Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Zero Waste Workshop: et lieft sech dach besser ouni Dreck!
International Neiegkeeten

https://moien.lu/dating-website-after-50/

Wéineger ass méi – eng Philosophie, déi gëschter beim Zero

fortnite matchmaking service restarting
International Neiegkeeten

What the Fakt – Gedenken un iwwer 68 Millioune Flüchtlingen

Säit dem Joer 2001 gëtt all Joer um 20. Juni

dislike
Europa mécht Fortschrëtter, mee d’Frae verdéngen ëmmer nach manner wéi Männer
International Neiegkeeten

Europa mécht Fortschrëtter, mee d’Frae verdéngen ëmmer nach manner wéi Männer

Vir all Euro, deen d’Männer verdéngen, verdéngen d’Fraen nëmmen 84

Elo wëll och Australien seng Ambassade op Jerusalem verleeën

Elo wëll och Australien seng Ambassade op Jerusalem verleeën

Et ass de Premierminister Scott Morrison, deen um Dënschdeg annoncéiert huet, datt och Australien doriwwer nodenkt, seng Ambassade op Jerusalem ze verleeën. En ähnlechen diplomatesche Geste wéi dee vun den USA am Mee, deen zu gréisseren Onroue gefouert hat.

An dësem Kontext huet de Scott Morrison eng Pressekonferenz ginn, fir ze deklaréieren, datt hien „op ass fir Propositiounen, déi Jerusalem formell als Haaptstad vum Staat Israel unerkennen“, an den Transfert vun der Ambassade op Jerusalem déi logesch Folleg dovunner ass.

Esou eng Entscheedung géif e Broch mat der Politik bedeiten, deen all déi viregt Regierunge vun Australien iwwer Joerzéngten ewech an dësem „Fall“ ugewannt hunn.

Nach gëtt gepréift

„Mir hunn eis fir eng Zweestaateléisung: Israel a Palestina engagéiert, mee ganz éierlech, dat leeft net gutt, et huet kaum Fortschrëtter ginn. Et kann een net einfach esou weidermaachen an drop hoffen, datt sech eppes ännert“, erkläert de Scott Morrison.

Hien huet d‘Virschléi, Jerusalem als Haaptstad unzëerkennen, als „sënnvoll“ an „iwwerzeegend“ bezeechent. Dat géif den Transfert vun der Ambassade justifiéieren, mee zum Ursprong vun dëse Propositioune sot hien näischt. Et ass just gewosst, datt déi australesch Regierung déi elo préift.

Wahlkampf

Dës onerwaarten Annonce kënnt e puer Deeg virun enger partieller Legislativwahl, déi an engem Bezierk vu Sydney stattfënnt, an deem den Undeel vu jiddesche Bierger enorm héich ass.

Hei läit de Kandidat vum Morrison senger liberaler Partei, e fréieren Ambassadeur vun Australien an Israel, an de Sondagen zréck. Dës Walen ze verléieren, géif dozou féieren, dat déi liberal Partei hir Majoritéit, vun nëmmen engem Sëtz, géif verléieren.

D‘Spriecherin vun der Aarbechterpartei (Oppositioun) beschëllegt de Scott Morrison, mat dëser Ukënnegung „zousätzlech Wieler unzéien ze wëllen“.

Hardliner

De Scott Morrison ass de leschte Mount Regierungschef ginn, nodeems déi Konservativ vu der liberaler Partei, de Malcolm Turnbull, e méi moderaten Dirigent vun dëser Formatioun, ofgesat hunn. E politesche Changement deen d‘Majoritéit kann a Fro stellen.

Et muss drun erënnert ginn, datt wéi den Donald Trump eesäiteg entscheet hat, d‘US-Ambassade op Jerusalem ze transferéieren, d‘Regierung vum Malcolm Turnbull, sech vun der amerikanescher Entscheedung distanzéiert hat. Si waren der Meenung, datt et dem Friddensprozess net hëlleft.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Ambassade, Australien, Jerusalem, Scott Morrison, Zweestaateléisung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel