Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Lëtzebuerger Band Strysles feiert säin neien Album „Power of Life“
Neiegkeeten

D’Lëtzebuerger Band Strysles feiert säin neien Album „Power of Life“

No der éischter EP „Tic Tac“ am Joer 2016 an

surprise
Nationalisten erhalen op Korsika duerch massiv Abstentioun d‘Majoritéit
Neiegkeeten

Nationalisten erhalen op Korsika duerch massiv Abstentioun d‘Majoritéit

Déi korsesch Nationaliste Gilles Simeoni an Jean-Guy Talamoni hunn um

crying
26 Mënsche stierwe bei enger Schéisserei am Texas
Neiegkeeten

26 Mënsche stierwe bei enger Schéisserei am Texas

An enger Kierch am Texas huet e Mann, matten am

Eng voll Dagesuerdnung am Stater Gemengerot

Eng voll Dagesuerdnung am Stater Gemengerot

Am Stater Gemengerot war et eng éischter länger Sëtzung mat ganze 14 Punkten op der Dagesuerdnung. Et ass ugefaange gi mam unhuele vun der Léierkraaftslëscht fir d’Grondschoul an duerno direkt zu de Froe vun de Réit iwwergaangen. Déi goufen och gréissten Deels zur Zefriddenheet vun de Betraffene beäntwert.

Dorausser geet dann ervir, datt et um Glacis fir d’Schueberfouer keng Schwieregkeete gëtt, och wann sech d’Fläch insgesamt ëm 10% verklengert. Wëll den ënnerierdesche Passage ewechfält an esou de Bou net méi stéiert, ass anersäits och nees Plaz gewonne ginn. Et kënnt een awer net derlaanscht festzestellen, datt den Tram awer ee gudde Batz Plaz an Usproch hellt an et fir de Service „Foire et Marchés“ dëst Joer eng richteg Erausfuerderung dierft sinn alles ënnert een Hutt ze kréien.

Zum sozialen, respektiv bezuelbaren, Wunnengsbau bleift de Schäfferot iwwerzeegt alles richteg ze maachen. Beim „coût modéré“ muss een allerdéngs am A behalen, datt dëse just 20% ënnert dem Duerchschnëttspräis läit an domadder nach ëmmer fir vill Leit onerschwenglech bleift.

De Stress am ëffentlechen Transport, deen entstanen ass duerch d’Liquidatioun vum Hamilius wou elo ee grousst Akafszenter um entstoen ass, bréngt mat sech, datt déi Bouneweger am Ament keen direkte Bus méi fir op d’Gare hunn. D’Schäffin Sam Tanson wëll awer kucken op et net sollt méiglech sinn een Arrêt bei der Kräizung Garerstrooss/Bounewegerstrooss unzeleeën deen de Leit Accès zum Quai 1 erméiglecht. Och besteet nach d’Méiglechkeet op „call a bus“ zeréck ze gräifen.

Wat mam Pafendaller Lift lass ass, dee gefillt méi oft ausser Déngscht ass wéi datt ee sengem Zweck géif entspriechen, ass dem Schäfferot zwar bekannt, d’Ursaachen allerdéngs bleiwen och hinnen ee Rätsel. Et ass awer dervunner auszegoen, datt d’Bedreiwer vum Lift sech deemnächst wäerte mussen um Knuedler rechtfäerdegen. Ëmmerhi muss beduecht ginn, datt d’Touristesaison vrun der Dier steet, an ee Lift dee sengen Ufuerderungen net no kënnt keng gutt Reklamm ass. Do hëlleft et och net iwwert eng „App“ nozedenken, déi de Leit Bescheed seet wann de Lift emol nees net geet.

De Mobbing an de Schoulen ass ee weidert Thema dat perseveréiert a mëttlerweil och seng Spueren an des Dagesfoyeren hannerléisst. D’Buergermeeschtesch weist dann och dorobber hin, datt all concernéiert Servicer sech dem Problem bewosst sinn an all méiglech Mesuren ergräife fir dem Phänomen meeschter ze ginn. Esou huet Formatioune fir Enseignante ginn an do wou iwwerhand geholl huet oder hëlt gräift dann eng Equippe vum Ministère an. An de Foyere gräifen aktuell nach keng extern Mediateuren an, bis elo iwwerhëlt hei d’psychologesch Cellule vun der Stad an.

Vu Konventiounen a Bauprojeten

Fir den WTA-Tennistournoi vun der „International Women’s Tennis Promotion“ fir Joren 2017 bis 2019 gëtt et ee Subsid vu 50.000 € /Joer an eng logistesch Hëllef vu geschaten 115.000 €. Beim Deelbebauungsplang „Centre de Merl“ bedeelegt sech d’Stad mat 250,01 Ar a kritt dofir 173,68 Ar Bauplazen an eppes Klenges iwwert 2,5 Milliounen Euro. An den Zillkaulen, en Deel vun der „Porte de Hollerich“ keeft d’Stad déi 9,8 Ar vun de Konsorten ALFF fir 916.000 €, während se 21,09 Ar un d’„Poudrerie de Luxembourg“ fir 5.272,50 € verkeeft. Zu Weimeschkierch gëtt aus dem Baulückeprojet eng Wunneng op 41 Fond St.Martin fir 391.926,59 € zeréckkaaft, fir da nees un engem neien Interessent ugebueden ze ginn.

Op 10 Biisserwee am Gronn ginn dräi Haiser fir ronn 2,5 Milliounen Euro renovéiert. Iwwerholl ginn déi vu „Luxembourg Accueil Information asbl“ mat Studentewunnengen an den ieweschten Etagen. Op der Kockelscheier kritt de „Service des Sports“ vun der Stad eng nei Heemecht fir knapp 19 Milliounen Euro. 2017 soll awer nëmmen eng éischt Tranche vu 700.000 € ufalen. Fäerdeg gi soll datt ganzt 2020 a wat da mam fréiere Schluechthaus zu Hollerech geschitt ass nach net endgülteg gekläert, och wa wéi esou oft jiddereen eng gutt Propose huet.

Zéisseng kritt an der Maurice Barrès Strooss fir 3,88 Milliounen Euro ee 440 Kubikmeter Réckhaltebecke fir bei staarkem Reen d’belaaschte Waasser opzefänke fir dat dëst net méi an d’Zéissengerbach leeft. Och hei ginn awer 2017 nëmmen 127.500 € verschafft. Op de Plaze wou nei Réier geluecht gi kënnt zukünfteg och nach just den Trennsystem a Fro. Am Gaasperecher Bann kascht déi zweet Phase vum Fernwärmenetz 12,8 Milliounen Euro fir deen 2017 scho 7 Millioune gebraucht ginn. Fir d’Aarbechten an der Demy Schlechter Stroos zu Bouneweg kommen nieft den 25.000 € Planifikatiounskäschte vun 2017 an de kommende Joren nach emol 5,3 Milliounen zesummen. Ee Projet also dee wuel eppes méi laang dierft daueren.

Urbanismus, Kaméidi an Handel

En Deelbebauungsplang op 35 Ar tëscht der Stroossbuerger an Hollerecher Strooss ënnert der Bezeechnung „Central Park“ an initiéiert vun der „Imprimerie Centrale“ ass ugeholl ginn. Hei sollen zwee Verwaltungsgebaier a bis zu 47 Wunnengen entstoen, woubäi op den 650 Qm Parterre vun engem Verwaltungsgebai och ee Geschäft dierf ënnerkommen. An der Déifbaugarage sinn 80 Plaze virgesinn.

Am Aktiounsplang géint de Kaméidi, dee vu ville Säiten eng Datz kritt, néierewou verschidde Kaméidisquellen zesummenzielt an dann och nach op den Donnéeë vu 2011 baséiert, kritt de Staat eng zeréckhalend kritescht Expertis vun der Stad. D’Martine Mergen an den Maurice Bauer vun der CSV haten dann och Schwieregkeete fir deem zouzestëmmen. Stéierend och de Constat, datt d’Grenzwäerter vun der Weltgesondheetsorganisatioun (déi Lëtzebuerger leien 20dB driwwer) net consideréiert ginn. Hei dierf een de grénge mat hirem Gedeessems ronderëm de Kaméidi vum Fluchhafen a Verbindung mat den Aarbechtsplaze leider och keng bonne Note zoudeelen.

Zum Enn vun der Sëtzung ass et dann ëm dem Handel an der Stad gaangen. Hei ass wéineg Wëssenswäertes op den Dësch komm, gesäit ee vun den zwou Motioune säitens der CSV an déi Lénk of. Déi si wéi erwaart an d’Kommissioune weidergeleet ginn. Säitens dem Schäfferot gëtt hei alles gemaach wat méiglech wier an zum Thema „Alinea“ war wéinstens gewuer ze ginn, datt déi dann elo och net muss zoumaachen. Hei konnt ouni, datt d’Stad Lëtzebuerg sech misst engagéieren, Remedur fonnt ginn. Eng gutt Nouvelle fir de Geschäftsmann an all déi sëllech Clienten deenen dëse Buttek un d’Häerz gewuess ass.

D’Etude zum Handel, déi de Schäfferot an Opdrag ginn hat konnt nach net agesi ginn. Se soll awer elo am Juni ëffentlech virgestallt ginn, och wann d’“Union Commerciale“ se virdrun an de Grapp kritt. Gewosst ass dass et Freides a Samschdes am beschte leeft. Och ass den Ëmsaz an de leschte Jore geklommen, allerdéngs net an all Branche op selwechtem Niveau. Déi Lescht sechs Méint waren net déi bescht, mee dat gëllt fir d’Groussregioun insgesamt. Kloer ass, datt den Online-Handel eng eescht Erausfuerderung duerstellt. Erfreet weist sech de Schäfferot iwwert den d’erlaabte Sonndesouverture, woubäi een awer wäert mussen dräi bis véier Joer ofwaarde fir hei Erkenntnesser ze kréien.

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel