Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ClimateXchange – Kloer Fuerderungen, Iddien a Proposen vun der CNEL!
Neiegkeeten

ClimateXchange – Kloer Fuerderungen, Iddien a Proposen vun der CNEL!

Nom Klimastreik vum 15. Mäerz, bei deem 15.000 Schüler op

What the Fakt – de Karl Benz an d’Gebuert vum Auto virun 133 Joer
Neiegkeeten

What the Fakt – de Karl Benz an d’Gebuert vum Auto virun 133 Joer

Mat dëser Aktioun kann een de Karl Benz quasi als

Mir sinn Europa! Oder awer och net
Neiegkeeten

Mir sinn Europa! Oder awer och net

Der wäert zu Lëtzebuerg keng vun de Regierungsparteien a mat

D‘KPL ass wäit méi wéi eng ausserparlamentaresch Oppositioun

Aly Ruckert: „d‘Welt am Joer vum 200. Gebuertsdag vum Karl Marx ass net méi gerecht ginn“.

D‘KPL ass wäit méi wéi eng ausserparlamentaresch Oppositioun

Et war en iwwersiichtlechen Empfang fir Neijoerschdag, deen d‘KPL am Kulturhaus „a Gadder“ zu Bieles organiséiert huet. D‘Stëmmung dogéint war riseg, d‘CGFP war mat direkt dräi Vertrieder present, an och en Delegéierte vun de kubanescher Ambassade, war der Aluedung gären nokomm.

De KPL-President stellt fest, dat d‘Welt och 200 Joer no der Gebuert vum Karl Marx net méi gerecht ginn ass, et net manner Kricher ginn huet an d‘Ausbeutung vum Mënsch duerch de Mënsch net méi kleng ass. D‘Kris vum Kapitalismus hätt méi schaarf Formen ugeholl, et géifen ëmmer méi Profitter der realer Wirtschaft entzunn, fir se a Spekulatiounsgeschäfter afléissen ze loossen.

Esou ergëtt sech, datt d‘Kapital déi schaffend Leit net un der geschafener Plus-value bedeelegt, a folgerichteg net méi amstand ass Produktivitéitskräften ze entwéckelen. Den Aly Ruckert ass och op d‘Amëschung vun den USA, der EU a verschiddenen EU-Länner a Latäinamerika agaangen. Hei gëtt sech géint fortschrëttlech Entwécklunge gestäipt, well gefaart gëtt un Afloss ze verléieren.

Den Drock vun der NATO op Moskau huet zougeholl. Eng geféierlech Entwécklung, déi och duerch Sanktiounen net besser gëtt. Op där aner Säit vum grousse Pull: d‘USA. Dat sech dat imperialistescht Amerika mat China, sengem gréisste Creancier, op en Handelskrich agelooss huet, ass genee esou wéineg novollzéibar, wéi déi stänneg Provokatioune vu Partner an Alliéierten.

Wa sech Europa selwer widdersprécht

Am Kontext vun de bevirstoenden Europawahlen, stellt den Aly Ruckert fest: „An der europäescher Unioun hu sech d‘Widderspréch weiderentwéckelt, an dat net nëmme wéinst dem Brexit, mee och well duerch d‘Ëmverdeelungspolitik vun EU an eenzele Regierungen zu Gonschte vum Kapital an de Räichen, den onerhéierte Räichtum an déi batter Aarmut ëmmer méi krass Formen unhuelen“.

Oppositioun

© Martine de Lagardère/moien.lu

Hie gëtt och ze bedenken, datt „gewëssen ekonomesch a politesch Elitten, déi net mat Hakekräizer a Gamaschen, mee mat Kostüm a Krawatt optrieden, mengen si kéinten hir Ziler erreechen, wann si op Rezepter zréckgräifen, déi vum historesche Mëschtekoup vum Faschismus stamen. Dorënner och (…) den Antikommunismus an d‘Bestriewungen déi biergerlech Demokratie anzeschränken.

Wéi eng Konsequenzen dat mat sech bréngt, kann ee zanter Mëtt November am Frankräich däitlech gesinn. Hei wier et, esou de KPL-President, dem Finanzkapital wuel gelonge mam Macron säin Interessevertrieder op de Presidentestull ze setzen, mee de Widderstand vun der Bevëlkerung weist sech am Mouvement vun de giele Gileten, dee seng „Politik vun de Räichen“ denoncéiert.

Fir méi an nohalteg Liewensqualitéit

Et wier scho vill erreecht, wann een – wéi et den Aly Ruckert op de Punkt bréngt – et als Regierung géif hikréien, fir eng gutt Bildung an Ausbildung ze suergen, uerdentlechen Aarbechtsverhältnisser Rechnung géif droen, den Zougank zum Gesondheetswiesen an der Kultur géif garantéieren, en wierdege Liewensowend kéint verbréngen an a Fridden dierft Liewen.

Oppositioun

© Martine de Lagardère/moien.lu

Leider muss ee feststellen, datt et dat alles net an ausreechendem Ëmfang gëtt, firwat de Mënschen d‘Perspektiven abhande kommen. Ëmmer méi Mënschen a prekäre Liewenssituatioune bannen, ass de Géigendeel vun enger gesellschaftlecher Kohäsioun. Ouni däitlech spierbar Verännerungen ass och bei eis e Mouvement vun de giele Gileten, nëmmen eng Fro vun der Zäit.

Dem Finanzkapital an de Konzerner hir Interessen, virun déi vun de Bierger ze stellen, ka sech op Dauer net duerchsetzen. Hei géif eendeiteg de Räichtum op Käschte vun anere Volleksschichten a Klasse gemaach ginn. An dat geschitt an der Reegel mat der Ënnerstëtzung vun der Regierung, egal op rietspopulistesch, konservativ, liberal, sozialdemokratesch oder esouguer ekologesch gepräägt.

D‘Kaddoe ginn un déi falsch verdeelt

Datt et zu Lëtzebuerg grondsätzlech net anescht ass, muss een eigentlech net weider betounen. Mat deem klengen Ënnerscheet, datt déi wou eis regéieren, nach eppes méi Spillraum hunn, fir d‘Ausbeutungsverhältnisser ze verschleieren an déi genannte Profitter nohalteg ze erhalen. Hei ass een net op Sozialofbau an aner rabiat Methoden ugewisen. Hei gëtt et entspriechend „Kaddoen“.

Oppositioun

© Martine de Lagardère/moien.lu

Et wier e Spillraum dee méi kleng géif ginn, wat och der Ofhängegkeet vun den Entscheedungen op EU-Niveau, a vun den internationalen Auswierkunge vun der Kris vum globaliséierte Kapitalismus a senger neoliberaler Spillaart, geschëlt wier. Se „bliedert“ d‘Fassad vu Lëtzebuerg, d‘Zuel vun de Familljen déi, déi zwee Enner vum Mount net méi unenaner kréien, wiisst a wiisst…

Den Zuele vum Chômage wier net ze trauen, an de Betriber gëtt bei de Salaire gespuert wat geet, an dat betrëfft net nëmme Betriber déi Kapitaliste gehéieren, mee ass mëttlerweil och d‘Reegel an deenen Entreprisen, an deene Staat oder Gemengen d‘Majoritéit vun den Aktien hunn. Luxtram ass nëmmen eent ënner villen traurege Beispiller, déi engem de Staatskapitalismus virun Ae féieren.

Gutt datt et d‘Gewerkschafte gëtt

Dogéint, a géint d‘Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit, wéi och der Dereguléierung vun den Aarbechtskonditiounen, kämpfen d‘Gewerkschaften an eenzel Parteien. E Widderstand deen awer net ëmmer vun deene verstane gëtt, deenen en eigentlech notzt. Dat geet nëmme well e groussen Deel vun den Aktiven – op se hei wunnen oder Grenzgänger sinn – net Wahlberechtegt ass.

