Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

corona.letzshop.lu: Déi nei Online-Verkafsplattform fir vulnerabel Persounen
International Neiegkeeten

corona.letzshop.lu: Déi nei Online-Verkafsplattform fir vulnerabel Persounen

Um haitegen Dag lancéieren de Minister fir Mëttelstand Lex Delles

Coronavirus elo och zu Lëtzebuerg: „Et ass ee ganz normalen Zeenario“
International Neiegkeeten

Coronavirus elo och zu Lëtzebuerg: „Et ass ee ganz normalen Zeenario“

Um Samschdeg Owend huet d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert matgedeelt, datt mir

Als Client vun der POST dierfs de net presséiert sinn (e Kommentar)
International Neiegkeeten

Als Client vun der POST dierfs de net presséiert sinn (e Kommentar)

Eng Cliente vun der POST (telecom) hat Enn Mäerz mëttels

Australesch Bëschbränn: Hëllef fir Koala a Co.

Australesch Bëschbränn: Hëllef fir Koala a Co.

D’Flame schéngen ee ganze Kontinent ageholl ze hunn: Déi australesch Bëschbränn iwwerschreide Rekorddimensiounen a fuerderen hir Affer. Déi australesch Ëmweltministesch Sussan Ley schätzt, datt eleng 30% vun de Koalae bei dëser schrecklecher Tragödie verbrannt sinn. Nieft dem Asaz vun dausende Pompjeeën an dem Ausdrock vun déifstem Matgefill aus der ganzer Welt ass et ënnert anerem d’Ekipp vum Bindi Irwin, Meedche vum Steve Irwin, déi sech mat Häerzblutt am Australia Zoo Wildlife Hospital ëm blesséiert Déiere këmmert.

Am Interview mat The Guardian huet d’Sussan Ley kloer gestalt, datt all eenzelt liewegt Déier zielt. Scho virun den uerge Bëschbränn (1990-2019) ass d’Populatioun u Koalaen zu New South Wales (NSW) a Queensland lues an heemlech ëm 42% zeréckgaangen. Schold heiru wieren, sou den James Tremain, Spriecher fir den NSW Nature Conservation Council, d’Zerstéierung vu Liewensraum duerch Ofholzung, Landwirtschaft an de Klimawandel.

Mam extreme Feier, wat sech iwwert Milliounen Hektar duerch d’Land zitt, ass d’Populatioun vum australesche Symboldéier weider zeréck gaangen. Experte fäerten, datt eng hallef Milliard Déiere mam Manktem un Iessen an dem Verloscht vum Liewensraum kämpfe muss.

Koala

© Brad Fleet

Extrem Dréchenten, Rekordhëtzten a Brandstëftung hu mat der Flora a Fauna vun engem ganze Kontinent een trauregt Affer fonnt. Biller vu verbrannten Déieren, zerstéierte Landschaften a Liewewiesen op der Flucht ginn ëm d’Welt an dinn och dausende Kilometer wäit ewech vun der schrecklecher Katastroph immens wéi.

Eleng um Samschdeg waren iwwer 3.600 Pompjeeën zu New South Whales am Asaz an hunn dobäi hiert eegent Liewe riskéiert. Bis ewell sinn 23 Persounen am Feier ëmkomm, iwwer 1.200 Wunnhaiser goufen zerstéiert an Temperature bis zu 48,9°C suergen net grad fir Optimismus.

Koala

Am Australia Zoo Wildlife Hospital këmmert sech d’Ekipp ronderëm d’Bindi Irwin, Meedche vum Steve Irwin, ëm blesséiert Déieren. Foto: Bindi Irwin

Zesummenhalt a schwéiere Situatiounen

Et sinn déi Milliarde Mënsche weltwäit, déi duerch d’Ausrécke vu Matgefill an Donen ee klenge Fonken un Enthusiasmus zouloossen. Och d’Bindi Irwin, Meedche vum australeschen Dokumentarfilmer Steve Irwin, bekannt ënnert dem Numm Crocodile Hunter, huet sech op de soziale Medie geäussert: „Eis Häerzer si gebrach fir d’Leit an d’Déierewelt, déi esou vill verluer hunn an de momentanen australesche Bëschbränn.“ Datt d’Feier nach ee Stéck ewech ass vum Wildlife Hospital notzt d’Ekipp ronderëm déi engagéiert Fra, fir sech ëm esou vill blesséiert Déiere wéi méiglech ze këmmeren.

Koala

D’Blossom huet et leider net gepackt. Foto: Bindi Irwin

Wéi säi Brudder, de Robert Irwin op Instagram matgedeelt huet, hätt een mam Ollie, engem verletzte Schnabeldéier de Patient Nummer 90.000 am Zentrum erfollegräich behandelt a versuergt. Dobäi kommen allerdéngs och vill traureg Fäll, wéi dee vum Blossom, engem australeschen Opossum, dat et trotz intensiver Fleeg net gepackt huet. „All Dag ass ee Kampf fir do ze stoen a fir déi ze schwätzen, déi et selwer net kënnen“, sou dat 21 Joer jonkt Bindi.

Ähnlech Sujeten Australia Zoo Wildlife Hospital, Australien, Bëschbränn, Bindi Irwin, Dréchent, Feier, Hëtztwell, Känguru, Koala, Steve Irwin, Sussan Ley, Temperaturrekord
Nächsten Artikel Virrechten Artikel