Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bréissel verhänkt Sanktioune géint Internet-Piraten
International Neiegkeeten

Bréissel verhänkt Sanktioune géint Internet-Piraten

Et ass fir d‘éischt an der Geschicht vun der EU-Kommissioun,

Ee Fräihandelsofkommes zu Chrëschtdag.
International Neiegkeeten

Ee Fräihandelsofkommes zu Chrëschtdag.

Wat hat sech den Donald Trump net iwwert d‘Fräihandelsofkommes NAFTA,

partage.lu: Matmaachen – Zukunft schafen!
International Neiegkeeten

partage.lu: Matmaachen – Zukunft schafen!

2019 luet partage.lu Iech an, aktiv d’Zukunft matzegestalten andeem Dir

Eng besonnesch Auszeechnung vu London fir d’Tessy de Nassau

Eng besonnesch Auszeechnung vu London fir d’Tessy de Nassau

D’Tessy de Nassau krut e Freideg de „Freedom of the City of London Award“ vun der britescher Haaptstad iwwerreecht. Déi offiziell Zeremonie huet – Pandemie bedingt – digital stattfonnt. Heibäi huet d’Tessy der Queen Elizabeth II d’Treiedeklaratioun virgeliesen, an där ënnert anerem den Eed ofgeluecht ginn ass dem Londoner Buergermeechter géigeniwwer loyal ze bleiwen an d’Stad ze schützen.

D’Auszeechnung, déi zënter 1237 iwwerreecht gëtt, stellt eng Éier fir all Persoun duer, déi Erfolleg, Unerkennung oder Berühmtheet an hirem Beräich erlieft huet. All Joer kréien ausgewielt Éierebierger den Zertifikat vum sougenannte „Clerk of the Mayor“ – normalerweis bei enger Zeremonie zu Guildhall – iwwerreecht.

Tessy

Tessy Antony De Nassau, Former HRH Princess de Lux / Twitter

Fir d’Tessy war et een opreegenden Moment an eng immens grouss Wierdegung fir de staarken Engagement am Beräich Aarbecht fir Fraen an Educatioun. Dobäi ass si déi éischt Lëtzebuerger Fra, déi dës Auszeechnung erhalen huet.

„Ech sinn offiziell Member vun der Stad London an eng Free Sister a geéiert dem Rang vun all anere veréierten Laureaten aus enger Variatioun u Beräich er soziale Klassen bäizetrieden“, erkläert d’Tessy. An der Vergaangenheet kruten ënnert anerem d’Queen, d’Margaret Thatcher, den Nelson Mandela an de Bill Gates dës Auszeechnung vun der britescher Haaptstad.

Opmaacherbild © Brittani Barger/Royal Central

Ähnlech Sujeten Auszeechnung, Educatioun, Eed, Éierebierger, Fraen, Free Sister, Freedom of the City of London Award, Queen Elizabeth II, Tessy Antony De Nassau, Tessy vun Nassau
Nächsten Artikel Virrechten Artikel