Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Dylan huet sech gutt zu Spielberg gewisen
when dating gets serious

Den Dylan huet sech gutt zu Spielberg gewisen

Wéi et zu Spielberg an Éisträich ausgesäit, dat weess den

https://moien.lu/newspapers-with-dating-adverts/
when dating gets serious

infinite sunggyu dating

Et ass net nëmmen d’Symbol vun der EU, mee steet

Neies vum Bichergeck : 54 Minutten
when dating gets serious

Neies vum Bichergeck : 54 Minutten

„Jeder hat Angst vor dem Jungen mit der Waffe“ (vum

Aus dem Escher Gemengerot: „En ambitiéise Budget 2019“

Et ass der „neier Equipp“ hiren éischten, wat mussen d‘Leit sech erwaarden

Aus dem Escher Gemengerot: „En ambitiéise Budget 2019“

Déi nach jonk Koalitioun zu Esch-Uelzecht setzt sech laangfristeg Ziler. Mat hirem éischte Budget gëtt sech d‘Koalitioun aus CSV, DP an déi gréng selwer en Optrag: der fréierer Stol-Metropol am Süde vum Land, hire Glanz aus alen Zäiten erëmzeginn. Dat kléngt méi einfach wéi et wäert sinn.

Sécher awer ass emol, datt se sech et eppes Kaschte loossen. Op et elo direkt Sënn mécht oder net, muss sech nach erweisen, mee mam Projet „Esch 2022“ kënnt Esch-Uelzecht net laanscht den Asaz vu Finanzmëttel. An esou dierf een dann och vun engem ganz ambitiéise Budget schwätzen. De Buergermeeschter, Georges Mischo, huet en Iwwerbléck iwwert déi sëllech Projete ginn, a betount,

datt dat nach laang net alles wier. Wa mir richteg matgezielt hunn, sollten et der ronn honnert sinn, an déi schloen sech och zolidd op de Budget néier.

Gutt, de Budget ass „previsionnel“ a beleeft sech esou wei e virgeluecht ginn ass, op Einnamen an héicht vun 193,3 Milliounen Euro, an Ausgaben an héicht vun 161,4 Milliounen. Bis dohinner also géif sech Esch mat engem presuméierten Iwwerschoss vu ronn 32 Milliounen net emol schlecht stoen. Da muss awer och alles klappen. Aner Zuele gëtt et awer net, also freeë mir eis einfach emol mat, well am „rectifié“ vun 2018 steet en Excedent vu 66,7 Milliounen. Am extraordinäre Budget, gëtt en Defizit vun 93,7 Milliounen agerechent.

Alles am „grénge“ Beräich

De Georges Mischo stellt esou fest, datt d‘Stad Esch eppes iwwer 21 Milliounen era kritt, an 115 Millioune fir d‘Wuel vu sengen Awunner ausgëtt. D‘Differenz géif hei also vum Excedent aus dem Ordinäre Budget ofgedeckt, an et bleiwen nach 5 Milliounen iwwreg. Net ze vergiessen, datt déi fréier Stol-Metropol, wéi schonn 2017, keng Sue muss léine goen. Dat ass déi gutt Nouvelle, an den Hoke sinn déi ronn 45 Milliounen Euro Schold, déi matgeschleeft ginn.

Natierlech ginn dës Zuelen nach analyséiert, iert se dann an der nächster Gemengerotssëtzung vun de verschiddene Parteien „kommentéiert“ ginn. E Mëttwoch hat just de Buergermeeschter d‘Wuert, an hien huet d‘Ausgaben detailléiert a gerechtfäerdegt. Bei den ordinäre Budgete gëtt eng Erhéijung vun 11 Milliounen, wouvunner der eleng 6,7 op d‘Personalkäschten entfalen. Esch lagert seng Aktivitéiten net aus, wat derzou féiert, datt och méi Leit gebraucht ginn.

