Search

You may also like

De Viktor Orban an d‘Justiz
Neiegkeeten

De Viktor Orban an d‘Justiz

Gyöngyöspata ass ee klengt Duerf an Ungarn mat engen 2.500

Milliardär setzt Veto géint Jemen-Resolutioun an
Neiegkeeten

Milliardär setzt Veto géint Jemen-Resolutioun an

Den US-Kongress wollt mat enger Resolutioun dem Donald Trump noleeën,

money
De Xi op Besuch beim Emmanuel
Neiegkeeten

De Xi op Besuch beim Emmanuel

De chinesesche President Xi Jinping ass zu Besuch bei sengem

Autarkia Köln – Eng Foire voller Inspiratioun an Alternativléisungen

Dëst Joer ënnert dem Motto „Nohaltegkeet fir jiddwereen“

Fir eng éischte Kéier duerft déi jeck Stad Köln Deel vun der Green World Tour vun der Autarkia Foire sinn. Mat zuelräiche Stänn a Virträg krut de Visiteur hei d’Méiglechkeet, sech an d’Thema Nohaltegkeet eranzefannen, Alternativen am Alldag ze sichen, spezifesch Produiten ze fannen oder sech och aktiv anzebréngen.

Mat iwwer 1000 Produiten a 40 Virträg, déi sech iwwert de ganze Weekend verdeelt hunn, huet ee sech beim Outdoor-Evenement am Kölner Jugendpark op déi ganz Bandbreet u Beräicher bezunn: Technologie a Wëssenschaft, Lifestyle a Konsum, Studium a Karriär, Banken a Versécherungen. Ma, wann d’Autarkia och elo fir verschidde Persounen als „Hippie-Foire“ oder „Paradäis fir déi Gréng“ eriwwerkënnt, esou ass ee sécher net méi domm Heem gaangen. Et muss een net vun allem iwwerzeegt sinn, mee och kleng Ännerungen kënnen den Alldag scho verbesseren.

Autarkia

D’Autarkia am Kölner Jugendpark © Shari Pleimelding/moien.lu

E Kleederschaf fir eng ganz Stad

Ob engem Stand hu mir beispillsweis d’Kleiderei kennegeléiert. Bei dësem Konzept seet een nee zur Fast Fashion a Feelgrëffer. Wie Member ass ka sech nämlech aus engem gemeinsamen Kleederschaf 4 Stécker mat Heem huelen, déi eng Zäit undoen an zeréckbréngen, wann ee Loscht op eppes Neies huet. Soumat soll et net méi zu iwwerfëllte Kleederschief doheem kommen, mat Stécker, déi ee souwisou rare oder och guer net undeet.

Autarkia

Kleiderei Köln © Shari Pleimelding/moien.lu

Begeeschtert ware mir och vum sougenannten Een-Dollar-Brëll, bei deem d’Hëllef fir ze kucken tatsächlech bei engem Materialwäert vu just engem Dollar läit. Iwwer 150 Millioune Mënschen brauchen nämlech e Brëll, kënnen e sech awer net leeschten. Mat dësem Projet gëtt net nëmmen Persounen an Drëttweltlänner eng Hëllef am Alldag gebueden. D’Brëller ginn nämlech op der Plaz hiergestallt. D’Leit gi forméiert, kréien Aarbecht an ee reegelméissegt Akommes, mat deem si hir Famill erniere kënnen – E Gewënn fir zwou Säiten.

De gerénge Materialwäert kënnt iwwregens doduerch zustanen, wëll d’Glieser just an enger Gréisst hiergestallt ginn. D’Gestell gëtt op der Plaz aus drot geformt, d’Glieser mat der jeeweileger Stäerkt ageklipst an dat war et schonn.

Autarkia

Den Een-Dollar-Brëll © Shari Pleimelding/moien.lu

Bleiwe mir bei den Aen. D’Christoffel Blindenmission (CBM) huet op der Autarkia de Visiteuren d’Méiglechkeet gebueden, sech an d’Welt vu Persoune mat groem Star eranzefillen. Nodeems et eng Rei Instruktioune goufen, goung et och schonn, equipéiert mat engem spezielle Brëll an engem Blannebengel, duerch de Parcours. Verschidden Ënnergrënn, Träppleken an Hindernisser hunn et engem dobäi net einfach gemaach, sech bal blann fortzebeweegen. Wat de Visiteur just fir wéineg Minutten erlieft huet, ass allerdéngs fir dausende Mënschen déi alldeeglech Realitéit, bei där si net emol esou einfach de Brëll kënnen ausdoen.

Déi international Entwécklungsorganisatioun hëlleft dofir Persounen, déi net gutt gesinn oder eng Behënnerung hunn. Gefërdert ginn ënnert anerem d’Schoulbildung fir blann Mënschen oder och Spideeler fir Aen. Mat der Ënnerstëtzung vu CBM ginn zousätzlech och Operatiounen erméiglecht, fir ënnerhalb vun 30 Minutten nees normal ze gesinn.

Autarkia

D’Christoffel Blindenmission © Shari Pleimelding/moien.lu

Komme mir zeréck zur Moud, dann ass d’Mark moyakora eis opgefall. Hir Kierf aus Kork kënnen duerch Moduller no den eegenen Bedierfnisser ugepasst ginn. Déi ronn Form mécht d’Rucksäck zu engem speziellen Higucker, an awer si se aktuell nach ze kleng, fir e Laptop dran ze placéieren. Duerch déi grouss Nofro vun de Clienten sicht een elo no enger Léisung.

Kork als Alldagsproduit? Jo dat geet, an esouguer richteg gutt! D’Material kënnt aus Portugal a fir un de Kork ze kommen muss kee Bam gefält ginn. D’Schuel kann nämlech ganz einfach geschielt ginn a wiisst nees no. Ma, de Kork ass och nach wierderfest, besonnesch resistent a kritt mat der Zäit eng Patina, duerch déi e sech selwer schützt.

Autarkia

moyakora © Shari Pleimelding/moien.lu

Bei beschtem Wierder konnt direkt nieft dem Rhäin en erfollegräiche Weekend am Beräich vun der Nohaltegkeet ofgehale ginn. Organiséiert gouf d’Foire iwwregens vun der Autarkia GmbH aus dem Münsterland, déi sech d’Zil gesat huet, d’Entwécklung zu enger méi nohalteger Gesellschaft ze beschleunegen. Hir Green World Tour zitt sech dobäi duerch Stuttgart, Dortmund, Wien, München, Hamburg, Berlin, Münster, Frankfurt, Düsseldorf a Köln.

Uewen fannt Dir eng Billergalerie zur Autarkia zu Köln © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics Autarkia, Blann, CBM, Christoffel Blindenmission, Een Dollar Brëll, Ein Dollar Brille, Foire, Green World Tour, groe Star, Innovatioun, Inspiratioun, Jugendpark, Kleiderei, Köln, Kork, moyakora, Nohaltegkeet, Parcours, Rhäin, Seefen, Zero Waste
Next post Previous post