Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Tierkei kann de Verfall vu senger Währung net ophalen
Neiegkeeten

D‘Tierkei kann de Verfall vu senger Währung net ophalen

Der tierkescher Lira geet weiderhi schlecht, ganz schlecht. Et ass

Houston: Trauerfeier mat Symbolkraaft
Neiegkeeten

Houston: Trauerfeier mat Symbolkraaft

E Méindeg gouf de Sarg mam Läichnam vum George Floyd,

Schwéier Schied duerch Äerdbiewen zu Zagreb
Neiegkeeten

Schwéier Schied duerch Äerdbiewen zu Zagreb

Wéi d‘Kollege vu „24sata.hr“ beriichten, huet et um Sonndegmueren zu

Ausgebucht – Eng spontan Visitt um Stauséi ass net méiglech

Ausgebucht – Eng spontan Visitt um Stauséi ass net méiglech

Den Naturpark Öewersauer informéiert doriwwer, datt fir dëse Weekend all d’Plagen um Stauséi komplett ausgebucht sinn. Doduerch ass et net méiglech, spontan laanscht ze kommen an nach eng Plaz ze reservéieren.

Duerch de staarken Undrang vu Mënschen ronderëm de Stauséi an den domat verbonne Verkéierschaos gouf en obligatoresche Reservatiounssystem fir d’Visitten um Weekend ageriicht. Wien also d’Enn vun der Woch um Fuussefeld (500 Plazen), respektiv op der Plage zu Lëlz (200 Plazen), Ënsber (800 Plazen), Léifreg (400 Plazen), Burfelt (300 Plazen) oder op der Rommwiss (300 Plazen) genéisse wëll, dee muss sech am viraus iwwert d’Internetsäit vum Naturpark umellen.

D’Reservatioun ass gratis a fir eng Openthaltsdauer vun 8 Stonne geduecht. De Parking oder Aktivitéiten am Waasser sinn net am Ticket abegraff. A wéi ee gesäit sinn d’Plaze beléift, wouduerch ee sech schnell bäimaache sollt.

Opmaacherbild © Naturpark Öewersauer

Ähnlech Sujeten Ausgebucht, Burfelt, Covid-19, Ënsber, Fuussefeld, Léifreg, Lëlz, Naturpark Öewersauer, Online-Reservatioun, Pandemie, Rommwiss, Spontan Visitt, Stauséi, Ticket
Nächsten Artikel Virrechten Artikel