Alles an allem sinn 61 nei Plaze geschafe ginn, an geet et dem Georges Mischo no, wäert sech un dëser Philosophie esoubal näischt änneren. Hien ass dann och der Meenung, datt d‘Stad Esch seng Politik de Besoine vun enger innovativer Gemeng aus dem 21. Joerhonnert ugepasst huet. Et hätt ee sech Zäit geholl alles mat de verschiddene Servicer ze beroden, esou datt et hei zu Upassunge vun der alldeeglecher Aarbechtsmethod komme kann.

Prioritéite bestëmmen

Mat dësem Budget 2019 ass et dann och endlech méiglech Prioritéiten ze definéieren, ouni dobäi de Wahlbudget vun 2017 aus den Aen ze verléieren. Hie bestätegt, datt et Projete ginn huet, déi net méi bestinn oder finanziell hu missen (no ënnen) korrigéiert ginn. Zuelräich Projete bezéien sech op d‘Infrastrukturen (Stroosse, Kanalisatioun, avm.). Esou soll um Gaalgebierg e neie Waassertuerm fir 3,5 Milliounen opgeriicht ginn, an nei Kanalisatioune fir 900.000 Euro.

Et gëtt och gebaut: fir d‘Fixerstuff sinn 1,3 Milliounen agesat ginn. Dëse Projet soll dann och bis Juni 2019 fäerdeggestallt sinn. Da ginn nach eng Rei Gebaier renovéiert oder ëmgebaut. Hei solle sozial Strukturen ënnerbruecht ginn, et entsteet en Info-Zenter fir Senioren, an och am Jugendhaus mussen Aarbechten duerchgefouert ginn. Am Budget sinn heifir 10,3 Milliounen agesat ginn.

De Gros vun den „Investissementer“ fléisst a Bildung an Urbanismus. Et gëtt vill Geld an de Grapp geholl fir déi kulturell Infrastrukture vun der Stad Esch nees opbléien ze loossen. Dat ass dem europäesche Kulturjoer 2022 ze verdanken. Den Theater an de Conservatoire, de Resistenzmusée an d‘Mousset-Haus, gehéiere beispillsweis dozou. 2 Milliounen si fir d‘Bridderhaus an de Budget gesat ginn. Dat aalt Escher Spidol aus dem 19. Joerhonnert soll Artiste-Residenz ginn.

An d‘Zukunft investéieren

Wann eng Stad Zukunftsorientéiert wëll sinn, muss si an d‘Jugend investéieren. Eleng fir Bildung a Begleedung sinn esou 4,7 Milliounen an de Budget agedroe ginn. Kuerzfristeg solle 750 Plazen an de Schoulen, an nach emol 880 Plazen an de Maison Relais geschafe ginn. Et ass Noutwenneg, well aktuell stinn 862 Kanner op der Waardelëscht.

Wie Kanner a Jugend seet, muss och un de Sport denken. 4,5 Millioune gi fir Sportinfrastrukturen opgewannt, d‘Schwämm gëtt fir 810.000 renovéiert an, an de Quartiere solle Multisport-Terrainen erriicht ginn. Dat bréngt eis bei den Urbanismus: et sollen 12 Millioune fir Acquisitioune genotzt ginn. De Projet Nonnewisen steet mat 10,5 Milliounen an de Bicher.

Wéi gesot en ambitiéise Budget, deen awer sécherlech vun den Oppositiounsparteien dierft op Häerz a Niere gepréift ginn. Wann et fir de Buergermeeschter a seng Equipp en Challenge war dësen op d‘Been ze stellen, esou dierft et der Oppositioun en Challenger wäert sinn, dësen a seng Bestanddeeler opzesplécken, an do Kritik anzebréngen, wou se néideg erschéngt. Keng ganz einfach Aufgab, well de Budget 2019 a senge groussen Zich gutt strukturéiert ausgesäit.

Ähnlech Sujeten Bildung, Budget 2019, Esch 2022, Esch-Uelzecht, Escher Gemengerot, Goerges Mischo, Kultur, Soziales, Sport
Nächsten Artikel Virrechten Artikel