Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Sudanese fuerderen eng Zivilregierung
International Neiegkeeten

signs of dating a con man

D‘Sudanese waren es dem Omar al-Bashir midd an hu méintelaang

dating sites asking for itunes card
International Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du déi al Eisebunnsstrecke vu Lëtzebuerg?

Den Zuch huet eng fest Plaz zu Lëtzebuerg. Net nëmmen

Editorial: Schlecht Zäite fir de Journalismus?
International Neiegkeeten

Editorial: Schlecht Zäite fir de Journalismus?

E Méindeg huet déi franséisch Justiz geuerteelt, datt d‘Beschlagnamung vun

Australesche Kardinol wéinst Kannermëssbrauch veruerteelt

Australesche Kardinol wéinst Kannermëssbrauch veruerteelt

Knapps dat zu Roum am Vatikan déi grouss „Mëssbrauchskonferenz“ op en Enn gaangen ass, huet e Geriicht an Australien de Kardinol Pell, wéinst sexuellem Iwwergrëff op zwee Bouwe veruerteelt. Hien ass elo dee ranghéchste Kierchemann dee wéinst Kannermëssbrauch veruerteelt ginn ass.

Den australesche Kardinol a Vatikan-Finanzchef, George Pell (77), ass vum Geriicht zu Melbourne, dem Mëssbrauch un zwee Bouwen aus dem Chouer vun der Saint Patrick‘s Kathedral, am Alter vun 12 an 13 Joer schëlleg geschwat ginn. D‘Fäll hu sech an den 90er Joren zougedroen. Interessant am Fall vum pedophille Kierchemann, d‘Uerteel war schonn den 11. Dezember geschwat ginn.

E Virfall, deen awer zanterhier ënner Verschloss gehale ginn ass, wat duerchaus d‘Spekulatioun zouléisst, datt déi kathoulesch Kierch nach ëmmer räichlech Afloss op Justiz a Politik huet. Dat géif zudeem erklären, firwat bis ewell nach kee Strofmooss festgeluecht ginn ass. Dem Kardinol säin Affekot huet zumindest annoncéiert, datt säi Client onbeuecht dem Strofmooss an Appell geet.

Eng Hexejuegd?

De Kardinol hat géint déi am Mee 2018 erhuewe Virwërf protestéiert an dementéiert. Virun enger australescher Mëssbrauchskommissioun, hat de Kierchemann just Feeler am Ëmgang mat de Virwërf géint Paschtéier – an de 70er Joren – ageraumt. „Feeler“ nennt de George Pell de sexuelle Mëssbrauch vu Kanner, an mécht ganz den Androck sech kenger Schold bewosst ze sinn…

Tatsaach awer ass, datt déi kathoulesch Kierch an Australien, dausende Mëssbrauchsaffer eng Entschiedegung zougestanen huet. Laut den offiziellen Zuelen, sinn esou eppes iwwer 276 Milliounen Euro ausbezuelt ginn. Dëse sougenannten „Ausgläichs“ huet virun allem zum Zweck, d‘Affer vu weidere Schrëtt ofzehalen, an d‘Verträg enthale Confidentialitéitsklauselen.

Beklot gouf de Kierchemann vun zwee Männer. Si behaapten datt de Kardinol si Enn de 70er Jore mëssbraucht huet. Him gëtt zudeem de Virworf gemaach, sech an den 80er potzpuddelnakeg dräi Bouwe gewisen ze hunn. Vum Kardinol sinn d‘Faiten ëmmer dementéiert ginn. An engem Buch dat rezent erschéngen ass, ginn allerdéngs nach weider „Virfäll“ an Dote vum Kardinol genannt.

Kardinol

ISBN: 9780522874600 / 277 Säiten / Publizéiert: September 2018

mat indymedia/mel/syd

Foto: De Kardinol George Pell, beim verloosse vum Geriicht zu Melbourne. De Riichter, Peter Kidd, huet matgedeelt, datt hien d‘Verhaftung vum Kardinol gefrot huet, an datt d‘Strofmooss bei der Sëtzung vun e Mëttwoch geschwat gëtt. © Justin McManus

Ähnlech Sujeten Kannermëssbrauch, Kardinol George Pell, kathoulesch Kierch, Pedophilie, Vatikan
Nächsten Artikel Virrechten Artikel