Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

USA: Bundesstaat Alabama verbitt de Schwangerschaftsofbroch
International Neiegkeeten Stories

USA: Bundesstaat Alabama verbitt de Schwangerschaftsofbroch

De Senat vum US-Bundesstaat Alabama huet gëschter dat schäerfsten Ofdreiwungsgesetz

De Wirtschaftsministère kritt e neie Mataarbechter fir de Spacemining Projet
International Neiegkeeten Stories

De Wirtschaftsministère kritt e neie Mataarbechter fir de Spacemining Projet

Am Kader vum „Spacemining-Projet“ mécht de Wirtschaftsministère grouss Efforte fir

Konfliktsituatioun am persesche Golf
International Neiegkeeten Stories

Konfliktsituatioun am persesche Golf

Zanter datt sech den Dissens tëscht den USA an dem

Australien: Wa Relioun d‘Politik bestëmmt

„Down Under“ a ee Premierminister an ekstatescher Verzéckung

Australien: Wa Relioun d‘Politik bestëmmt

Déi australesch Päischt-Beweegung (Pentecostal Megachurches) ass ferm dovunner iwwerzeegt, datt d‘Apokalyps un eis Diere klappt. A jo, nëmmen si kënne gerett ginn. Interessante „Fun-Fakt“: een ënnert den Auserwielten ass keen aneren, wéi den australesche Premierminister Scott Morrison.

An de Scott Morrison gëtt vun dëser „Ultrareliéiser Gemeng“ als Messias gewierdegt. D‘lescht Joer iwwerraschend erëmgewielt, ass hien ee ganz aktive Member vun der Fräi-Kierch a biet, wéi et sech fir ee gleewege Mënsch gehéiert, all Sonndeg. A sengem Fall geschitt dat an engem Tempel vun der Päischt-Beweegung zu Sydney. Hei ass de Paschtouer iwwerzeegt, datt de Premierminister a sengem Amt vu Gott perséinlech bestätegt ginn ass. Gottesfierchteg Mënsche gleewen dorunner, datt dës Wahlen ee gëttlecht Wonner waren.

Ee „Wonner“ an engem Land wou een traditionell éischt vu Gott ofgewannt ass. Esou sinn d‘Leit an Australien, anescht wéi een dat aus Amerika kennt, iwwerhaapt net reliéis. An esou ass et villen Australier eppes verdächteg, datt dee Mann, deen d‘Geschécker zum Wuel vum Land ze leeden huet, Member an enger reliéiser Sekt ass, déi eng apokalyptesch Weltusiicht huet. An dat léisst sech liicht novollzéien, wann ee sech der Päischt-Beweegung eppes méi zouwennt.

Si, also d‘Gemeinschaft vum „Pentecostal Mouvement“, gleewen dorunner, datt d‘Welt a Kierzt ee gewaltsamt Enn huele wäert an all déi Gleeweg an d‘Paradäis anzéien. Also net wierklech all déi wou u „Gott“ gleewen, nëmmen déi wou sech hinnen, mat Haut, Hoer an Häerz ugeschloss hunn, dierfen op den Antrëtt an d‘Paradäis hoffen. Fir all déi aner – jo dat ass keng schéin Aussicht op d‘Zukunft – gëtt et nëmmen nach eng Richtung an déi féiert um direkte Wee an d‘Hell. Gutt datt wäert wuel eppes anescht ausgoen, mee mir sinn elo gewarnt…

Soll dach jidderee Gleewe wat hie wëll

Eigentlech kéint et engem jo egal sinn, wéi den australesche Premierminister reliéis opgestallt ass, esou wéi sech bis ewell kaum ee Mënsch Kappzerbrieches iwwert déi sougenannt Päischt-Beweegung gemaach huet. An iwwerhaapt: an Australien herrscht Reliounsfräiheet, et dierf also jidderee gleewe wat hie wëll. Woubäi dat am Fall vum Scott Morrison schon dierf eng aner Gewiichtung hunn. Hien dirigéiert ee Land datt sech grad ganz zolidd an eeschthaft mam ganz reelle Klimawandel beschäftege muss.

A do fänken d‘Suerge vun den Australier un: Wat wier wann de Scott Morrison tatsächlech un de Weltënnergank gleeft an de Kampf géint de Klimawandel als Zäitverschwendung géif betruechten? Eng gewësse fatalistesch Endzäitastellung, esou wéi se him vu senger Kritiker während de gewaltege Buschbränn virgeworf ginn ass, mécht villen Australier och a gewësser Mooss Angscht. Hie stäipt sech elo, nodeems d‘Bränn geläscht sinn, géint inzisiv Klimaschutzmoossnamen.

Woubäi de Scott Morrison an senger Partei och eng staark Fraktioun vu Klimaleugner huet, déi natierlech hirersäits och den Drock op de Premierminister héich halen. Bis op seng ëmstridde reliéis „Astellung“ gëllt de Scott Morrison als Pragmatiker, wat éischter als Virdeel an de Politik gesi gëtt. Mee hien huet sech dem Dogma vu senger Kierch verschriwwen an ass onbestridde konservativ.

Ofdreiwung, gläichgeschlechtlecht Bestietnes, Matleed fir ënnerprivilegiéiert Mënschen, Empathie fir Flüchtlingen… dat an nach vill méi, gehéiert net zu sengem Weltbild. Fir hie gëllt nëmmen eng Maxim an déi ass prägend: de materiellen Erfolleg ass de Schlëssel zum Paradäis. Hie gesäit sech als ee vun de wéinegen „Auserwielten“ an huet selwer an aller Ëffentlechkeet behaapt: „Wëll Wonner gëtt et, dovunner sinn ech als Chrëscht iwwerzeegt“. Gutt dat muss net zwangsméisseg eppes bedeiten, a u Wonner gleewe schued kengem, mee bei engem Premierminister…

Foto: © Office of the Prime Minister

Vum Ayra Sleeves/IM-Sydndey, aus dem engleschen Iwwersat vum Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten Apokalyps, Australien, Klimawandel, Päischt-Beweegung, Pandemie, Pentecostal Mouvement, Politik, Relioun, Scott Morrison
Nächsten Artikel Virrechten Artikel