Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Kaart vum neien RGTR-Reseau – Weeweisend an Europa
Kultur Neiegkeeten

D’Kaart vum neien RGTR-Reseau – Weeweisend an Europa

Dir wëllt wëssen, wéi den neien RGTR-Reseau an der Regioun

Vereedegung vu sechs Ënneroffizéier
Kultur Neiegkeeten

Vereedegung vu sechs Ënneroffizéier

En Donneschdeg huet de Generol Alain Duschène, Stabchef vun der

Beim LCGB ass een vun der EIB „eppes“ enttäuscht (Kommentar)
Kultur Neiegkeeten

Beim LCGB ass een vun der EIB „eppes“ enttäuscht (Kommentar)

Zanter Januar ass gewosst, datt déi Europäesch Investitiounsbank (EIB) muss

Vu Krich a Fridden: Graffiti Workshop an Ausstellung

Samschden, den 12 September 2020 um 11 Auer am Prabbeli zu Wolz

Vu Krich a Fridden: Graffiti Workshop an Ausstellung

Vum 7. bis den 11. September gëtt e Konschtworkshop mat de Graffiti-Kënschtler a Grënner vum “Kamellebuttek” Raphael Gindt an Daniel Mac Lloyd ofgehalen. Dëse riicht sech u Mënschen am Alter vun 12 bis 19 Joer a steet ënnert der Leedung vum Jugendbureau Éislek. D’Jugendlech léieren déi tragesch Geschicht vum Schumannseck kennen, fir dono iwwer hier Gefiller zu Krich a Fridden nozedenken an dës mat den zwee Lëtzebuerger Kënschtler ze äusseren.

De Fokus läit um Thema „Vum Krich zum Fridden – Wat ass deng Geschicht?!“. Heibäi handelt et sech ëm eng participatiiv Konschtinitiative am Schumannseck, am Kader vum Interreg Projekt VA GR “Land of Memory”. E gëtt zesumme mam Naturpark Öewersauer an dem Jugendhaus Éislek organiséiert.

Den Erënnerungswee “Sentier du Souvenir” gëtt zur Zäit moderniséiert. Dat neit Konzept setzt de Fokus virun allem op Zäitzeien, déi een direkten an emotionalen Zougank zu der Vergaangenheet am Schumannseck fërderen.

Déi 15 thematesch Statiounen erziele vu Silhouetten, Texttafelen, rekonstruéiert Schlofplazen a Veteranenbeem d’Geschicht vun der Ardennenoffensiv. Am Zentrum dovunner entsteet en Uert fir Nozedenken. Dëse soll d’Besicher ureegen, iwwert déi erhalen Informatiounen an iwwer allgemeng Themen ewéi Fridden, Fräiheet, Demokratie a Biergerschaft ze reflektéieren.

Fridden

Kënschtleresch verbonne mat Graffiti-Wierker

Haaptzil vun dem Workshop besteet also doran, d’Bedeelegung vu jonke Mënschen un d’Gedenkaarbecht ze fërderen an hir Visiounen an Iddien ze berécksiichtegen. Ënnerstëtzt vun de Kënschtler wäerten si Graffiti-Konschtwierker hierstellen, déi dono um Schumannseck op enger quadratescher Struktur als Ureiz zur Reflexioun an Inspiratioun installéiert ginn. Weider Graffiti-Elementer ginn niewen den Denkmaler an de Gemenge vum Naturpark Uewersauer ubruecht.

“Land of Memory” vereent 15 Partenairen aus der Groussregioun, dorënner den Naturpark Öewersauer, fir déi gedenktouristescht Offer an der Regioun zum Éischten an Zweete Weltkrich ze fërderen. De Projet gëtt duerch de regionalen Entwécklungsprogramm vun der Europäeschen Unioun INTERRREG V A Groussregioun kofinanzéiert.

Et waren iwwregens d’ Lëtzebuerger Kënschtler Raphael Gindt an Daniel Mac Lloyd, déi de “Kamellebuttek – urban art gallery” gegrënnt hunn. D’Plaz déngt gläichzäiteg als Konschtatelier, Ausstellungsraum, Lager, Bürosraim fir Kënschtler a kleng Entreprisen am kulturelle Beräich.

De „Jugendbureau Éislek” vertrëtt d’Interesse vu jonke Mënschen. Hiert Zil ass et, de Jugendlechen ze hëllefen, hier Roll als Matbierger vun der Gesellschaft ze verstoen an ze liewen, souwéi d’Gemengen am Prozess vun der Jugendbedeelegung ze beroden an ze ënnerstëtzen.

Obligatoresch Umeldung bis den8. September 2020 ënnert der Telefonsnummer +352 621 781 057 oder via Email nadine.lepage@cooperations.lu

Opmaacherbild: © Maxime Bhm / Unsplash

Ähnlech Sujeten Ausstellung, Daniel Mac Lloyd, Graffiti, Interreg Projet, Kamellebuttek, Konscht, Krich a Fridden, Land Of Memory, Naturpark Öewersauer, Raphael Gindt, Schumannseck, Workshop, Zweete Weltkrich
Nächsten Artikel Virrechten Artikel