Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ULC: D’Gesetz vum Taxiwiese muss iwwerpréift ginn!
Neiegkeeten

ULC: D’Gesetz vum Taxiwiese muss iwwerpréift ginn!

D’Gesetzesännerung zum Taxiwiesen huet net nëmme positiv Aspekter mat sech

Ee Kommentar zur Juegd: Den Däiwel mam Beelzbub ausdreiwen
Neiegkeeten

Ee Kommentar zur Juegd: Den Däiwel mam Beelzbub ausdreiwen

E puer Deeg virun enger Debatt an der Chamber iwwert

Nei Gesiichter fir de Staatsrot
Neiegkeeten

Nei Gesiichter fir de Staatsrot

Indianesche Summer zu Lëtzebuerg. Déi politesch Rentrée ass eigentlech scho

De Jean Asselborn huet um Findel 14 Flüchtlingen empfaangen

De Jean Asselborn huet um Findel 14 Flüchtlingen empfaangen

Nodeems den Ausseminister Jean Asselborn vum ADR opgefuerdert gouf säin Hutt ze huelen, wat awer vun allen anere Parteie vehement kontestéiert gouf, war dëse quasi niewebäi och massiivst wéinst senger Asylpolitik an d‘Kritik vun de virecht genannte geroden. Dat hie sech vun esou eppes net aus der Rou brénge léisst, beweist dann och säin Asaz vir d‘Humanitéit um Freidegmueren.

Esou huet sech den Ausseminister, dee jo och fir de Ressort „Asyl & Migratioun“ zoustänneg ass, et net huele gelooss, de Moien héchstperséinlech déi 14 Flüchtlingen aus dem Niger um Findel ze empfänken. Dës 14 Flüchtlinge solle bei eis eng nei Heemecht an esou och Zukunftsperspektive gebuede kréien. D‘Opnam vun dëse Mënschen ass d‘Äntwert vun eisem Land op den Appell vun der EU-Kommissioun aus dem Joer 2017.

Am Oktober 2017, hat Lëtzebuerg positiv op d‘Demande vu Bréissel reagéiert, déi an der Unioun no Partner gesicht huet, déi bereet wieren, Flüchtlingen aus Nigeria eng Heemecht ze bidden. Eng Aktioun déi am Kontext vun der „Noutevakuatiouns-Mechanissem“ (ETM) vum UNHCR virgesi war. Am Dezember 2019 war en éischte Grupp vu 35 Persoune bei eis opgeholl ginn, d‘Arrivée vum 2. Grupp huet wéinst „Covid19“ misse verréckelt ginn.

Den Accueil vun dëse leit ass a Concertatioun mam Héije Kommissariat fir Flüchtlinge vun de Vereenten Natiounen (UNHCR) an der Internationaler Organisatioun fir d‘Migratiounen (OIM) organiséiert ginn. Dës béid Organisatiounen hunn sech ëm d‘Selektioun vun de Flüchtlinge gekëmmert, wouduerch si dann och en unerkannte Statut hunn. Mat der Arrivée vun dësen 12 Erwuessenen an zwee Kanner, ass de Volet ofgeschloss.

Bei dëse Flüchtlingen handelt sech ëm Mënschen, déi ënnert schänterlechste Konditiounen an engem vun de villen Detentioun-Lager a Libyen „festgehale“ goufen. D‘OIM hat alles an d‘Wee geleet fir d‘Leit aus dëse Lager ze befreien, wourop si an enger éischter Phas an den Niger evakuéiert goufen. Dat awer konnt nëmmen eng Tëscheléisung sinn, firwat sech ee weideren Transfert aus humanitäre Grënn opgedrängt huet.

Dës Mënschen, déi deels aus Somalia an Eritrea stamen, sollen elo also bei eis eng Zukunft kréien, mee an éischter Linn sollen se emol kënnen zur Rou kommen. De Grupp besteet aus dräi Familljen a fënnef Jonggesellen. Et gouf de Moie keng weider Informatiounen iwwert d‘Betreiung an hire Wunnuert, mee et gouf verséchert, datt si gutt ëmgi sinn.

Foto: © ministère des Affaires étrangères et européennes

Ähnlech Sujeten Flüchtlingen, Jean Asselborn, Migratioun, OIM, UNHCR
Nächsten Artikel Virrechten Artikel