Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Implant Files: E Geschäft op Käschte vun de Patienten
https://moien.lu/dating-agreement-form/

Implant Files: E Geschäft op Käschte vun de Patienten

De Skandal ëm d‘Prüfung an Zertifizéierung vu feelerhaften a liewensgefäerdende

atlas mason jar dating chart
https://moien.lu/uso-dating-app/
https://moien.lu/dating-agreement-form/

Dës E-Mail weist, wéi grouss Silicon Valley hire Sexismus Problem wierklech ass

Et waren him 3.000 Wieder duergaangen, fir de Sexismus-Problem bei

Stock-Car: Prächtege Saisonoptakt fir déi Diddelenger „Roud Däiwelen“
https://moien.lu/dating-agreement-form/

Stock-Car: Prächtege Saisonoptakt fir déi Diddelenger „Roud Däiwelen“

Päischtméindeg ass fir déi eng den Dag vum Gënzefest a

Aus der Chamber: Dem enge seng Freed, ass deem anere säi Leed

Aus der Chamber: Dem enge seng Freed, ass deem anere säi Leed

Et war gëschter vill Lass um Krautmaart, woubäi et ëm en zolitte Verkéiersprojete gaangen ass, dee vir gläichermoosse Freed wéi Leed suergen dierft. An der Chamber ass dann och den Ausbau vun der Kasär um Härebierg gestëmmt ginn.

Den interessantsten a sécherlech och kontroverséiertste Projet: de Contournement vu Käerjeng. E Projet iwwert deen sech de Buergermeeschter vu Käerjeng, Michel Wolter (CSV), Freed an sengem Homolog vu Suessem, Georges Engel (LSAP) Kappzerbrieches verursaacht. Vun den Deputéierten ass et dann och d‘Variante 2 – dee leeft laanscht d‘Eisebunn an eng Industriezon, nodeems se duerch e Bësch, deen „Natura 2000“ Gebitt ass – déi zréckbehale ginn ass.

Säit 30 Joer gëtt gedoktert

Mam Contournement awer, gëtt eng joerzéngtelaang Fuerderung vun de Käerjenger Awunner erfëllt. Fir de Michel Wolter eng noutwenneg Mesure, där hire Notzen net muss bewise ginn. Mat engem Verkéiersopkommes vu ronn 25.000 Gefierer den Dag, déi d‘Haaptstrooss während de Stousszäiten zu engem iwwerdimensionéierte Parking verkomme loossen, verständlech.

Dat gesäit een zu Suessem eppes anescht. Déi gréng an d‘Sozialisten hunn sech mat Hänn a Féiss géint de Projet gewiert. En Haaptargument hei: de Contournement verleet de Verkéiersproblem an déi ëmleiend Gemengen. Fir ze verstoe wéi dat gemengt ass, muss ee sech de Verlaf vum Contournement ukucken. Hei soll eng zweespureg Strooss vu 4 Kilometer, d‘A13 mat der N5 verbannen. An dem Georges Engel seng Suergen, sinn och d‘Suerge vun der Gemeng Dippech.

Et war ee sech dann och eens, datt wann ee berécksiichtegt, datt de Contournement vu Käerjeng net ze verhënneren ass, et sech nëmmen ëm en éischte Schratt vun enger ganzer Rei Mesure ka sinn, déi zur Léisung vun de Problemer déi duerch d‘Verkéiersopkommes entstane sinn. An dësem Kontext hunn sech dann och vill Deputéiert vir e Contournement vun Dippech ausgeschwat.

Wuessen a kompenséieren

An och domatter net genuch. D‘Volleksvertrieder maachen sech net nëmme staark fir eng Entlaaschtung vun Dippech, nee si wënschen sech och, datt sech nach emol de Péitenger Contournement eppes méi genee ukuckt. Dat well d‘Verkéierssituatioun op de Stroossen déi zur Grenz, dem „Pôle Européen“ an der Collectrice féieren, och der Belaaschtung net méi Stand halen.

Säitens der Oppositioun, ass et d‘ADR déi mat enger gutt argumentéierter Kritik d‘Regierung op d‘Plaz setzt. Esou wier et dem Fernand Kartheiser léiwer, wann e sech och emol géif iwwerleeën, wéi eng Kompensatioun méiglech ass, fir all d‘Naturschutzgebidder déi urbaniséiert goufen, ze ersetzen. An hie stellt kloer, datt all Mesure seng Limitten an d‘Land eng fest Gréisst huet, firwat et net éiweg Fläche gëtt, déi als „Ersatz“ erugezu kënne ginn.

Bei der Ofstëmmung waren déi lénk, de Georges Engel an d‘Simone Asselborn-Bintz (LSAP) géint de Gesetzprojet.

Eng „nei“ Kasär?

D‘Infrastrukture vum Härebierg stamen aus de 50 Joer, wat bedeit datt si an den Alter komm sinn a net méi de Besoine vun enger jonker dynamescher Arméi entspriechen. Mam Gesetz datt gëschter um Krautmaart gestëmmt ginn ass, sinn 137 Milliounen Euro fir de Projet agesat ginn.

Bei der Erneierung an dem Ausbau, geet et an éischter Linn drëms 27 Gebaier ze renovéieren, siwen nei Gebaier solle gebaut ginn. Ënnert de neie Konstruktiounen déi virgesi sinn, befënnt sech d‘Sportshal, en Hangar fir d‘Gefierer an d‘zentral Kichen. Wann et sech opgeet, soll et esouguer méiglech sinn, en Deel vum Etat-Major op Dikrech ze verleeën.

Ähnlech Sujeten Chamber, Contournement, Dikrech, Härebierg, Käerjeng
Nächsten Artikel Virrechten Artikel