Search

You may also like

Dem Trump säi Wirtschaftsberoder geheit d‘Handduch
International Neiegkeeten

Dem Trump säi Wirtschaftsberoder geheit d‘Handduch

Et ass e klengt Äerdbiewen datt d‘Washington um Dënschdeg getraff

Klimaplang Lëtzebuerg: 20 Euro fir all Tonn CO² déi ausgestouss gëtt
International Neiegkeeten

Klimaplang Lëtzebuerg: 20 Euro fir all Tonn CO² déi ausgestouss gëtt

Genee eng Woch no der Virstellung vum Klimaschutzgesetz, huet de

Vun der Drauf bis zum Wäin: Neijoerschpatt mat de Wënzer a Wäibauer
International Neiegkeeten

Vun der Drauf bis zum Wäin: Neijoerschpatt mat de Wënzer a Wäibauer

Gëschter Owend ass zu Réimech am Institut Viti-Vinicole, ganz der

Tierkei schéckt auslännesch IS-Kämpfer heem

Tierkei schéckt auslännesch IS-Kämpfer heem

Ankara hat et ugekënnegt an elo maachen d‘Tierken eescht. Um Méindeg huet d‘Tierkei ugefaange Kämpfer vum Islamesche Staat an hir respektiv Heemechten zréckzeschécken. Laut dem President Recep Tayyip Erdogan wieren derzäit 1.149 Unhänger vum IS an tierkesche Prisongen, vun deenen der 737 auslännesch Staatsbierger wieren. Den Ausseminister Süleyman Soylu hat d‘Moossnam um Freideg mat der Wierder „D‘Tierkei ass keen Hotel fir IS-Kämpfer“ ugekënnegt.

Déi meeschten EU-Länner hunn et bis ewell refuséiert, IS-Unhänger an/oder IS-Kämpfer, déi vun der Kurdemiliz YPG ugefouerte Syresch Demokratesche Kräften (SDF) a Syrien gefaange goufen, nees zréckzehuelen. Bei der Invasioun vu Syrien duerch tierkesch Zaldoten a syresch Rebellen, si vill Islamisten esou entwëscht an eng Partie dovunner hunn d‘Tierken opgegraff. Entspriechend dem Süleyman Soylu, wieren esou 287 Persounen, dorënner Fraen a Kanner „festgeholl“ ginn.

IS-KämpferAn Nordsyrien hunn sech d‘Tierkei a Russland (déi als Schutzmuecht fir de Baschar al-Assad a Syrien entspriechend Afloss hunn) drop gëeenegt, eng gemeinsam Sécherheetszon anzeriichten, d‘Kurden, déi dëst Gebitt – dat si Rojava genannt hunn – hu misse verloossen, hunn esou déi gefaangen IS-Kämpfer hirem Schicksal missen iwwerloossen. Ankara sengersäits wëll sech awer net mat den auslänneschen Dschihadiste ploen, dat missten déi respektiv Länner selwer maachen.

Staatsbierger?

Fir den tierkeschen Ausseminister ass et dann och en onméigleche Beholl, deen d‘NATO-Partner hei ënner Beweis stellen. De Briten an den Hollänner huet de Süleyman Soylu virgeworf, sech aus der Verantwortung ze stielen, andeems si „hire Bierger“ d‘Staatsbiergerschaft entzéien an sech weigeren se zréckzehuelen. Eis däitsch Nopere widdersetzen sech net „direkt“ enger Réckféierung, fuerderen awer vun der Tierkei e gereegelt Verfaren. Wëll Ausweisunge géif en net akzeptéieren.

D‘Briten hirersäits hunn honnerte Staatsbierger, déi sech dem islamesche Staat ugeschloss hunn, d‘Nationalitéit entzunn. Laut dem internationalen Accord vun New York 1961, ass et allerdéngs illegal Mënsche staatelos ze maachen, woubäi Groussbritannien a Frankräich hunn dëst Ofkommes ni ratifizéiert. Däitschland huet zwar ee Gesetz gemaach, mat deem et méiglech ass Dschihadisten de Pass ofzehuele wann déi nach eng aner Staatsbiergerschaft hunn, mee réckwierkend gëllt dat net.

IS-KämpferLaut dem auswäertegen Amt ass schonn eng Persoun um Méindeg ausgewise ginn. Néng weider däitsch Staatsbierger sollen en Donneschdeg an e Freideg nokommen. Bei den insgesamt zéng Persounen handelt et sech ëm dräi Männer, fënnef Fraen an zwee Kanner. Onkloer wier zur Stonn ob et sech bei dëse Mënschen tatsächlech ëm IS-Kämpfer handelt. Berlin wëll verhënneren, IS-Terroriste mat Kampferfarung vun Ankara geschéckt ze kréien. Wéi dat soll goen ass net gewosst.

Den aktuelle Stand

Um Méindeg huet d‘Tierkei dräi vermuttlech Dschihadisten an hir respektiv Heemechten zréck geschéckt. Et handelt sech dobäi ëm en Amerikaner, en Dän an en Däitschen. Wat deen däitsche Staatsbierger ugeet, esou heescht et aus Berlin, datt dëse keng Verbindung zum IS soll gehat hunn. Wann Däitschland elo aus rechtleche Grënn d‘Réckféierung vu senge Staatsbierger net verweigere kann, esou brauch et awer hei eng Rei grondsätzlech Reegelen déi zwéngend anzehale sinn.

Den däitschen Ausseminister Heiko Maas huet gëschter zu Bréissel vun der Tierkei gefuerdert, datt si virun der Réckféierung – egal a wéi ee Land – genuch Informatiounen zur Persoun virausschécke fir juristesch Moossnamen ergräifen ze kënnen. Ouni Beweiser kéint ee kee viru Geriicht stellen oder am Prisong onschiedlech maachen. Et ass keng Entscheedung déi Berlin liicht gefall ass, mee et geet schliisslech och hei ëm diplomatesch a wirtschaftlech Bezéiungen, déi ee wëll erhalen.

IS-KämpferZudeem huet och Washington en ähnlechen Toun wei Ankara ugeschloen a widderholl vu Berlin gefuerdert „seng Kämpfer“ aus Syrien zréckzehuelen. Dat op allen diplomateschem Niveauen a vum Donald Trump esouguer op Twitter. D‘USA hunn esou ugebueden, déi däitsch Dschihadisten zu Rammstein (Air Base) ofzelueden an do den däitschen Autoritéiten ze iwwerstellen. Eng Offer déi vu Berlin dankend zréckgewise ginn ass. Och déi aner Europäer si géint dës Léisung.

mat indymedia/ber

Foto: © Hizba

Related topics Ankara, Dschihadisten, IS-Kämpfer, islamesche Staat, Süleyman Soylu, Syrien, Terror, Tierkei
Next post Previous post