Oppositioun

© Martine de Lagardère/moien.lu

Fir datt mir eis verstinn: D‘Kommunistesch Partei ënnerstëtzt all Gewerkschaften, Organisatiounen a Biergerbeweegungen, déi sech enger salariatsfeindlecher Entwécklung entgéint stäipen. Si encouragéiert dës Verbänn zesummenzestoen, gemeinsam ze iwwerleeën an ze handelen, fir aller réckschrëttlecher Entwécklung ënnert där d‘Salariat Verloschter ze droen huet, entgéintzewierken.

Beim Salariat muss sech dann awer och eppes doen. Et schéngt deenen nach net opgefall ze sinn, datt si zueleméisseg iwwerleeë sinn, an eng reell gesellschaftlech Kraaft duerstellen. Mee do ass och déi Saach mam „Individualismus“ an der „Gier“. Dat sinn zwee Elementer déi dem Kapital an d‘Hänn spillen, well et dësem erlaabt d‘Gesellschaft ze splécken a géintenaner opzebréngen.

Vun Enttäuschung an Hoffnung

Datt d‘KPL bei de leschte Walen op e neits nees wéineg bis guer net berécksiichtegt ginn ass, dat ass natierlech enttäuschend. Och besonnesch dowéinst, well ee vill jonk Mënschen iwwerzeegt kritt huet op der Lëscht ze kandidéieren. Et goufe vill Efforte gemaach, fir de Programm ënnert d‘Leit ze bréngen, mee alt nees keng Chance op Parteiefinanzéierung, kee Matsproocherecht…

Oppositioun

© Martine de Lagardère/moien.lu

Et ass een nees déi ausserparlamentaresch Oppositioun, wat déi politesch Aarbecht iwwert déi nächst fënnef Joer net méi liicht mécht. Ass een net an der Chamber, gëtt et wéineg Tribünen op deenen d‘Virschléi an d‘Fuerderunge vun der KPL kënnen ervirbruecht an erkläert ginn. Zudeem gëtt éischter Seelen e Vertrieder vun der KPL zu engem Debat oder Ronndëschgespréich agelueden.

Beim 34. Kongress vun der KPL muss sech mam Ausgang vun de Wahlen an deem wat et fir déi kommunistesch Partei bedeit, ausenanergesat ginn. Gewosst ass awer elo schonn, datt ee muss Mëttel a Weeër fanne fir d‘Partei politesch, ideologesch an organisatoresch ze stäerken. Och hiert Organ, d‘Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek muss fir d‘Salariat an d‘Jugend méi attraktiv ginn.

Un den Europawahle gëtt sech bedeelegt

Als politesch Partei muss och d‘KPL noutgedrongen un den EU-Wahlen deelhuelen, ass sech awer bewosst, datt bei sechs Mandater fir ganz Lëtzebuerg, d‘Chance fir si „éischter kleng bemooss“ sinn. D‘Campagne fir d‘Europawahlen ass allerdéngs eng gutt Geleeënheet, fir de Bierger ze verstoen ze ginn, wat et eigentlech mat dëser europäescher Unioun op sech huet, a wiem et notzt.

Oppositioun

© Martine de Lagardère/moien.lu

Déi EU wier e supranationalen Iwwerbau, deen am Interessi vun de Banken an Konzerner, aus enger Rei vun europäesche Länner, vun de konservativen, liberalen a sozialdemokratesche Parteie geschafe ginn ass, an zanterhier als dat funktionéiert. Dat dierf een esou festhalen, och oder vläicht grad, well d‘EU a senge verschiddene Formen de Fridden erhale konnt.

Mee fir den Aly Ruckert steet och fest, datt d‘EU fir Sozialofbau, Loundumping, Privatiséierung a Liberaliséierung vun ëffentlechen Déngschtleeschtunge, fir Aarmut an Aarbechtslosegkeet steet. An dat Bewosst, firwat Rietspopulismus a Faschismus, nees opkommen, an als Ausdrock vum Begier an der Mëtt vun der Gesellschaft ukomm ass. Dofir sollt ee sech unhéiere wat d‘KPL ze soen huet.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Aly Ruckert, ausserparlamentaresch Oppositioun, Faschismus, Kapitalismus, kommunistesch Partei Lëtzebuerg, KPL, Rietspopulismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel