Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vun der Drauf bis zum Wäin: Neijoerschpatt mat de Wënzer a Wäibauer
Neiegkeeten

Vun der Drauf bis zum Wäin: Neijoerschpatt mat de Wënzer a Wäibauer

Gëschter Owend ass zu Réimech am Institut Viti-Vinicole, ganz der

SC Beetebuerg: Mir hu bei den Dammen de Bols gefillt
Neiegkeeten

SC Beetebuerg: Mir hu bei den Dammen de Bols gefillt

Um Freidegowend, no enger flotter Fussball-Woch – Dir konnt bei

Buchpresentatioun vun „Der Letzte seiner Art“
Neiegkeeten

Buchpresentatioun vun „Der Letzte seiner Art“

Beim Andreas Eschbach sengem Roman „Der Letzte seiner Art“ erlieft

Auslännerwahlrecht: d‘ASTI gëtt keng Rou!

Auslännerwahlrecht: d‘ASTI gëtt keng Rou!

Wann de Referendum vun 2015 och en zimlech „eendeitegt“ Resultat ervirbruecht huet, wat d‘Wahlrecht fir Auslänner betrëfft, esou ass den Thema kengesfalls vum Dësch. Et gëtt vill Diskussiounen hannert dem Réck vun der Ëffentlechkeet, an wann een der ASTI nolauschtert, wieren déi Deputéiert engem Auslännerwahlrecht „ënner gewësse Konditiounen“ opgeschloss.

Am Kontext vun der Konferenz, déi Am Kontext vum 40 järege Bestoe vun der ASTI gëschter am Stater Cercle stattfonnt huet, gëtt awer och kloer, datt den Debat an der Gesellschaft och nach ëmmer aktuell ass. Interessant hei, wéi d‘CSV d‘Kéier negociéiert. Hat d‘Viviane Reding nach 1987 gemengt, datt kee vernënftege Mënsch den Auslänner kéint d‘Wahlrecht zougestoen, a wa gewosst ass, datt d‘CSV nach viru 5 Joer Campagne fir den „Nee“ gemaach huet, esou schéngt et ënnert der neier Leedung zu enger neier politescher Ausriichtung ze kommen.

Hei gëtt sech awer op déi duebel Nationalitéit beruff, wat dem Historiker Michel Pauly eng kritesch Remark opgezwongen huet. Hie bemängelt, datt d‘Fuerderung no der duebeler Nationalitéit net de Migratiounssaldo berécksiichtegt an esou nach manner Leit zum Wahlrecht komme géifen. De gréngen Deputéierte François Benoy ass dann awer nees der Meenung, datt gutt 60% vun den Deputéierten engem Auslännerwahlrecht favorabel géinteniwwer stinn. Dat entsprécht in etwa dem TNS-Ilres Sondage deen d‘ASTI an Optrag ginn huet.

Déi ware gëschter och Vertrueden, dat an der Persoun vum Tommy Klein. Deen huet sech nach emol op déi „representativ“ Zuele bezunn, aus deenen och hien ervirgeet, datt an der Finalitéit, nëmmen 23% vun de Lëtzebuerger „ganz d‘Accord“ wieren, och den Auslänner d‘Wahlrecht zouzegestoen, dat allerdéngs och eréischt wa si eng „gewëssen Zäit“ am Land wunnen. Domatter wier een dann awer nees eigentlech mat den Zuelen aus dem Referendum op Aenhéicht, a wann ee mat „Jo“ oder „Nee“ muss äntweren, ass et éischter „Nee“.

D‘Wahlrecht vun de Jonken net vergiessen

Datt d‘ASTI an der Konferenz och op d‘Wahlrecht ab 16 Joer agaangen ass, huet de President vun der parlamentarescher Justizkommissioun, Charles Margue, zur Interventioun genéidegt. Vill Leit ware fir d‘Wahlrecht fir Jonker, esou wéi vill Jonker fir d‘Auslännerwahlrecht waren. Si stinn, ob an der Schoul, de Veräiner oder just esou an hirer Fräizäit vill mat hiren „auslännesche“ Matbierger a Kontakt an hätten hei eng éischter pragmatesch Approche. Woubäi och déi Jonk zu gudder Lescht zu zweedrëttel géint d‘Auslännerwahlrecht gestëmmt hätten.

Trotz dëse Fakten, ass awer och de Charles Margue iwwerzeegt, dovunner datt d‘Politiker an der Chamber haut bereet wieren, esouwuel d‘Auslännerwahlrecht wéi d‘Wahlrecht ab 16 unzehuelen, wat awer den Historiker zur Fro ermontert huet, wou hien dës Wäisheet géif hierhuelen? De François Benoy äntwert: „Dat si Couloirsgespréicher“, a fënnt et ganz interessant, datt d‘Vertrieder vum Land eng aner Opfaassung wéi d‘Awunner am Land hunn. De Pauly freet sech dann, datt wann et 1919 e Referendum fir d‘Fraewahlrecht ginn hätt, ob si dëst erhalen hätten.

Hie vertrëtt zudeem d‘Usiicht, datt déi politesch Verantwortlech och heiansdo mussen Decisiounen iwwert d‘Käpp vum Vollek mussen huelen, woubäi eigentlech gemengt ass, datt si hei onpopulär Entscheedungen ze treffen hunn, fir de Leit ze beweisen, datt déi domatter verbonnen Angscht net begrënnt war. De Referendum war also laut dem Michel Pauly vun der „Angscht“ gepräägt a wier d‘Campagne net esou miserabel schlecht gefouert ginn, wier et anescht ausgaangen. Dat ass eng gewote Behaaptung, déi een esou net sollt am Raum stoe loossen…

Illustratioun: Envato

Ähnlech Sujeten ASTI, Auslännerwahlrecht, Konferenz, Referendum 2015
Nächsten Artikel Virrechten Artikel