Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Den Dossier „Brexit“ zitt sech…
Meenung Neiegkeeten

Editorial: Den Dossier „Brexit“ zitt sech…

Déi fënneft Verhandlungsronn tëscht der EU a Groussbritannien ass alt

D’Keelt setzt net jidderengem d’selwecht zou
Meenung Neiegkeeten

D’Keelt setzt net jidderengem d’selwecht zou

Soubal et mi kal gëtt, héiers de awer wierklech jidderee

Doudeger bei schwéieren Onwieder an den USA
Meenung Neiegkeeten

Doudeger bei schwéieren Onwieder an den USA

Tornadoen a Onwieder hu vill Gebaier zerstéiert, deels ass et

Wann den Ausseminister besuergt ass… (e Kommentar)

Wann den Ausseminister besuergt ass… (e Kommentar)

Zanter ee puer Deeg deet sech eppes an der Golfregioun, an esou wéi et ausgesäit, stellen sech d‘USA op eng Eskalatioun an, déi si nees selwer ze veräntwerten hunn. Et ass dobäi zimlech onerhieflech, op een et eng „ugemoossen Äntwert“ nennt, wann den Donald Trump nom Dout vun engem US-Zivilist op der Militärbasis zu Kirkuk an dem „Protest“ bei der US-Ambassade, zu äusserste gräift an de Generol an nationale Volleksheld vun den Iraner, Quassem Soleimani killt.

Bei esou Aktioune geet ee geleefeg dovunner aus, datt sech d‘Amerikaner mat hiren Alliéierten ofschwätzt oder zumindest en „Tipp“ gëtt. Gutt de Mike Pompeo huet am Uschloss un de Mord vum Generol „all seng Partner“ ugeruff, fir dësen ze erklären, wat Washington mat dëser Aktioun bezwecken. Während déi meescht d‘Moossnam guttgeheescht hätten, wier hien op en Neits vun den Europäer enttäuscht ginn. Déi géifen net verstoen, datt d‘USA am Irak d‘EU méi sécher maachen.

Op den US-Ausseminister och mam Jean Asselborn „telefonéiert“ huet? Wuel kaum, soss hätt den Ausseminister dat a sengem Communiqué bestëmmt ernimmt. De Cyclist ass dann och – et gehéiert sech anscheinend esou – „diplomatesch“ ganz besuergt iwwert d‘Entwécklungen am Irak. Hien huet en Appell un all déi „concernéiert Acteure“ geriicht, sech nees an d‘Gitt ze kréien an et net zu enger Eskalatioun kommen ze loossen. Déi awer, dat hunn déi lescht Stonne gewisen ass voll amgaangen.

Gutt datt ee mat Waffen, besonnesch wann een dës „schwätze léisst“ kee Konflikt léise kann, da weess de Lëtzebuerger spéitstens zanter den Demonstratioune géint de Krich am Irak (2003). Wann dann awer, wéi et de Jean Asselborn zu Recht fuerdert, d‘Diplomatie soll d‘Iwwerhand behalen, da muss een eventuell och emol mam „beschte Frënd“ eppes méi haart zu Geriicht goen. Frëndschaft hält esou en Disput aus soen se, mee déi wierklech „Frëndschaft“ gëtt et säit dem „MAGA“ net méi.

Zudeem sollt den Ausseminister sech senge Sujeten op déi hie reagéiert, eppes méi an der Déift zouwennen. Wann hien am Communiqué matdeele léisst: „D‘Attacke géint diplomatesch Missioune sinn net akzeptabel. Et muss dat ganz Liicht zu de rezenten Ugrëff géint d‘US-Ambassade zu Bagdad gemaach ginn. Déi irakesch Regierung ass verflicht d‘Sécherheet vun allen diplomatesche Missiounen op sengem Gebitt ze garantéieren“, trëfft hien d‘Scheif awer net de Rank.

Zum engen ass d‘Uwennung vum „Plural“ schlecht gewielt, an d‘Regierung vum Irak ass net vum Vollek legitiméiert, firwat et zanter Wochen ee friddleche Protest gëtt, deen awer ënnert dem Radar vun de Medie bliwwen ass. Wéi déi Ufank Dezember ugegraff goufen, war den Ausseminister net ze héieren. Dat gläicht Bild bitt sech am Kontext vun der Demonstratioun zu Berlin am Oktober, wou d‘Mëssstänn an d‘Korruptioun am Irak an d‘Ëffentlechkeet gedroe goufen.

Wann een dann och weess, datt d‘US-Ambassade zu Bagdad déi gréisste Weltwäit ass, datt d‘USA an éischter Linn hir „Interessen“ op der Plaz verdeedegen an déi irakesch Regierung ouni Accord vu Washington net entscheedungsfäeg ass, gëtt et schwiereg sech Hoffnungen op „Demokratie“ ze maachen. Zudeem, wann ee vun „Demokratie“ schwätzt, ass am Irak eng Demokratie no amerikaneschem Virbild gemengt. Déi léisst sech awer weder kulturell nach politesch duerchsetzen.

Dees allerdéngs ass sech och de Jean Asselborn bewosst, an et freet sech firwat hien dat net zu Wuert bréngt. Datt hie seng amerikanesch Genossen net wëll traureg maachen an appelléiert, datt sollen direkt Kommunikatiounskanäl tëscht Teheran a Washington opgemaach ginn, gehéiert och an d‘Kategorie „Diplomatesch waarm Loft“. Deen „direkten Drot“ deen esou oft ugeschwat gëtt, huet den Donald Trump héchstperséinlech ofgeschnidden an d‘US-Sanktiounen hunn näischt bruecht.

An dofir muss et erlaabt sinn, sech méi Suergen iwwert en näischt aussoende Communiqué vum Ausseminister ze maachen. Vum Jean Asselborn sollten d‘Bierger am Land erwaarden dierfen, datt een net nëmme „besuergt“ ass, mee de Sujet och wierklech esou eescht hëlt wéi dësen ass. Dat géif eventuell bedeiten, datt den Ambassadeur zu Lëtzebuerg misst am Ausseministère virstelleg ginn, an eisem Jean Asselborn emol erkläert, wéi eng Absichten d‘USA hunn a wat se brénge sollen.

Illustratioun: Pixabay

Ähnlech Sujeten Ausseminister, Bagdad, Donald Trump, Irak, Iran, Jean Asselborn, Mike Pompeo, Quassem Soleimani, US-Wahlkampf 2020, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel