Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Wéinst der Dréchent klammen d‘Präisser fir Weess a Fruucht
International Neiegkeeten

Wéinst der Dréchent klammen d‘Präisser fir Weess a Fruucht

D‘Hëtztwell an déi domatter verbonnen Dréchent wierkt sech op d‘Präisser

EU fënnt „Kompromëss“ bei Schutzmoossname fir Whistleblower
International Neiegkeeten

EU fënnt „Kompromëss“ bei Schutzmoossname fir Whistleblower

Wie Verstéiss an/oder Verbrieche vun enger Administratioun, oder enger Entreprise

Lëtzebuergesch Sprooch ass bei wäitem net ausgestuerwen
International Neiegkeeten

Lëtzebuergesch Sprooch ass bei wäitem net ausgestuerwen

Leschten Dënschden goufen an der Stad insgesamt 571 Diplomer un

De Briten hiren Austrëtt geet an d‘Verlängerung

EU-Rotspresident stellt Konditiounen

De Briten hiren Austrëtt geet an d‘Verlängerung

D‘Theresa May huet am House of Commons d‘Parlamentarier opgeruff dach elo endlech hiert Austrëttsofkommes unzehuelen. Géintiwwer hire Landsleit huet déi britesch Premierministesch d‘Verlängerung bedauert, en zweete Referendum allerdéngs ausgeschloss.

Virum EU-Sommet deen haut a muer stattfënnt, huet sech d‘Theresa May un d‘Brite gewannt, fir ze bedaueren datt de Brexit elo net wéi geplangt den 29. Mäerz ka vollzu ginn. Vun hirem Amtssëtz op 10 Downing Street aus, huet d‘Premierministesch den Deputéierten d‘Schold zougewisen, datt elo eng „Verlängerung“ op den 30. Juni misst ugefrot ginn.

Dobäi hat d‘Theresa May virun hirem Discours, nach eng Entrevue mat de politesche Leader aus dem Parlament organiséiert. Eng Entrevue déi net de gewënschten Ausgang geholl huet. Well dem Labour-Chef Jeremy Corbyn net gefall huet, datt och de Spriecher vun der neier onofhängeger Grupp am Parlament uwiesend war, koum et zum Eclat.

An hirer Usproch un d‘Natioun, huet d‘Premierministesch däitlech gemaach, datt sech Briten net un der EU-Wahl bedeelegen, an et och net zu engem zweete Referendum komme wäert. Wéi et awer elo soll weidergoen, wéi eng konkret Schrëtt d‘Regierung ënnerhuele wëll fir d‘Scheedung nach an enger geuerdenter Formatioun iwwert d‘Bühn ze kréien, sot si net.

Bréissel genervt

Groussbritannien huet laang den Toun uginn, d‘EU hiert méiglecht gemaach et hinnen esou bequem wei iergend méiglech ze gestalten. D‘Resultat ka fir béid Säiten net zefriddestellend sinn, woubäi et nach ëmmer Fakt ass, datt d‘Briten d‘Scheedung ugefrot hunn. Déi elo virleiend „Verlängerung“ arrangéiert Bréissel dann och séier wéineg.

Fir den EU-Rotspresident, Donald Tusk, kann et zu enger Verlängerung grondsätzlech nëmmen da kommen, wann dat britescht Parlament deen am November ausgehandelten Accord unhëlt. Beim Sommet vun haut, muss zudeem nach driwwer diskutéiert ginn, op dee vum Theresa May proposéierten Termin vum 30. Juni iwwerhaapt méiglech ass.

Do gëtt et engersäits politesch „Problemer“, mee virun allem rechtlech bereet d‘Verlängerung der EU-Kommissioun Kappzerbrieches. Déi gesäit beschtefalls zwou Optiounen: eng kuerz technesch Verlängerung zum 23. Mee ouni Bedeelegung un der EU-Wahl, oder eng laang Verlängerung bis mindestens Enn 2019 (ausser et géif eng Léisung fonnt ginn).

Keng britesch Zoustänn um Kontinent

Am Statement vun der EU-Kommissioun heescht et: „All aner Optioun, wéi d‘Verlängerung zum 30. Juni géif rechtlech a politesch Risike fir d‘Unioun bedeiten an eng Rei Onsécherheeten aus dem vereente Kinnekräich an d‘EU importéieren“. Dorunner léisst sech festmaachen, wéi komplex a gläichzäiteg verwurrelt d‘Situatioun ass.

Austrëtt

Mee och an de Memberlänner ass ee net amuséiert iwwert de Beholl vun de Briten an d‘Skepsis ass entspriechend grouss. Wann déi meescht Regierungscheffen der britescher Premierministesch hir Beméiunge respektéieren, esou hätten se gäre Kloerheet doriwwer, wouhinner dës Rees soll féieren. Eng Verlängerung wier nëmme méiglech wann et gudde Grond gëtt.

Eis franséisch Noperen si beispillsweis net gewëllt enger Verlängerung zouzestëmmen, wann déi britesch Regierung net Amstand sollt sinn, eng kredibel Strategie virzeleeën. Si kënnen sech wuel eng Verschibung „ëm Wochen“ virstellen, mee dat ënnert 3 Konditiounen: 1) Ratifizéierung vum Austrëttsofkommes; 2) keng Noverhandlungen; 3) keng Bedeelegung un der EU-Wahl.

mat indymedia/lon/bru/par

Foto: Bei hirer Usproch un d‘Natioun huet déi britesch Premierministesch, Theresa May, dem Parlament de schwaarze Péiter zougeschanzt. Dat hir chaotesch politesch Féierung och um Chaos schold huet, war net ersiichtlech. © pnR24

Ähnlech Sujeten Brexit, Donald Tusk, Europawahlen 2019, Theresa May, Verlängerung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel