Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Viking & Folk Metal an der Kulturfabrik
yfn lucci dating history Neiegkeeten

krystal walter matchmaking edmonton ab

Dësen Donneschdeg gëtt et nees haart an der Escher Kulturfabrik.

fossil dating methods wikipedia
yfn lucci dating history Neiegkeeten

Editorial: De Journalist Deniz Yücel ass „Fräi“

Iwwert ee Joer war de Welt-Journalist Deniz Yücel an engem

Berlin: Dat politescht Karussell vun den Aarschkrécher
yfn lucci dating history Neiegkeeten

Berlin: Dat politescht Karussell vun den Aarschkrécher

D‘Bundeskanzlerin, Angela „Mutti“ Merkel, huet sech um Sonndeg zu Berlin

Ausbroch vum Vulkan Anak Krakatoa op Indonesien (Update)

Ausbroch vum Vulkan Anak Krakatoa op Indonesien (Update)

Indonesien nom Tsunami: den traurege Bilan zielt elo schonn 281 Affer

De Bilan vum schrecklechen Tsunami, deen duerch en ënnerséieschen Äerdrutsch, nom Ausbroch vum Vulkan Anak Krakatoa, ausgeléist ginn ass, läit um haidege Méindegmuere bei 281 Doudegen an iwwer 1.000 Blesséierten, mellt déi national Agence zur Katastrophegestioun.

An dat ass leider net den definitive Bilan, wéi de Spriecher vun der Agence, Sutopo Purwo Nugroho an engem Communiqué matgedeelt huet. „D‘Zuel vun den Affer wäert nach zouhuelen, an och bei de Schied ass et net méiglech eng kloer Iwwersiicht ze ginn“. De Spriecher huet nach bäigefüügt, datt 57 Persoune vermësst ginn.

23.12.2018 -. 6:00 / éischt Meldung

Um Samschdegowend sinn duerch en Tsunami an Indonesien 43 Mënsche gestuerwen an eng 600 blesséiert ginn. Den Tsunami war duerch natierlech Phenomener ausgeléist ginn, déi a Verbindung mam Ausbroch vum Vulkan Anak Krakatoa – „Kand“ vum legendäre Krakatoa – stinn.

„An der Sundastrooss (tëscht den Insele Java a Sumatra) si 40 Leit verstuerwen, 584 Mënschen si blesséiert ginn, zwee gi vermësst“, heescht et am Communiqué vun haut de Mueren, deen de Spriecher vun der Agence zur Katastrophegestioun, Sutopo Purwo Nugroho ausginn huet. Hien huet nach bäigefüügt, datt bei Serang dräi weider Affer ze bekloe sinn.

An engem éischte virsiichtege Bilan vun der selwechter Quell, war rieds vun 20 Affer an engen honnert blesséierter. Mee do war leider scho kloer, datt et net bei dësen Zuele bleiwe kann. Eng Dose Gebaier si vun der Flutwell, déi d‘Plage vu Süd-Sumatra an déi westlech Spëtzt vu Java getraff huet, zerstéiert ginn. D‘Tragedie huet sech e Samschdeg um 21.30 Auer zougedroen.

Krakatoa

CC BY-SA 4.0 Pinpin

Laut den Autoritéiten ass den Tsunami duerch eng anormal Flut, a Verbindung mam Neimound an engem ënnerséieschen Äerdrutsch, deen duerch den Ausbroch vum Vulkan Anak Krakatoa ausgeléist ginn ass, entstanen. „Dat alles zesummegeholl huet en Tsunami ausgeléist deen sech op de Küsten entlueden huet“, esou de Sutopo Purwo Nugroho zu den Ursaachen.

Mënschlecht versoen?

Den Ament wier déi geologesch Agence domatter beschäftegt erauszefanne wat am Detail geschitt ass, gëtt am Communiqué erkläert. Déi indonesesch Autoritéiten hätten den éischte Moment uginn, datt d‘Well keen Tsunami ass, mee d‘Flut, an d‘Leit sollten net panikéieren.

Op Videoen, déi an de sozialen Netzwierker verëffentlecht goufen, konnt een awer déi panikéiert Awunner gesinn, déi mat Täscheluuchten ausstafféiert, versicht hunn sech op Koppen a Sécherheet ze bréngen.

„Et war e Feeler, et eis schrecklech leed“ huet de Sutopo Purwo Nugroho op Twitter gepost. Anak (dat bedeit Kand op indonesesch) Krakatoa ass eng butzeg Vulkaninsel, déi gutt 50 Joer nom mäerdereschen Ausbroch vum Krakatoa (1883), bei deem 36.000 Mënschen hiert Liewe verluer haten, aus dem Waasser gewuess ass. Et ass ee vun 127 aktive Vulkaner an Indonesien.

Indonesien, en Archipel vu 17.000 Inselen, deen duerch d‘Konvergenz vun 3 groussen tektonesche Placken (indo-pazifesch, australesch, eurasech) entstanen ass. Dëst Archipel läit matten op um pazifesche Feierrimm, enger Zone mat héijer seismologescher Aktivitéit.

Den 28. September hat en Äerdbiewe mat enger Stäerkt vun 7,5 an déi uschléissend Flutwell d‘Stad Palu – op der Westküst vu Sulawesi – a senger Ëmgéigend dem Buedem gläich gemaach. Hei waren 2.073 Mënschen ëm d‘Liewe komm, 5.000 ginn der nach ëmmer vermësst. Déi meescht dierften ënnert den Trëmmer vun den zerstéierte Gebaier begruewe sinn.

Traureg och d‘Erënnerung un 2004. En Tsunami, ausgeléist duerch e Biewe vun der Stäerkt 9,3 net wäit vu Sumatra ewech, hat op de Küste vum indeschen Ozean 220.000 Affer gefuerdert, dovunner 168.000 an Indonesien.

mat AFP

Foto: Rette wat nach ze retten ass: Carita Beach war hart vun der Flutwell getraff ginn. D‘Haus vun der Famill ass net méi ze retten. Wat nach konnt a Sécherheet bruecht ginn, hunn d‘Leit hei zesummegestallt. © Semi/AFP

Ähnlech Sujeten Äerdbiewen, Anak Krakatoa, Indonesien, Java, Sumatra, Tsunami
Nächsten Artikel Virrechten Artikel