Däitschland ass, also eng éischter „ondokumentéiert“ Virgoensweis bevirzucht huet, kann sech a Punkto Doudesstrof nëmmen op „offiziell“ Zuele begrënnt ginn. An de leschte fofzeg Joer goufen a Virginia 113 Hiriichtunge virgeholl. Domadder soll elo Schluss sinn, wéi de Gouverneur Ralph Northam ee Méindeg verlautbaart huet. Den Demokrat ass der Usiicht, datt d‘Doudesstrof weder ee fairt nach een effektiivt Instrument vun der Justiz ass.
A béide Kummere vum Parlament vum Bundesstaat Virginia, gouf dann och fir d‘Ofschafe vun der Doudesstrof gestëmmt, an eigentlech feelt elo nach just dem Ralph Northam seng Ënnerschrëft. Dat dierft wuel just eng Formalitéit sinn. Ganz allgemeng – esou zumindest déi offiziell Versioun – wier de 46. US-President Joe Biden ee Géigner vun der Doudesstrof. Ënnert sengem Virgänger goufen awer 2020 insgesamt 17 Mënschen iwwert de Jordan gejot.
Wéi d‘Amerikaner zur Doudesstrof ginn, ass net wierklech ofschléissend ze klären. Eigentlech sinn d‘Amerikaner schonn Unhänger vun der Maxime „En A fir en A, ee Liewe fir ee Liewen“, mä wéi beim Sex, et wier hinnen am léifste wann et jugendfräi a „propper“ wier. Et geet den Amerikaner also vill méi ëm „wéi ermuerkst“ gëtt, wéi ëm de Fait datt „ermuerkst“ gëtt. Leider gëtt et eppes Liwwerproblemer bei den Ingrediente vun der Doudessprëtz.
Wat an de Steierënnerlage vum charismateschste President an der Geschicht vun de Vereenegte Staate vun Amerika steet, sollt keen eppes dierfen ugoen. Grad esou gutt kéint ee jo zu Lëtzebuerg de Konzessiounsvertrag tëscht Staat a Bertelsmann/RTL oder direkt den „Deal“ mat Google verëffentlechen. Leider huet den ieweschte Geriichtshaff an den USA, dee majoritär vun de republikanesche Riichter gefouert gëtt, kee Gefill fir Confidentialitéit.
D‘Supreme Court huet ee Méindeg erkläert, datt si net wäert verhënneren, datt de Rentner vu Mar-a-Lago a Florida, seng Steiererklärunge muss un déi New Yorker Staatsanwaltschaft iwwerginn. Déi hat dës Ënnerlagen ugefuerdert, a soll se elo och kréien, woubäi se ausdrécklech net sollen dierfe verëffentlecht ginn. Schonn am Juli 2020 hat den Diplomat vum ieweschte Geriichtshaff eng op d‘Ouere kritt, wéi him déi „absolutt Immunitéit“ verweigert gouf.
Konkret geet et bei dësem „Steier-Sträit“ ëm d‘Virlag vun de Finanz- a Steierënnerlagen, duerch d‘Fiduciaire „Mazars“ (déi ass weltwäit aktiv, an natierlech och ee „big Player“ op der Finanzplaz Lëtzebuerg, an ee Spezialist vun der Steieroptimiséierung, Steierflucht an allem wat et soss nach u legale Mëttel a Weeër huet, de Sozialsystem ze schwächen) mee och vun der „Deutsche Bank“ a „Capitol One“. Wat awer sicht de Procureur Cyrus Vance da nëmmen?
Ganz am Ufank hat den New Yorker Procureur Cyrus Vance Ermëttlunge wéinst ausbezuele vu „Schweigegeld“ un déi renomméiert Filmschauspillerin „Stormy Daniels“ an d‘Ex-Playboy-Modell Karen McDougal (et gëtt jo behaapt dat béid Dammen dem ex-President seng Maîtresse waren) lancéiert. An der tëscht gëtt enquêtéiert, well et e Verdacht op Banken- a Versécherungsbedruch bannent dem Milliardär senger Organisatioun gëtt.
Schonn am Joer 2020, nodeems der virechter US-Regierung erstaunlecherweis bewosst ginn ass, datt si d‘Covid19-Pandemie net am Grëff hunn, se net an de Grëff kréie wäerten, an et en Expert hat, deen den Amerikaner (der Welt allgemeng och) verséchert huet, datt alles esou séier wäert verschwannen, wéi et entstanen ass. Et war eng schwéier Zäit fir Amerika, mee Europa huet alles gemaach, fir dem Handelspartner a militäreschen Alliéierte bäizestoen.
No de Walen hat de Joe Biden senge Landsleit erkläert (3. Dezember 2020), datt bannent den nächsten 8 bis 9 Wochen, an den USA 250.000 Mënschen un hirer Covid19-Infektioun wäerten agoen. De CDC-Boss Robert Redfield war deemools vun enge 450.000 Affer insgesamt, bis Enn Februar, ausgaangen. Laut den offiziellen Zuele vun der CDC, sinn an den USA bis den 22. Februar 2021 op d‘Unitéit genee 659.667 Persounen u Covid19 verstuerwen.
mat indymedia/ric/nyc/was
Illustratioun: © Sue Tucker / unsplash