Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Spuenien: Manipulatiounen am Profi-Futtball!
https://moien.lu/speed-dating-norfolk-uk/

Spuenien: Manipulatiounen am Profi-Futtball!

Bedruch am Futtball ass wéi Dopping am Vëlossport: ouni schéngt

the stork dating site
https://moien.lu/speed-dating-norfolk-uk/

18b relative dating answer key

Katastrophal Zoustänn no den Onwiederen an Tornado am Südweste vu

D‘EU beschäftegt sech mat de Budgeten nom Brexit
https://moien.lu/speed-dating-norfolk-uk/

D‘EU beschäftegt sech mat de Budgeten nom Brexit

Um Méindeg huet d‘EU-Kommissioun den Debat zu de Budgeten nom

Wann de Staat sech (bal) onbemierkt aus der Verantwortung zitt

POST Lëtzebuerg wëll sech nach an dësem Joer vu véier Agencen trennen

Wann de Staat sech (bal) onbemierkt aus der Verantwortung zitt

Déi „privatiséiert“ POST Lëtzebuerg gehéiert wuel nach der Regierung an esou och a gewësser Weis dem Bierger, mee muss hautdesdaags eng profitabel Entreprise sinn. Agencen, besonnesch wann et déi vun der Post sinn, hunn aus historescher Siicht awer ni misse sinn profitabel sinn.

Mee d‘Zäiten änneren sech an iwwerhaapt schreift haut kee méi e Bréif, et sief dann et ass een al an huet keen Internet. Esou zumindest schéngt een dat bei der Direktioun ze interpretéieren. Si huet dann och schonn an 35 vun de 97 Post-Agencen d‘Luucht ausgeknipst, an esou wéi et gëschter vum Direkter Claude Strasser a senger Adjointe, Hjoerdis Stahl bestätegt ginn ass, war dat nach net alles.

Als „Géigeleeschtung“ huet d‘POST Lëtzebuerg 49 sougenannten „Point Post“ an gréisseren Enseignen oder soss gënschteg geleeë Geschäfter integréiert. Esou oder ähnlech soll dann och mat de 4 Agencen (Bartreng, Housen, Klierf an de Büro am CHL) verfuer ginn. Wéi et heescht ginn d‘Servicer vun der Bartrenger Agence, an den Zeitungsbuttek (ronn 300 Meter ewech) transferéiert.

Wann et sécherlech richteg ass ze behaapten, datt de Besëtzer vum Geschäft e finanziellen Avantage huet, a wéi um Beispill vum Zeitungsbuttek ze erkennen, och méi Passage huet, esou ass dëse Schratt kee selbstverständlechen. Et ass nämlech net POST déi, den Ament wou entscheet gëtt datt eng Agence „iwwerflësseg“ ass, sech op der Sich no engem gëeegente „Partner“ mécht.

Interventioun vun der Gemeng

E weidere Virworf deem sech d‘POST-Direktioun ze stellen huet, ass hir Aart a Weis als privat Entreprise ze handelen. Et war (nach ëmmer um Beispill Bartreng) net d‘POST déi sech beim Zeitungsbuttek gemellt an de „Point Post“ ugebueden huet. Jo si hunn et nach net emol vir néideg gehalen, d‘Gemeng ze informéieren. Déi hunn d‘Informatioun aus anere Quellen erhalen.

Elo ass e Postbüro awer eppes Essentielles, an esou eppes wei e Minimum un Anstand dierft ee sech als Gemeng vun enger „privater Entreprise mat staatlechem Kapital“ schonn erwaarden. Mee op der Gemeng weess ee wien de längeren Hiewel am Grapp huet, an esou war si et, déi un d‘POST erugetrueden ass, an hinne proposéiert huet e „Point Post“ am Zeitungsbuttek ze installéieren.

Fir Hjoerdis Stahl hunn dës alternativ Postbüroen nëmme Virdeeler, grad oder besonnesch fir de Client. Si hu besser Ëffnungszäiten a wieren oft besser zougänglech. An genee dat géif de Client begréissen, wat sech unhand ronn 400.000 Transaktiounen am Joer 2018 och beziffere léisst. A wien säi Konto bei der POST huet, kann seng Bankgeschäfter jo an enger Raiffeisen-Bank erleedegen.

Wou ass den Hoken?

Datt et berechtegt Kritik um Ëmgang mat der Clientèle gëtt, datt weess och de Claude Strasser, mee hien huet eng ganz Panoplie Argumenter déi se entkräftegt. Esou hu sech d‘Ëffnungszäiten, trotz der Fermeture vun de Agencen, tëscht 2015 an 2018 ëm 50% erhéicht a comptabiliséieren haut (bezunn op déi 112 Point Poste) pro Woch 6.000 Stonnen zu deenen se fir de Client accessibel sinn.

Interessant och d‘Sicht wéi een als Direkter „Service um Client“ definéiert. Déi sougenannten „PackUp“ Statioune wiere schliisslech 7 Deeg an der Woch ronderëm d‘Auer „op“. Also datt déi Statiounen duerchaus Sënn maachen an och enger Demande entspriechen, stellt keen a Fro. Et ass just kee Service um Client a wann et mat engem Pak ierger gëtt, gëllen nees d‘Ëffnungszäiten.

E Beispill: Wie fréier säi Pak op der POST ofgeholl, an eng Beschiedegung un dësem festgestallt huet, hat e vereedegte Beamte virun sech, deen dat „protokolléiert“ huet. Geschitt engem esou e Mëssel an engem Point Post gëtt et scho komplizéier, an am Fall vun enger PackUp-Statioun ass et eng Saach vun der Onméiglechkeet. Wat natierlech vun der POST heftegst dementéiert gëtt.

Interesséiert kee Mënsch

Dat elo den 1. Mee de Postbüro zu Housen an deen am CHL, dann de 1. Juni zu Klierf d‘Dieren definitiv Zougespaart ginn – Bartreng soll nach bis Enn Joer operationell sinn – schéngt awer kee wierklech ze interesséieren. Et gëtt sech wuel nom drëtten Humpen eppes geiergert a vläicht och emol d‘Fauscht an der Täsch gemaach. Esou ass de Lëtzebuerger, knouteren ouni zouzebäissen.

An dat weess een esouwuel bei der POST wéi bei der Regierung, an esou ginn d‘Standarde stänneg no ënne korrigéiert, ëmmer méi Servicer u „Partner“ ausgelagert, esou datt een iergendwann nach just d‘Gestioun vun den „outgesourcten ausféierenden Organer“ muss ënner Kontroll behalen. Ass dat d‘POST vu muer? An eigentlech muss ee Frou sinn, datt et iwwerhaapt nach Bréifdréier gëtt.

Woubäi déi et den Ament och net einfach hu mat hirer Direktioun. Besonnesch déi wou nach no hirem Beamte-Statut sollte behandelt ginn. Déi sinn dem Duo Strasser/Stahl net geheier, kaschte vill ze vill Geld mee et gëtt een hinnen einfach net lass. Mee d‘POST-Direktioun huet net déi néideg Gedold ze waarde bis se all pensionéiert sinn, an dréift mat hinnen e geféierlecht Spill.

Opmaacherbild: Gert Altmann/Pixabay

Ähnlech Sujeten Claude Strasser, Hjoerdis Stahl, PackUp, Point Post, Post Lëtzebuerg, Postbüro
Nächsten Artikel Virrechten Artikel