Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Alkohol geschwënn eréischt ab 18 Joer?
Neiegkeeten

Alkohol geschwënn eréischt ab 18 Joer?

Den Accord ass do: Hannert dem Numm PALMA verstoppt sech elo

Benelux: Lëtzebuerg wëll mat der Presidence positiv Akzenter setzen
Neiegkeeten

Benelux: Lëtzebuerg wëll mat der Presidence positiv Akzenter setzen

E Mëttwoch huet Lëtzebuerg offiziell d‘Presidence vum Benelux iwwerholl, an

Lëtzebuerger Covid19-Teststatiounen am Stress
Neiegkeeten

Lëtzebuerger Covid19-Teststatiounen am Stress

Zanter enger Woch ass d‘Opreegung an de sozialen Netzwierker grouss,

Australien: IS revendiquéiert Geiselnam

Täter gouf vun der Police erschoss

Australien: IS revendiquéiert Geiselnam

De Grupp „islamesche Staat“ huet fir sech d’Geiselnam vu Melbourne um Méindeg revendiquéiert. „Den Auteur vun der Attack zu Melbourne an Australien ass een Zaldot vum islamesche Staat, deen déi Operatioun duerchgefouert huet als Äntwert op den Appell, d’Bierger vun de Memberlänner vun der internationaler Koalitioun a Syrien als Zil ze huelen“, bestätegt hat d’Propaganda Agence vum IS „Amaq“.

Eng Revendicatioun déi op den Dësch geluecht gëtt während d’Antiterroreenheet vun der australescher Police nach ëmmer mat der Enquête iwwert de Geiselnehmer beschäftegt ass. Dësen hat eng Fra an engem Appartement an der Virstad vu Melbourne sequestréiert, iert hie vun der Police erschoss gouf.

„Terroristesch Dot“ nëmmen eng Hypothes

Eise Kommando vun der Antiterroreenheet schafft mat den Enquêteure vun der Brigade Kriminelle zesummen“, huet um Méindeg den Andrew Crisp, Kommissär-Adjoint vun der Police matgedeelt. Hie preziséiert allerdéngs, datt d’Hypothees vun der „terroristescher Dot“ nëmmen eng vun de Méiglechkeeten ass déi bei der Enquête berécksiichtegt ginn.

Den Täter war vun der Police erschoss ginn, wéi hie beim Verloosse vum Appartement op d’Beamte geschoss huet. D’Geisel ass onverletzt bliwwe mee dräi Poliziste si bei der Aktioun blesséiert ginn. D’Police war intervenéiert nodeems si wéinst enger Explosioun op d’Plaz geruff gi waren. Am Agang vum Gebai haten sinn dann och ee Mann opfonnt, dee sichtlech erschoss gi war. Seng Identitéit war och en Dënschdeg nach net bekannt.

Déi australesch Autoritéite fäerte weider dschihadistesch Ugrëff no de véier Uschléi, wourënner de Muerd un engem Polizist zu Sydney vun engem 15-Jäeregen, déi d’Land an de leschte véier Joer getraff hunn. Bis haut sollen zwielef Attacken ofgewiert an 61 Leit juristesch zur Verantwortung gezu gi sinn, säit de Niveau vun der Alerte am September 2014 erhéicht gi war.

mat AFP

Foto: Ee bewaffente Polizist séchert d’Plaz vum Crime am Viruert vu Melbourne (Mal Fairclough/AFP)

Ähnlech Sujeten Australien, IS, Melbourne, Terrorismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel