Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Exzellent Lëtzebuerger Leeschtung op der Weltmeeschterschaft am Ballonsport!
International Neiegkeeten

Exzellent Lëtzebuerger Leeschtung op der Weltmeeschterschaft am Ballonsport!

Dëse Samschdeg ass déi 23st Weltmeeschterschaft vun den Waarmloft Ballonen

Wiem d‘Natur wichteg ass, ka bei dëser grousser Botzaktioun zu Kockelscheier matmaachen!
International Neiegkeeten

Wiem d‘Natur wichteg ass, ka bei dëser grousser Botzaktioun zu Kockelscheier matmaachen!

D‘Asbl Sea Shepherd Lëtzebuerg, organiséiert dëse Samschdeg 14. Abrëll nees

Hong Kong: Opruff zum „Marsch vun de Milliounen“
International Neiegkeeten

Hong Kong: Opruff zum „Marsch vun de Milliounen“

Aktivisten a Politiker hunn um Sonndegmueren zu neie Masseprotester opgeruff.

Australien: op der Flucht virun de Buschbränn

Australien: op der Flucht virun de Buschbränn

Iwwer 80 groussflächeg Buschbränn setzen der Bevëlkerung zou, dausende Mënschen hunn schonn d‘Flucht ergraff. Aktuell ass de Bundesstaat Victoria zolidd bedreet. Hei ginn Temperaturen iwwer 40°C, Onwieder a staarke Wand erwaart, an d‘Leit goufen opgeruff sech a Sécherheet ze bréngen.

D‘Autoritéite sinn däitlech wéi seelen: 30.000 Touristen an Awunner ginn ugehale grouss Deeler vum Bundesstaat Victoria ze evakuéieren. De Katastropheschutz huet matgedeelt, datt duerch déi héich Temperaturen a staarke Wand d‘Brandgefor imminent ass. Onwieder, déi erwaart ginn, droen net derzou bäi d‘Risiken ze begrenzen, am Géigendeel. 7 vun den 9 Bezierker sollen evakuéieren.

Buschbränn

Fir de Chef vum Katastropheschutz, Andrew Crisp, gëtt den haidege Méindeg zur Erausfuerderung fir d‘Rettungsdéngschter an Communautéit. De „Princes Highway“ – eng vun de wichtegste Verkéiersoderen an der Regioun wier direkt bedreet. Awunner an Touristen déi sech ëstlech vun der Stad Bairnsdale ophalen, waren opgefuerdert ginn d‘Géigend bis zum Moien ze raumen…

Keen Neijoerschdag ouni Freedefeier

Während aus verständleche Sécherheetsgrënn den alljäerleche Museksfestival un der „Great Ocean Road“ huet missen ofgesot ginn, huet och dee scho staark betraffene Bundesstaat New South Wales nei Warnungen ausgeschwat. Alle widdregen Ëmstänn zum Trotz, wëll awer Sydney (d‘Haaptstad vum Bundesstaat New South Wales) net op säi Freedefeier zum Joreswiessel verzichten.

Buschbränn

Hei huet sech Stadverwaltung iwwert eng Petitioun mat 260.000 Ënnerschrëften ewech gesat. An dëser Petitioun war och gefuerdert ginn, datt d‘Sue fir d‘Freedefeier de Pompjeeë sollten zerguttst kommen an zur Bekämpfung vun de Bränn missten agesat ginn. Liicht ënner Drock geroden, huet d‘Regierung versprach sech fir déi fräiwëlleg Pompjeeën anzesetzen an ze entschiedegen.

De Premier Scott Morrison, deen déi saisonal bedéngt Buschbränn fir ee ganz natierleche Virgank hält an net erfreet ass, datt hien huet missen seng Vakanz op Hawaii ofbriechen, huet de Pompjeeën, déi méi wéi 10 Deeg am Asaz waren, eng Opwandsentschiedegung an Héicht vu 6.000 AU$ (ronn 4.200 Euro) versprach. Bis ewell hunn sinn a 5 Bundesstaaten 4 Milliounen Hektar Land verbrannt.

mat indymedia/syd

Foto: © Forest Fire Management Victoria

Ähnlech Sujeten Autralien, Buschbränn, Freedefeier, Klimawandel, New South Wales, Sydney, Victoria
Nächsten Artikel Virrechten Artikel